Hei kanns du wuessen – Plaz fir staark Kanner

D’Schouloffer weider diversifizéieren, di Jonk op eng digital Welt virbereeden an d’Schüler weider intensiv ënnerstëtzen – dëst sinn déi 3 Prioritéiten, déi de Bildungsminister Claude Meisch op senger traditioneller Pressekonferenz virun der Schoulrentrée virgestallt huet.

„Mir däerfen net ophalen, eis ëmmer nees selwer ze préiwen an ze kucken, ob mir all de Kanner wierklech fair Bildungschance bidden“, esou de Ressortminister Claude Meisch.

Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler

D’Lëtzebuerger Schoul brauch eng breetgefächert Offer déi der Villfalt, den Talenter an den Ambitioune vun de Schüler gerecht gëtt. Dëst Schouljoer kënnt eng nei ëffentlech Europaschoul Miersch bäi. Fir d’Rentrée 2022/23 wäert eng weider ëffentlech Europaschoul an der Stad hir Dieren opmaachen.

An de Lycéeë gëtt vun dëser Rentrée un progressiv dat neit Schoulfach „Digital Sciences“ agefouert, dat d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert vermëttele soll. Mat de Sektioun „N – Entrepreneuriat, Finance et Marketing“ (2022) a „ P-Pédagogie, Psychologie, Sociologie et Philosophie“ (2023) kommen am Secondaire zwou nei Filière bäi.

Summer School a gratis Hausaufgabenhëllef

Den Educatiounsministère leet och weiderhin ee grousse Wäert op d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat Léierretarden. Dofir gouf och dëst Joer nees eng Summerschool organiséiert. Am Kader vu fakultative Coursen, hunn iwwer 7.000 Schüler d’Offer ugeholl fir schoulesch Inhalter ze widderhuelen an sech soumat gutt op d’Schoulrentrée am Hierscht virzebereeden.

Zesumme mat de Schoulpartner, soll iwwer déi nächst Méint och ee landeswäit Konzept fir eng gratis a Hausaufgabenhëllef ausgeschafft ginn. Dës Mesure wäert ee weidert Puzzelstéck gi fir all de Kand am Land fair Bildungschancen z’offréieren.

Eng vun den zentralen Erausfuerderunge vun eisem Schoulsystem bléift d’Integratioun vun deene Schüler, déi frësch an d’Land komm sinn. D’Reform vun de Classes d’Acceuil ass dofir e weidere Schwéierpunkt vum ambitiéise Mesurëpak, deen d’Integratioun vun de Primo-Arrivants sollen an Zukunft verbesseren.

Schoulpflicht bis 18

Fir d’Problematik vum fréizäitege Schoulofbroch unzegoen, soll d’Schoulflicht iwwerdeems vu 16 op 18 Joer an ugehuewe ginn. D’Schüler solle genuch Zäit kréien, sech adequat op d’Beruffswelt virzebereeden. Si sollen och vun alternativen Ausbildungskonzepter a vu psychosozialer Ënnerstëtzung profitéiere kënnen.

“Impfen an Testen, dat ass de Schlëssel fir méi Normalitéit an de Schoulen, an de Betreiungsstrukturen a bei alle Kanner- a Jugendaktivitéiten.” (Claude Meisch)

Eng sécher Rentrée mat faire Bildungschancen.

„Minimal Chance fir de Virus, maximal Chance fir d’Bildung“: Dëst bleift d’Leitmotiv fir dës Rentrée. Am Verglach zu der leschter Rentrée, stinn eis haut zwou nei Méiglechkeeten zur Hand, fir di néideg Sécherheet an de Schoulen ze garantéieren: d’Impfen an d’Testen.

Déi extra grouss Bedeelegung vun de Schüler a vun den Enseignanten un der Impfcampagne, an déi performant Teststrategie erlabe méi labber Mesure fir d’Rentrée. Mat engem adaptéierte Stufeplang soll nees méi Normalitéit an d’Schoulen zeréckkommen.

Déi generell Maskeflicht am Unterrecht konnt ofgeschaaft ginn. D’Schüler an d’Enseignanten dierfen d’Masken elo an hirem Klassesall ausdoen. D’Maske bleiwe just nach am Schoultransport oder bei Deplacementer an de Gebaier obligatoresch.

Méi Sécherheet a Normalitéit fir jiddereen

Méi wéi 90% vun de Schüler hu wärend dem leschte Schouljoer fräiwëlleg vun de Selbsttester Gebrauch gemaach, wouduerch gréisser Infektiounskette konnte verhënnert ginn. Fir d‘Rentrée huet den Educatiounsministère d‘Testkapazitéiten nach eemol verstäerkt, fir och deene Schüler entgéint ze kommen, déi sech den Ament nach net kënnen oder dierfen impfe loossen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...