Helperknapp

Bildung, Kannerbetreiung a Schoul

Eng gutt Educatioun ass d’Viraussetzung fir e selbstbestëmmtent Liewen a fir déi gesellschaftlech Inclusioun vun engem Mënsch. Fir d’DP steet dobäi d’Chancëgerechtegkeet am Mëttelpunkt.

Mir wëllen all de Schüler optimal Bildungschance bidden, onofhängeg vun hirer Hierkonft. De Schlëssel fir dohinner si villfälteg a gutt equipéiert Schoulen a Betreiungsstrukturen, déi d’Schüler mat hire sëllegen Talenter fërderen, hiert Potential fräisetzen a si op hirem Bildungswee ënnerstëtzen.

De Wäert vun enger Bildung, déi méiglechst fréi usetzt, ass net z’ënnerschätzen. Dofir ass déi non-formal Educatioun ënnert der Leedung vun der DP substanziell gestäerkt ginn. D’Aféierung vun der gratis Kannerbetreiung vun 20 Stonnen am Kader vun der méisproocheger Fréifërderung, d’gratis Maison-relaise wärend de Schoulwochen an d’gratis Mëttegiessen an de Schoulkantinnen hunn den Accès zu den héichwäertege Bildungs- a Betreiungsofferen erliichtert. Zesumme mat der Aféierung vun der gratis Hausaufgabenhëllef hunn déi Mesuren net nëmmen d’Eltere finanziell entlaascht, ma si hunn och fir eng besser Chancëgläichheet gesuergt.

D’Betreiungsariichtungen ausbauen. D’DP Helperknapp wëll d’Offer vun de Plazen an de Kannerbetreiungsstrukturen de Besoinen no ausbauen an esou garantéieren, datt all Kand ka vun der non-formaler Bildungsoffer profitéieren. Dobäi leeë mir extra vill Wäert op déi pedagogesch Schwéierpunkte vum Bedreiwer a wäerten nei an innovativ Strukturen ënnerstëtzen déi dëse gerecht ginn, ënner anerem fir eng Bëschcrèche zu Huelmes, an eng nei Crèche zu Béiwen am Lëtschert – sou wéi de laangfristege Volet vum Masterplang et och virgesäit.

D’Schoulen an d’Betreiungsstrukture kannergerecht gestalten. Fir d’DP Helperknapp entsprécht de Campus Helperknapp de Besoine vun eise Kanner. D’Raimlechkeeten si frëndlech a motivéierend gestalt, a sollen zesumme mat de Kanner weider gestalt ginn. D’DP Helperknapp wëll deem bei Sanéierungen a bei Neibaute Rechnung droen.

De Precoce ausbauen. D’DP Helperknapp wëll d’Offer am Precoce esou ausbauen, datt all Kanner kënne – jee no Besoin – bis zu 28 Stonnen d’Woch dovunner profitéieren. Duerch den Opbau vum Campus kann a wëll d’DP all Kand aus dem Precoce – wann néideg – eng Plaz an der Maison relais garantéieren.

Méi oppe Ganzdagsschoulen. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt den Ausbau vun der Offer u Maison-relaisen a Crèchen soulaang dës enger reeller Demande entsprécht. Den aktuelle Schäfferot huet zesumme mam Träger vun der Maison Relais Helperknapp erméiglecht datt all Kand aus der Helperknapper Grondschoul och eng Plaz am Accueil ka kréie – wann d’ Delaie respektéiert sinn.

D’Kannerbetreiung baussent de Schoulzäiten dréit entscheedend zur Entwécklung vum Kand bäi. Dofir steet den aktuelle Schäfferot an enker Zesummenaarbecht mat dem Schoulkommitee an der Direktiounsekipp vun der Maison Relais fir zesummen déi pedagogesch Konzepter weider z’entwéckelen déi um Campus gebraucht ginn.

D’Maison Relais bitt aktuell schonn Hausaufgabenhëllef un mat Zougrëff op schoulescht Material, a funktionéiert och schonn als Relais tëscht aneren Organisatioune wéi der Museksschoul an de Sportsclibb wou den Transfert duerch d’Ekipp vum Accueil assuréiert gëtt. Weider Relais solle fréi identifizéiert gi fir esou de Kanner ee Maximum u Chancen ze bidden.

