Helperknapp

Walprogramm #nobeidir

Frank Conrad
Frank CONRAD
President DP Helperknapp
Buergermeeschter

Säit der Fusioun vun de fréiere Gemenge Béiwen un der Atert an Tënten am Joer 2018, ass et dëst Joer fir d’éischt datt mir ënnert dem Proporzsystem wiele ginn. Als DP Helperknapp hu mir gekuckt all aktuell Dossieren z’analyséieren, an och an d’Zukunft ze kucken. An haut si mir sinn immens houfreg iech eise Walprogramm fir d’Joeren 2023- 2029 virzestellen.

Dësen ass esou detailléiert wéi méiglech respektiv néideg, mir sinn eis awer bewosst datt dir, léif Matbierger, bestëmmt nach Froen hudd. Dofir zéckt net iech bei eis ze mellen, siew et op engem vun eise Meet&Greets, oder awer och soss, sou wéi et iech am beschte geet.

D’Zesummeliewen an de Gemenge stäerken  

Famill, Kanner a Jugend  

D’Zukunft gehéiert eiser Jugend. Mir wëllen, datt d’Kanner an déi Jugendlech glécklech a gesond an enger familljefrëndlecher Gemeng grouss ginn. Mir setzen op eng zukunftsorientéiert Politik an triede fir en nohaltegt Stadbild an, datt de Besoine vun de jonke Generatioune gerecht gëtt. Déi wichtegste Viraussetzung dofir sinn ofwiesslungsräich an inklusiv Plaze fir ze spillen, den Ausbau vu sécheren an deels exklusive Fouss- a Vëlosweeër, Fräiraim fir déi Jugendlech an d’Fërderung vun enger differenzéierter Offer am Sport an an der Kultur. Déi aktiv politesch Participatioun vun de Kanner a Jugendleche wäerte mir duerch altersgerecht Formater fërderen. Eng aner Prioritéit vun der DP ass, fir d’Famill, d’Bildung an de Beruff matenaner ze verknäppen.

Kanner spillen

Bildung, Kannerbetreiung a Schoul  

Eng gutt Educatioun ass d’Viraussetzung fir e selbstbestëmmtent Liewen a fir déi gesellschaftlech Inklusioun vun engem Mënsch. Fir d’DP steet dobäi d’Chancëgerechtegkeet am Mëttelpunkt. Mir wëllen all de Schüler optimal Bildungschance bidden, onofhängeg vun hirer Hierkonft. De Schlëssel fir dohinner si villfälteg a gutt equipéiert Schoulen a Betreiungsstrukturen, déi d’Schüler mat hire sëllegen Talenter fërderen, hiert Potential fräisetzen a si op hirem Bildungswee ënnerstëtzen.  

De Wäert vun enger Bildung, déi méiglechst fréi usetzt, ass net z’ënnerschätzen. Dofir ass déi non-formal Educatioun ënnert der Leedung vun der DP substanziell gestäerkt ginn. D’Aféierung vun der gratis Kannerbetreiung vun 20 Stonnen am Kader vun der méisproocheger Fréifërderung, d’gratis Maison-relaise wärend de Schoulwochen an d’gratis Mëttegiessen an de Schoulkantinnen hunn den Accès zu den héichwäertege Bildungs- a Betreiungsofferen erliichtert. Zesumme mat der Aféierung vun der gratis Hausaufgabenhëllef hunn déi Mesuren net nëmmen d’Eltere finanziell entlaascht, ma si hunn och fir eng besser Chancëgläichheet gesuergt.  

Alter a Soziales  

D’Liewenserfarung vun eise Senioren ass eng Beräicherung fir eis Gemeng. D’DP wäert d’Viraussetzunge schafen, fir eisen eelere Matbierger, esou laang ewéi méiglech, en eegestännegt a gutt Liewen doheem z’erlaben.  

Mir wäerten eis dofir fir e staarkt Matenaner vun de Generatiounen asetzen. Mir leeën dobäi extra vill Wäert op seniore-gerecht Infrastrukturen a Fräizäit-Offeren. Grad ewéi op eng grouss Palett u Servicer a Geschäfter no bei de Leit. Et ass och wichteg, fir den eelere Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir u gesellschaftlechen Evenementer deelzehuelen.  

Een attraktiivt Gesellschaftsliewen

D’DP steet fir eng fräi, oppen an tolerant Gesellschaft, déi alle Mënschen d’Méiglechkeet gëtt, fir um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Mir setzen eis géint gesellschaftlech Spaltung a géint Marginaliséierung an – a fir eng geliefte Solidaritéit mat Mënschen, déi manner gutt am Liewen dru sinn. Mir wëllen dat interkulturellt Zesummeliewe fërderen an nei bäigezunne Leit encouragéieren, fir sech aktiv um Liewen an der Gemeng ze bedeelegen. Dofir wäerte mir de Sport, d’Kultur an d’Volontariat weider aktiv ënnerstëtzen.  

Sport a Kultur  

Fussballsterrain Brouch

Villfälteg Sports- a Kulturoffere beliewen d’Gemeng a sinn e feste Bestanddeel vum gesellschaftleche Liewen. D’DP wäert déi Offer – a generell d’Sportsinfrastruktur an d’Fräizäitinstallatiounen zu Gonschte vun all de Bierger – ausbauen.  

