Helperknapp

Famill, Kanner a Jugend

D’Zukunft gehéiert eiser Jugend. Mir wëllen, datt d’Kanner an déi Jugendlech glécklech a gesond an enger familljefrëndlecher Gemeng grouss ginn. Mir setzen op eng zukunftsorientéiert Politik an triede fir en nohaltegt Stadbild an, datt de Besoine vun de jonke Generatioune gerecht gëtt. Déi wichtegste Viraussetzung dofir sinn ofwiesslungsräich an inklusiv Plaze fir ze spillen, den Ausbau vu sécheren an deels exklusive Fouss- a Vëlosweeër, Fräiraim fir déi Jugendlech an d’Fërderung vun enger differenzéierter Offer am Sport an an der Kultur. Déi aktiv politesch Participatioun vun de Kanner a Jugendleche wäerte mir duerch altersgerecht Formater fërderen. Eng aner Prioritéit vun der DP ass, fir d’Famill, d’Bildung an de Beruff matenaner ze verknäppen.

Villfälteg, inklusiv a faarweg Spillplazen. D’DP Helperknapp wëll méi ewéi langweileg Sandkëschten a Schaukelen. Mir wëllen ofwiesslungsräich, inklusiv an adaptéiert Spillplazen an alle Quartieren, op deenen eis Kanner sech kënnen defouléieren a fräi entfalen. An deem Sënn wëlle mir d’Aarbecht vum Service Technique vun der Gemeng Helperknapp an dem aktuelle Schäfferot weiderféieren an een neie Schwéierpunkt setzen op de Volet Inclusioun.

Verkéiersberouegt Spillstroossen. D’DP Helperknapp setzt sech fir verkéiersberouegt Spillstroossen an, net just an den neie Lotissementer ma och am Zentrum vun den Uertschaften.

Kanner- an ëffentlech Bibliothéiken ausbauen. Liese fërdert déi sproochlech a rhetoresch Fäegkeeten an och déi perséinlech Entwécklung. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt dofir Kannerbibliothéike wéi déi vum Campus Helperknapp, Kannerbicherschief wéi déi vum Schäfferot proposéiert fréier Telephonskabinn am Kader vum Park Bëschdref, an all aner Initiativen déi eng altersgerecht a qualitativ Lecture erméiglechen, wou ee Loscht um Liese kritt. Natierlech sollen hei besteeënd Kollaboratioune mat aneren Associatiounen ervirgehuewe gi wéi zum Beispill och d’Lieshaus vu Miersch.

D’Vermëttlung vu Babysitting a vun Nohëllefsstonnen. D’DP Helperknapp wäert Jugendlechen eng Formatioun als Babysitter offréieren.

Biergerbedeelegung

D’Participatioun vun de Kanner a vun de Jugendlechen an de Gemenge stäerken. D’DP Helperknapp trëtt fir méi eng staark Bedeelegung vun der Jugend an eiser Gemeng an. Dofir ënnerstëtze mir d’Iddi vun engem Kanner- a Jugendrot (zBsp um Campus Helperknapp), respektiv vun enger obligatorescher Consultatioun vun de lokale Jugendveräiner fir Themen, déi si betreffen. Esou wëlle mir hir Interessie bei der Gestaltung vum ëffentleche Raum berécksiichtegen.

D’DP Helperknapp setzt sech derfir a fir d’Unzuel u mannerjärege Jonken an der Jugendkommissioun eropzesetzen, an de Jugendvertrieder aus der Gemeng och hier Plaz an offizielle Gremien ze ginn (zBsp a Plattformen).

Fräiraim fir d’Jugend schafen. Wärend d’Kanner sech op Spillplazen ameséiere kënnen, feelt et deene Jugendlechen dacks u Plazen, wou si sech kënnen a Rou ophalen a begéinen. Mir wäerten dofir d’Approche vum aktuelle Schäfferot (gekoppelt un de Masterplang vun der Gemeng Helperknapp) ënnerstëtze fir déi néideg Plazen ze schafen: fir e soziaalt Matenaner, fir en Austausch a fir der Jugend hier eege Projete méiglech ze maachen.

Vermëttlung vu Summerjobs a Stagen. D’Efforte fir d’Schaff an d’Doheem méi no beienaner ze bréngen, concernéieren och déi Jugendlech. D’DP Helperknapp wëll dofir d’Vermëttlung vu Workshoppen oder Summerjobs fir jonk Leit fërderen an eng geséchert a formativ Emgebung op der Gemeng schafe fir éischt Erfarungen ënnert der Form vu Stagen z’erméiglechen.

Jugendfrëndlech Mobilitéit. Mir setzen eis fir eng jugendfrëndlech Mobilitéit an. An de Gemengen iwwer Land betrëfft dat besonnesch den ëffentlechen Transport owes an nuets. D’DP Helperknapp féiert d’Aarbecht vun der Gemeng Helperknapp an hirem Schäfferot weider an ënnerstëtzt d’Nuetseil, de Late Night Bus, den Night Rider a weider zukünfteg Initiativen déi zu enger jugendfrëndlecher Mobilitéit bäidroen.

D’Jugendaarbecht vun de Veräiner fërderen. D’DP Helperknapp steet hannert dem Reglement vum Gemengerot deen d’Efforte vun de Sports- a Kulturveräiner am Kader vun hirer Jugendaarbecht finanziell unerkennt. Mir wëllen doniewent d’Formatioun an d’Weiderbildung vum Betreiungspersonal ënnerstëtzen an déi sou geleeschten Aarbecht zousätzlech valoriséieren. D’Preventioun weider stäerken. D’DP Helperknapp weess wéi wichteg d’Jugend- an d’Preventiounsaarbecht an de Gemenge sinn. D’Acteuren hannert dem intergenerationelle Projet an dem zukünftege Jugendhaus sollen am Kader vun engem neie Biergerhaus de Lead iwwerhuelen. Zesumme mat hinne wäerte mir als DP Helperknapp déi Aarbecht op Gemengenniveau weider stäerken a valoriséieren.

Nächst Thema: Bildung, Kannerbetreiung a Schoul