Helperknapp

Alter a Soziales

D’Liewenserfarung vun eise Senioren ass eng Beräicherung fir eis Gemeng. D’DP wäert d’Viraussetzunge schafen, fir eisen eelere Matbierger, esou laang ewéi méiglech, en eegestännegt a gutt Liewen doheem z’erlaben.
Mir wäerten eis dofir fir e staarkt Matenaner vun de Generatiounen asetzen. Mir leeën dobäi extra vill Wäert op seniore-gerecht Infrastrukturen a Fräizäit-Offeren. Grad ewéi op eng grouss Palett u Servicer a Geschäfter no bei de Leit. Et ass och wichteg, fir den eelere Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir u gesellschaftlechen Evenementer deelzehuelen.

Photo by David McBee

Promotioun vu Méigenerationshaiser. Haiser, an deene méi Generatiounen zesummeliewen, sinn oppe Plazen oder Wunnengen, fir Mënsche vun all Alter, mat verschiddenen Originnen oder kulturellem Hannergrond. Hei kënne Jonk an Al an Harmonie zesumme liewen. D’DP Helperknapp wëll den intergenerationelle Projet aus dem Masterplang ënnert der Féierung vum Schäfferot ausbauen an esou den Zesummenhalt an der Gemeng stäerken. Dëse Projet schreift sech an eng laangfristeg an integréiert Strategie vum aktuelle Schäfferot mat enger 360° Vue vun de Bierger. Vun de Crèchen, iwwer d’Maison Relais an d’Grondschoul, iwwert d’Jugendhaus, d’Veräiner an d’Betreit Wunnen – de bloe Fuedem, gesteiert duerch dat zukünftegt Biergerhaus (Maison Citoyenne) am Gemengenhaus, ass gewollt d’informalt Léieren a Liewen, ennert Peers an ennert de Generatiounen, ze fërderen.

D’Santé publique an de Gemengen. Doktesch-Cabinete sinn op ville Plazen d’Basis vun enger ambulanter, flächendeckender, héichwäerteger a biergernoer Gesondheetsversuergung. Dat betrëfft besonnesch d’Gemengen iwwer Land. D’DP Helperknapp wäert dofir den aktuelle Projet vun engem Centre Medical an der fréierer Schoul vun Tënten ennerstëtzen, an och weider Projete wéi zBsp eng nei Apdikt, fir datt sech net nëmme méi Generalisten a Spezialisten an eiser Gemeng néierloossen, mee och all verbonne Servicer wéi Analysen-Zenteren, Kinesitherapeuten, oder Soins à domicile.

Seniorentransport. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt d’Iddi vun engem Seniorentransport, fir datt eeler Leit oder Leit, déi schlecht zu Fouss sinn, kënnen hir Kommissiounen eegestänneg maachen (Epicerie, Dokter, asw.). Dës Méiglechkeet gëtt et scho mam Service Bummelbus a mam Adapto. D’DP Helperknapp wëll awer och ee weidere Service ubidden, dee fir d’Leit akafe geet oder hinnen doheem kann ënnert d’Äerm gräifen nom Schema vun engem CIGL oder Forum pour l’emploi.

Repas sur roues. Repas sur roues erlaabt et ville Gemengen, fir Leit ab 65 Joer Iessen ze liwweren, déi Problemer hunn, fir an de Restaurant ze goen oder fir sech selwer ze kachen. D’DP Helperknapp begréisst datt de Schäfferot dëse Service un de selwechte Prestataire ginn huet deen d’Kantin vun der Maison Relais a Crèche geréiert. Dëst sollt weiderhin an der ganzer Gemeng ugebuede ginn fir datt ee Maximum u Leit ab 65 Joer qualitativ a gesond Iessen an dat all Dag.

Beweegung am Alter. Kierperlech Aktivitéit hält fit. D’DP Helperknapp wäert d’Offere fir Sport ze maachen (a fir generell a Beweegung ze bleiwen) ënnerstëtzen. Wann néideg sollen déi Offeren ausgebaut ginn an och Leit accessibel gemaach ginn, déi manner gutt dru sinn.

Clubs Seniors ausbauen. An Zesummenaarbecht mam Familljeministère soll de Service vun de Clubs Seniors ausgebaut ginn. Domadder soll den eelere Leit en ofwiesslungsräiche Programm u Fräizäitaktivitéiten ugebuede ginn; géint d’Isoléierung am Alter a fir e bessert Matenaner vun de Generatiounen.

Photo by Wellness Gallery Catalyst Foundation

Digitale Rattrapage. Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verléieren, sollen d’Gemenge Coursen ubidden, fir déi Leit fit ze maache fir déi digital Welt. Och soll dëst ee feste Bestanddeel vum integeneratioelle Projet vun Tënte sinn.
Dee vun der DP gefouerte Ministär fir Digitalisatioun huet 2021 den Nationalen Aktiounsplang fir déi digital Inclusioun agefouert, deen eng digital inklusiv Gesellschaft erliichteren an engem digitale Gruef entgéintwierke soll. Déi dräi Haaptziler vum Aktiounsplang sinn d’Entwécklung vun den digitale Kompetenzen, d’Vereinfachung vum Zougang zu den digitalen Technologien an d’Steigerung vun der Motivatioun a vum Vertrauen an d’Digitalisatioun.

Nächst Thema: Een attraktiivt Gesellschaftsliewen