Zesummeliewen a Gläichstellung

D’DP setzt sech fir e respektvollt an tolerant Matenaner an a wäert déi gesellschaftlech Participatioun vun alle Bierger fërderen. Mir wäerte weider géint all Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft virgoen an all Zort vun Diskriminéierung bekämpfen. D’Gemenge musse géint esou Tendenze virgoen a Wäerter ewéi Toleranz an Akzeptanz an alle Beräicher fërderen. Och d’Fro vun der Genderneutralitéit a vun Themen, déi sech op LGBTQ+ bezéien, muss weider opgeschafft ginn.  

Biergerbedeelegung

Propper a sécher Gemengen  

D’Gemeng ass mat responsabel fir d’Sécherheet an fir d’Protektioun vum Bierger. D’Sécherheet – och an zemol déi gefillte Sécherheet – gehéiert zu de wichtegste Piliere vun der Liewensqualitéit. Sécherheet schaaft een net eleng duerch méi eng héich Policepräsenz, ma duerch e ganze Pak u Mesuren. Ugefaang mat enger positiver Wäertevermëttelung an der Schoul an an de Veräiner. D’Gemeng ënnerstëtzt déi Responsabel an deene Beméiungen. Dofir wëll d’DP Helperknapp och appropriéiert Jugendariichtungen mat Betreiungspersonal aféieren.

Weider soll d’Gemeng Helperknapp eng aktiv Präventiounspolitik mat der Police zesumme maachen an deems d’Mënschen iwwer Verbriechenspräventioun an iwwert déi gängeg Technike vun de Brigangen informéiert ginn. Dat gëllt besonnesch fir eeler Leit.

Eng zukunftsorientéiert Gemengeninfrastruktur  

Mobilitéit 

D’DP wëll d’Weiche fir eng modern Verkéierspolitik stellen, déi de Bierger eng gutt Liewensqualitéit offréiert. De Schlëssel dofir läit an engem pragmateschen a vernetzte Mobilitéitskonzept, dat de Besoine vun de Leit ugepasst ass an hinnen déi néideg Fräiheet a Flexibilitéit gëtt, fir zouverléisseg vun A op B ze kommen. D’Stäerkung vum ëffentlechen Transport an de konsequenten Ausbau vu getrennte Fouss- a Vëlosweeër schafen d’Viraussetzung fir eng zoumutbar Mobilité douce. Dat wäert dem Klima an der Qualitéit vum Kaméidi a vun der Loft zeguttkommen. Mir wäerten d’Sortie aus de fossillen Energien ë.a. duerch den Ausbau vu Borne fir E-Autoen an E-Vëloen erliichteren.

Wunnen 

Bei der Lutte géint d’Wunnengskris dréit di ëffentlech Hand eng besonnesch Responsabilitéit, och an de Gemengen. D’DP wëll der steigender Nofro no bezuelbarem Wunnraum mat enger méi séierer Mobiliséierung a Fërderung vun alternative Wunnformen entgéint kommen. Ma mir ënnerstëtzen och d’Zesummenaarbecht vun ëffentlechen a private Bauträger. Dobäi wäerte mir och déi ökologesch Aspekter méi staark berücksichtegen.

Wunnen

Eng nohalteg Gemeng  

Energie a Klima  

Wandmillen

Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d’Acteuren un engem Strack zéien. D’Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilitéit an domadder eng Virbildfunktioun. D’DP wëll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent stäerken. Mir wëllen d’Gemenge mëttelfristeg ganz klimaneutral kréien. Mir wëllen déi erneierbar Energien ausbauen, déi kommunal Gebaier energeetesch sanéieren an d’Energieeffizienz steigeren. An deem Kontext mécht d’DP sech och staark fir en doucen Ëmgang mat eisen natierleche Ressourcen a wäert de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft an alle Hisiichte respektéieren. De Bierger soll och duerch Sensibiliséierungscampagnen an duerch geziilten Hëllefe fir klimafrëndlech Mesure méi staark agebonnen an ënnerstëtzt ginn.

E liewenswäert a modernt Liewen an der Gemeng 

Digital, biergerno an transparent Gemengen  

D’DP Helperknapp wäert voll vum Potenzial vun der Digitaliséierung profitéieren an de Fortschrëtt an den Déngscht vun de Bierger stellen. Dofir wëlle mir d’Iddi vun der Smart City ausbauen an d’Potenzial vun der vernetzter Stad voll ausschöpfen – ouni Kompromësser beim Dateschutz anzegoen. All Gemeng soll dofir e Schäffen hunn, dee fir de Beräich Digitaliséierung responsabel ass.

Betriber  

Mëttelstänneg Betriber sinn de Réckhalt vu gesonde Gemengen an droen zum groussen Deel zur Attraktivitéit an zur Beliewung vun den Dierfer a Stied bäi. Dofir verdéngen den Erhalt an d’Implantatioun vun Entreprisen a Geschäfter déi ganz Opmierksamkeet vun der Gemengepolitik. D’DP Helperknapp trëtt och ganz kloer fir d’Fërderung vum Eenzelhandel – och am ländleche Raum – an.

Digital

Gemengefinanzen  

D’DP Helperknapp steet fir eng laangfristeg Finanzpolitik a Form vun enger mëttelfristeger Finanzplanung.