Helperknapp

Betriber

Mëttelstänneg Betriber sinn de Réckhalt vu gesonde Gemengen an droen zum groussen Deel zur Attraktivitéit an zur Beliewung vun den Dierfer a Stied bäi. Dofir verdéngen den Erhalt an d’Implantatioun vun Entreprisen a Geschäfter déi ganz Opmierksamkeet vun der Gemengepolitik. D’DP Helperknapp trëtt och ganz kloer fir d’Fërderung vum Eenzelhandel – och am ländleche Raum – an.

Erhalt vum Eenzelhandel. D’DP Helperknapp setzt sech dofir an, datt de Wee zu essenziellen Akeef a Servicer fir de Bierger esou kuerz ewéi méiglech bleift. Mir wäerten eis weider fir den Erhalt vum Eenzelhandel an den Uertschaften asetzen. Wou dat net méiglech ass, wäerte mir eis am Dialog fir den Ausbau vun alternative Modeller asetzen (mobil Filialen, ambulante Verkaf).

Startup-Entreprisen ënnerstëtzen. Startup-Firmen hunn et net einfach, fir sech anzwousch z’ etabléieren. Dacks feelt et hinnen um néidege Kapital an un der Plaz. Dofir wëlle mir jonken an innovative Startuppen a lokalen Handwierksbetriber en Deel vun de kommunalen Büroen a Gebaier gënschteg zur Verfügung stellen, a wëllen d’Schafe vun engem Coworking Space analyséieren an eventuell kuerzfristeg erméiglechen.

Sharing economy. D’DP Helperknapp well analyséieren ob et sënnvoll ass als Gemengen – eventuell a Kollaboratioun mat Nopeschgemengen – eng Struktur ze schafen, an deenen d’Leit sech kënnen Haushaltsapparater, Maschinnen oder Geschier (zum Beispill Buerer, Méimaschinn,…) léinen oder selwer verléinen. D’DP Helperknapp wäert och weider lokal Initiativen wéi zum Beispill Foodsharing an deem Sënn ënnerstëtzen.

Repair-Caféë fërderen. Am Sënn vun der Schounung vun den Ressourcen a vun der Kreeslafwirtschaft soll d’Flécke vun Apparaten a vu soss Gebrauchsgéigestänn gefërdert ginn. D’DP Helperknapp wëll sougenannt Repair-Caféeën organiséieren an deenen een net nëmmen esou Géigestänn ka flécke loossen, ma dat och léiere kann. Esou Initiative schounen net nëmmen d’Ressourcen, mee verbesseren och d’Sozialkohesioun.

Ambulant Vente fërderen. D’DP Helperknapp wëll den ambulante Verkaf an de Gemengen iwwer Land ënnerstëtzen. Zemol eeler Leit sinn op esou mobil Liewensmëttelgeschäfter ugewisen (Bäcker, Metzler oder och Pizza-Automaten).

Coworking spaces ausbauen. Coworking spaces gëllen als Plaze mat engem héije Potenzial un Innovatioun a ginn als Alternativ zum Homeoffice oder zur klassescher Aarbechtsplaz ëmmer méi wichteg. Besonnesch well een esou de Pendlertraffic ka reduzéieren. D’DP Helperknapp wëll d’Potenzial vun dëser neier Form vum Zesummeschaffen analyséieren an dann eventuell ausnotzen an ausbauen.

Pop-up stores. Fir eppes géint eidel Geschäftsraim am Kär vun den Uertschaften z’ënnerhuelen, fir nei Commercen unzezéien an den Zentrum vun de Gemengen ze beliewen, setzt d’DP Helperknapp dorobber, datt Geschäfter esou Raim kënne fir eng begrenzten Zäit notzen.

Nächst Thema: Gemengefinanzen