Helperknapp

Sport a Kultur  

Villfälteg Sports- a Kulturoffere beliewen d’Gemeng a sinn e feste Bestanddeel vum gesellschaftleche Liewen. D’DP wäert déi Offer – a generell d’Sportsinfrastruktur an d’Fräizäitinstallatiounen zu Gonschte vun all de Bierger – ausbauen.  

Ëffentlech Sportsanlagen. Den Accès zu de Sportsplazen an de Schoulhäff ass dacks just de Kanner a Jugendlechen erlaabt. D’DP Helperknapp wäert sech dofir asetzen, datt déi Sportsanlage fir jiddereen op sinn – och fir Leit, déi keng Lizenz an engem Veräin hunn. Och wëlle mir eis derfir asetzen datt esou wéi am Masterplang ugedeit, all gréissert Duerf säi Multisport-Terrain kritt.  

Bikepark. Weider wëlle mir ee Bikepark an der direkter Ëmgéigend vum Campus Helperknapp aménagéieren. Dëse soll dem ambitionéierten MTB’er a Cyclocrosser, grad ewéi dem Fräizäitfuerer ee Site bidden fir seng Technik um Vëlo ze verbesseren oder einfach just Spaass ze hunn un den diversen Obstaclen ewéi Spréng, Descenten, enger Bréck, Trapen, Bamstämm, Hürden, Hiwwelen a villes méi. Dëse Park ass dann och ungebonnen u bestehend MTB-Circuiten an en neie Cyclocross-Parcours. Bänke laanscht de Bikepark bidde sämtleche Leit eng flott Méiglechkeet dem Nowuess bei senge Fortschrëtter oder och deene méi experimentéierte Fuerer nozekucken. E Bikewash no dobäi soll d’Offer vervollstännegen.

Eng grouss Offer fir Sport a Beweegung. Sport ass e wichtege Facteur fir d’Wuelbefanne vun de Leit, besonnesch d’Beweegung an der frëscher Loft. D’DP Helperknapp setzt sech fir eng ugepassten a villfälteg Sportsoffer an.  

Haaptberuffleche Sportskoordinator. D’Koordinatioun vun de sportlechen Aktivitéiten an der Gemeng gëtt ëmmer méi komplex. D’DP Helperknapp wäert d’Engagéiere vun engem haaptberuffleche Sportskoordinator analyséieren, deen dobäi hëllefe géif, d’Zesummenaarbecht tëschent de verschiddenen Acteuren vum Campus an de Sportsclibb opzebauen an/oder ze verbesseren.  

Alternativ Sports- a Fräizäitofferen: Mir wëllen d’Méiglechkeet analyséiere, wéi mir d’Gemeng (mat der Hëllef vun de Bierger andeems hir Iddien a Wënsch gehéiert ginn) nach weider kënnen duerch nei Sports- a Fräizäitsofferen beliewen. Dëst kënne nei Petanques Terrainen am Duerf sinn, wou ee sech gäre begéint; en Outdoorfitnesspark, wou jonk bis al sech kënne gesond a beweeglech halen; erneiert an unëneegebonnen Autopedestren; e Buerbeserfarungspad; e Kloterpark; e groussen Trampoline; e Minigolf oder villes méi, wat ee sech ka virstellen.

Kulturoffer stäerken. D’Kultur verbënnt d’Mënschen, si animéiert zu Diskussiounen an zu engem Echange. D’Offer u kulturelle Manifestatioune soll proaktiv ausgebaut ginn. D’DP Helperknapp wëll déi néideg Plazen a méi Moyenen zur Verfügung stellen. Esou solle besteeënd kulturell Zentren optimiséiert ginn, an een neie Centre Culturel mëttelfristeg geplangt an ëmgesat ginn. 

Och sozial méi schwaach Bierger mussen Zougang zu kulturelle Manifestatiounen hunn. Initiativen ewéi de Kulturpass musse nach méi an de Gemenge verbreet ginn. Gläichzäiteg soll och ee Schwéierpunkt drop geluecht ginn fir de Kanner scho ganz fréi den Zougang zu kulturelle Manifestatiounen an der Gemeng an och ausserhalb z’erméiglechen. 

Aktivtourismus. Den DP-gefouerten Tourismusministère setzt am Kader vu senger Strategie Tourismus 2022 weider op den Aktivtourismus. Fir Lëtzebuerg als Destinatioun fir d’Wanderen ze vermaarten, ass den nationale Reseau vun de Wanderweeër restrukturéiert a besser un déi touristesch Offeren an de Regiounen agebonne ginn. D’Weeër si ganz mat Schëlter equipéiert ginn, déi d’Richtungen an d’Distanzen indiquéieren. D’Gemeng Helperknapp huet ganzer 5 Auto Pédestre. Mir wëlle prioritär ee weideren AP virschloen deen duerch di ganz Gemeng Helperknapp geet an esou déi fréier Territoire vu Béiwen an Tënte matenee verbënnt. 

Liesgruppen an Diskussiounsclibb. D’DP Helperknapp wëll sech dofir asetzen, datt Raim fir Liesgruppen an Diskussiounsclibb méiglech gemaach ginn. Och sollen déi 2 Projete vun der fréierer Maison Relais vun Tënten fir Bicherkabinnen virum Koschteschbau a beim Park Bëschdref kuerzerhand mat lokale Partner ëmgesat ginn. Zesumme mat der grousser Kannerbibliothéik an dem Mierscher Lieshaus, sinn esou d’Konditioune ginn datt d’Liesen och mat der kultureller Funktioun vum Debattéiere kombinéiert ka ginn.  

Virschléi fir eng nei Benotzung vu Kierchegebaier a vu Paschtéieschhaiser. Den Undeel un eidele Kierchen a Paschtéieschhaiser an den Stied an an den Dierfer klëmmt bestänneg. Déi, déi de Gemenge gehéieren oder déi de Gemengen iwwerlooss ginn, kënne no hirer Entweiung sënnvoll, anescht genotzt ginn – als Concertssäll, Kulturzenteren, Sportshalen, Jugendzenteren oder esouguer als Café / Restaurant.  

Nächst Thema: Zesummeliewen a Gläichstellung