Helperknapp

Digital, biergerno an transparent Gemengen

D’DP Helperknapp wäert voll vum Potenzial vun der Digitaliséierung profitéieren an de Fortschrëtt an den Déngscht vun de Bierger stellen.

Dofir wëlle mir d’Iddi vun der Smart City ausbauen a vum Potenzial vun der vernetzter Stad voll ausschöpfen – ouni Kompromësser beim Dateschutz anzegoen. All Gemeng soll dofir e Schäffen hunn, dee fir de Beräich Digitaliséierung responsabel ass.

Gratis surfen. D’DP Helperknapp begréisst d’Beméiung vum aktuelle Schäffert de Bierger an de Visiteuren op staark besichte Plazen an an ëffentleche Gebaier Accès zu engem gratis, stabillen a gesécherten Internet unzebidden mat authentifizéiertem Zougrëff. Dat verbessert d’Attraktivitéit vun eiser Gemeng ouni ee Sécherheetsrisiko duerzestellen.

Ausbau vum Glasfaser-Reseau. Den Accès zu séierem Internet ass eng Grondviraussetzung, fir den digitale Wandel an der Aarbechtswelt méiglech ze maachen. D’DP Helperknapp begréisst den Asaz vum aktuelle Schäfferot setzt sech fir e flächendeckend High-speed-Netz fir d’Bierger an d’Betriber anzesetzen a wëll d’Zesummenarbecht mat der Post weider ausbauen.

Liicht verständlech a méisproocheg Kommunikatioun. Mir wäerten alles ënnerhuelen, fir d’Sproochbarrièren z’iwwerwannen an d’Kommunikatioun mat de Bierger esou einfach a verständlech ewéi méiglech ze halen. Dozou gehéiert och d’Disponibilitéit vu liicht accessibelen a méisproochegen Internetsäiten a soss digitial Kommunikatiounsmëttel vun der Gemeng. D’DP Helperknapp setzt sech dofir an datt d’Mataarbechter vun der Gemeng forméiert ginn an och déi néideg Zäit zougestane kréien fir dëst ëmzesetzen. D’Kommunikatioun muss och der demographescher Realitéit an eiser Gemeng entspriechen.

D’Diversifikatioun an der Kommunikatioun weiderentwéckelen. Als DP Helperknapp setze mir eis weider fir eng modern, digital, inklusiv, interaktiv an zilorientéiert Kommunikatioun an der Gemeng an. Jiddereen, dee sech informéiere wëll, muss och méiglechst séier Accès zu all den Neiegkeeten hunn. Als DP Helperknapp wëlle mir all Kommunikatiounsforme fërderen (www, Newsletter, sozial Medien, Gemengen-App, asw) an un déi digital Ufuerderungen adaptéieren.

Walbedeelegung vun den auslännesche Matbierger bei de Gemengewale stäerken. D’DP Helperknapp wëll sech derfir asetzen datt auslänneschen Awunner bei hirer Umeldung op der Gemeng direkt offréiert gëtt, fir sech an d’Gemengen- an an d’Europawallëschten anzeschreiwen fir dass si iwwert déi domadder verbonne Rechter a Flichten informéiert ginn.

E-Verwaltung ausbauen. An de leschte Joren ass scho vill geschitt, fir datt déi meescht administrativ Demanden un d’Gemenge kënnen online gemaach ginn. D’DP Helperknapp wäert déi digital Administratioun weider a méi séier ausbauen an iwwerall méiglech maachen. Doriwwer eraus solle weider all Zort vun net-perséinlechen, administrativen Dokumenter a vu politeschen Decisioune kënnen op der Internetsäit vun der Gemeng ofgeruff ginn. Paiementer (Rechnungen, Steiertimberen, asw.) solle kënne weider mat der Kreditkaart oder mat enger Mobile-payment-App méiglech sinn.

Report-it. Di nei HelperknAPP déi de Schäfferot agefouert huet, erméiglecht et den Notzer einfach a mat enger spezifescher App der Gemeng iwwert Reparatur- oder Opraumbedarf am ëffentleche Raum z’informéieren. Dëst ass eng einfach mee wichteg Aartaweis fir d’Bierger mat anzebannen.

Eng Gemeng mat engem oppenen Ouer. Transparenz an Accessibilitéit vum Buergermeeschter a vum Schäfferot vis-à-vis vun de Bierger sinn essentiel. Mir wäerte reegelméisseg Biergerspriechstonnen a -versammlungen aféieren, an deenen d’Bierger kënnen hir Suergen, Problemer a Virschléi ënnerbreeden. Mir stelle sécher, datt all Propose a kuerzer Zäit vun der Verwaltung professionell gekuckt gëtt.

Flexibel Ëffnungszäite vum Biergerzenter. Nieft den Efforte bei der Digitaliséierung vun de Prozeduren, brauche mir Biergerzentere mat flexibelen Ëffnungszäiten. D’DP Helperknapp setzt sech fir Biergerzenteren an, an deenen d’Leit hir administrativ Kommissioune kënnen onkomplizéiert maachen. D’Ëffnungszäite sollen analyséiert ginn a bei Besoin, un d’Aarbechtszäite vun de Bierger ugepasst ginn. Der DP Helperknapp ass et an deem Kontext awer och wichteg op d’Besoine vun der administrativer Ekipp anzegoen.

Biergerparticipatioun ausbauen. D’DP Helperknapp begréisst ausdrécklech d’Beméiunge vum Schäfferot fir d’Biergerbedeelegung anzeféieren a wëll dës Approche weider fërderen an domadder déi partizipativ Demokratie stäerken. An deem Sënn sollen d’Bierger nei Projete virschloen an doriwwer mat de Gemengeresponsabelen diskutéiere kënnen. All Awunner kënnen an hirem Numm, als Kollektiv oder als Veräin e Projet areechen, deen zur Verschéinerung an zur Verbesserung vum Liewen an der Gemeng bäidroe kann oder soll.

Digitale Rattrapage. Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verléieren, wëll d’DP Helperknapp sech staark maachen datt d’Gemeng Coursen ubidd, fir déi Leit fit ze maache fir déi digital Welt. Ob dëst op den intergenerationnelle Projet gemënzt gëtt, oder als interkommunale Projet opgebaut gëtt, gëllt et kuerzfristeg z’analyséieren.

Eng professionell Verwaltung an all de Gemengen. Fir d’DP Helperknapp ass eis Gemeng eng zouverlässeg Kontakt- a Serviceverwaltung. Fir de sëllegen Aufgabe gerecht ze ginn, wäerte mir d’Ekipp ënnerstëtzen an an hir Professionaliséierung a Weiderbildung investéieren.

Flexibel Aarbechtsmodeller fërderen. D’DP Helperknapp wëll dem Changement an der Aarbechtswelt Rechnung droen a begréisst d’Aféiere vum aktuelle Schäfferot vum flexibelen Aarbechtsmodell mat Temps de présence obligatoire, engem Zäitspuerkonto sou wéi der Méiglechkeet vum Homeoffice. Dëst dréit zu enger besserer Vereenbarkeet vu Beruff a Famill zou.

Livestreaming vun de Gemengerotssëtzungen. Nierft den Audio-Opnamen déi den aktuelle Schäfferot systematiséiert huet, ass et der DP Helperknapp wichteg datt all interesséierte Bierger kann d’Sëtzunge vum Conseil suivéieren. Mir wëllen dofir analyséieren ob all Sëtzung kann a soll gefilmt, an ob se live oder zäitversat am Internet iwwerdroe soll ginn.

Nächst Thema: Betriber