Nei Strukture mussen de praktesche Besoine vun de Gemengen no geplangt ginn. De Bau vun engem neie Schoulkomplex, enger Maison Relais oder enger Crèche muss de Besoine vun der jeeweileger Gemeng an dem Wuel vun de Kanner ugepasst sinn. Bei Neibaute vun esou Strukture muss integréiert gekuckt ginn, ob Synergien tëscht deenen aneren Acteure fir eng Ganzdagsschoul méiglech sinn. Och an neie Strukture sollen déi lokal Veräiner consideréiert gi fir de Kanner all Entwécklungschancen ze ginn ouni den Elteren eng weider Hürd ze bidden am Alldag.

Sécher Schoulweeër. Fir eis Kanner ass de Schoulwee ëmmer e besonnescht Ereegnis. Egal op zu Fouss, mam Vëlo oder mat der Trottinett, mir wëllen, datt de Schoulwee zoumuttbar a sécher ass. Dozou gehéiere breet, iwwersiichtlech a gutt beliichte Fouss- a Vëlosweeër a reegelméisseg Opklärungscampagne fir alleguerten d’Parteien am Stroossentrafic. D’DP Helperknapp schléisst sech de Bestriewunge vum aktuelle Schäfferot un a setzt sech weider a fir den Ausbau vum séchere Schoulwee.

Schoul a Maison-Relais Kantinne – lokal a frësch. D’DP Helperknapp setzt sech fir gesond an equilibréiert Iessen an de Kantinne vun de Maison-relaisen an de Crèchen an. Dofir ginn ënnert der Féierung vum Schäfferot aktuell scho gréisstendeels nëmmen nach regional, saisonal Liewensmëttel verschafft, déi aus ökologeschem Ubau stamen. Am Kader vun der Maison Relais kréien d’Kanner schonn haut ee Matsproocherecht iwwert de Menü, an als Dessert gëtt systematesch frëscht a gréisstendeels lokaalt Uebst proposéiert. Den Iwwerschoss an der Produktioun gëtt verpaakt an den Dag drop an den 2 Anti-Gaspi Frigoe vun der Gemeng zu Bruch beim Veräinsbau Koll an zu Tënte beim Veräinshaus fir ee gerénge Präis ugebueden.

Eltereforen ausbauen. Niewent den nationalen a regionalen Eltereforen ass et der DP Helperknapp wichteg den Elterevertrieder hier Plaz ze bidde wou si sech austauschen, aner Elteren informéieren an och begleeden. Mir wëllen hinnen dofir eng Plaz bidden um oder no um Campus, an d’Méiglechkeet ginn sech duerch spezialiséiert Personal ënnerstëtzten ze loossen.

D’Koordinatioun tëschent de Schoulen, de Betreiungsstrukturen an den Hobbyen. Den aktuelle Schäfferot huet eng cellule de coordination vum Campus (“Koordinatioun”) agefouert wou Vertrieder vum Schoulkommitee an der Maison Relais systematesch mam Schoulschäffen, mam Buergermeeschter an enger Persoun vum Service Scolaire vun der Gemeng zesummekommen. Sënn an Zweck vun der Saach ass et sech schnell auszetauschen am Sënn vun de Kanner um Campus a Léisungen ze sichen, an awer och weider Pisten z’identifizéiere vun Aktiounen déi d’Kanner kënne stäerken. An dësem Kader kënnen dann och extern Persounen invitéiert ginn.

Eng koherent Zesummenaarbecht tëschent der Schoul, der Maison-relais, de Museksschoulen a soss Fräizäitbeschäftegungen ass elementar – besonnesch wann e Kand daagsiwwer vu verschidde Leit betreit gëtt. D’DP Helperknapp wëll dofir d’Bestriewunge vum Schäfferot weiderféieren, an datt d’Offere vun all den Acteure mat iwwerholl ginn (Musekschoul, Musek, Sport, etc). Esou kënnen d’Kanner vun enger villfälteger Fräizäitoffer profitéieren, déi hirer perséinlecher Entwécklung zeguttkënnt. An deem Sënn wëll d’DP Helperknapp och d’Bestriewunge weiderféiere fir datt d’Schoulkommissioun sech och wierklech all Trimester begéint mat all hire Memberen.

IT-Equipement. D’DP Helperknapp wäert dofir suergen, datt d’Politik vum aktuelle Schäfferot weidergefouert gëtt. D’Schoulen an d’Strukturen aus dem Accueil an der Gemeng sollen alleguerte laangfristeg a qualitativ beschtméiglech ekipéiert sinn, fir déi technesch Viraussetzunge fir en zäitgeméissen Unterrecht an e modernt Léieren ze garantéieren.

Photo by Canva Studio

Nächst Thema: Alter a Soziales