Helperknapp

Wunnen

Bei der Lutte géint d’Wunnengskris dréit di ëffentlech Hand eng besonnesch Responsabilitéit, och an de Gemengen. D’DP wëll der steigender Nofro no bezuelbarem Wunnraum mat enger méi séierer Mobiliséierung a Fërderung vun alternative Wunnformen entgéint kommen. Ma mir ënnerstëtzen och d’Zesummenaarbecht vun ëffentlechen a private Bauträger. Dobäi wäerte mir och déi ökologesch Aspekter méi staark berücksichtegen.

Bezuelbare Wunnraum schafen. D’DP Helperknapp wëll de soziale Wunnengsbau an eiser Gemeng weider ausbauen. Nierft dem geschafene Wunnraum zu Béiwen am Lëtschert, solle weider Terrainen an ëffentlecher Hand an éischter Linn jonke Familljen a Stéit iwwert de Wee vun Ierfpacht oder Locatioun zegutt kommen. Allerdéngs dierf dëst net exklusiv Jonken an hiere Familjen zegutt kommen well och aner Bierger an d’Situatioun riskéieren ze komme wou se hier aktuell Wunnméiglechkeet verluer hunn. Och ass et wichteg (wéi am Kader vum intergenerationnelle Projet vun Tënten) ëmmer d’Méiglechkeet vu bezuelbarem Wunnraum bei Neibaute vun der Gemeng a Betruecht ze zéien.

Proaktiv Terraine kafen. Fir d’Offer un accessibele Wunnengen an de Gemengen z’erhéijen, wäert d’DP Helperknapp proaktiv Leit a Betriber uschwätzen, déi hir Terrainen net bebauen. D’Zil ass et fir déi Terrainen ze kafen an ze bebauen, oder se fir eng Zäit ze pachten fir Modularbauten wéi Tiny Houses drop ze setzen.

Terraine mobiliséieren a Wunnprojeten ëmsetzen. Amplaz Gemengenterraine brooch leien ze loossen, wëll d’DP Helperknapp se séier mobiliséieren, fir kuerzfristeg bezuelbare Wunnraum ze schafen.

Méigeneratiounshaiser fërderen. Méigeneratiounshaiser sinn oppe Lieux de rencontre oder Wunnengsensemble fir Mënsche vun all Alter; mat ënnerschiddlechen Originnen a mat verschiddene kulturellen Hannergrënn. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt ausdrécklech de Projet vum Schäfferot fir esou een Haus op Tënten bei déi fréier Maison Relais a Schoul ze bauen. Esou ënnerstëtze mir den Zesummenhalt queesch duerch d’Generatiounen an der Gemeng. Desweideren ënnerstëtze mir d’Approche fir an déi aal Schoul ee Centre médical z’installéieren a wëllen eis staark maache fir och eng Apdikt op dee Site ze kréien. Et ass immens wichteg datt dës Iwwerleeungen ee feste Bestanddeel vun der Gesamtstrategie vun der Gemeng sinn, am Kader vum Biergerhaus.

Alternatiivt, flexibelt, behënnerten- an altersgerecht Wunnen. D’DP Helperknapp wëll bei gréissere Lotissementer alternativ Wunnforme mat aplangen an dofir suergen, datt sozial a medezinesch Infrastrukturen direkt an der Noperschaft sinn.

Alternativ Wunnforme fërderen. D’DP Helperknapp ass sech de Schwieregkeete vun alternative Wunnforme bewosst a wäert dofir d’Bautereglement vun der Gemeng upassen. Esou kënnen zum Beispill Wunngemeinschaften opgesat ginn, oder d’Opstelle vun Tiny houses iwwerhaapt erméiglecht ginn.

Jugendwunnengen. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt d’Bestriewunge vum Schäfferot wéi zum Beispill zu Tënten fir méi Wunnenge fir jonk Leit ze schafen, déi sech keng Wunneng um normale Marché leeschte kënnen. D’DP Helperknapp well probéiere weider Haiser an der Gemeng ze kafen an deene kleng miwweléiert Studioe kënnen ageriicht ginn. Dës kënnen deen Ament fir en accessibele Präis u Jonker verlount ginn déi hire Wee an e selbststännegt Liewe sichen.

Nei Bauprojete séier realiséieren. Laang Prozedure si mat d’Haaptursaach, firwat de Wunnengsbau hei am Land nëmme lues virukënnt. D’DP Helperknapp setzt sech dofir an, fir déi Prozedure maximal z’acceleréieren, fir déi d’Gemeng verantwortlech ass.

Autofräi Quartieren. Bei neie Lotissementer wäert d’DP Helperknapp nei Raumnutzungkonzepter analyséieren a wa méiglech, den ëffentleche Raum prioritär fir d’Mënsche virgesinn. Hei kéinten zBsp amplaz vu ville private Parkplazen, d’Parkplazen zentraliséiert ginn an esou manner Verkéier virun den Haiser schafen. De Verkéier géif deen Ament – ausser fir Livraisounen – gréisstendeels aus dem Quartier verschwannen.

Nächst Thema: Energie a Klima