Helperknapp

Een attraktiivt Gesellschaftsliewen  

D’DP steet fir eng fräi, oppen an tolerant Gesellschaft, déi alle Mënschen d’Méiglechkeet gëtt, fir um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Mir setzen eis géint gesellschaftlech Spaltung a géint Marginaliséierung an – a fir eng geliefte Solidaritéit mat Mënschen, déi manner gutt am Liewen dru sinn. Mir wëllen dat interkulturellt Zesummeliewe fërderen an nei bäigezunne Leit encouragéieren, fir sech aktiv um Liewen an der Gemeng ze bedeelegen. Dofir wäerte mir de Sport, d’Kultur an d’Volontariat weider aktiv ënnerstëtzen.  

Photo by David McPhee

Generatiounsiwwergräifend Projeten. Den Austausch tëschent de Generatiounen huet vill Virdeeler. D’Kanner an déi Jugendlech kënne vun der Experienz vun den eelere Mënsche léieren. An och fir d’Senioren ass de Kontakt mat jonke Leit positiv. Deen Echange ass eng gutt Ofwiesslung an eng Méiglechkeet, fir eng Welt besser ze verstoen, déi sech permanent weiderentwéckelt. A schoulesche Kontexter schwätze mer vu formaler Bildung, an engem Accueil Kontext vun non-formaler Bildung an ënner anerem a Beitreitwunne-Kontexter schwätze mer vun in-formeller Bildung. Hei gëtt d’Wësse quasi ongestéiert an ongefiltert vu Persoun zu Persoun weider. 

D’DP Helperknapp ënnerstëtzt dofir d’Gesamtkonzept wat vum Schäfferot proposéiert gëtt mat: 

  1. Engem generatiounsiwwergräifende Betreit Wunne Projet um Gebitt vun der fréierer Schoul a Maison Relais vun Tënten 
  1. Engem Biergerhaus integréiert am Ausbau vum Gemengenhaus vun Tënten wat als Haaptziler huet Bierger an hiren Demarchen ze begleeden an Aktivitéiten opzesetzen déi d’Sozialkohesioun stäerken 
  1. Engem Jugendhaus wat prioritär Jonker empfänkt déi vun der Grondschoul an de Lycée gewiesselt sinn an unhand vu pedagogeschen Aktivitéiten eis Jonk an engem ëmmer méi schnell wiesselenden Ëmfeld ze stäerken, virun allem och a Punkto Gewalt- a Sucht-Präventioun 

Der DP Helperknapp ass et och immens wichteg datt dëst Gesamtkonzept mat alle weideren Acteuren ofgeschwat an ofgestëmmt ass, wéi zum Beispill mam Office Social, der Maison Relais, der Amiperas, de verschiddene Club des Jeunes an all anerer Organisatioun déi aktuell och schonn am Wuel vun eise Bierger aktiv sinn. 

Tiers-Lieux. D’DP Helperknapp wëll an eiser Gemeng flott Plaze schafen, fir d’Zesummeliewen an den Echange tëschent de Generatiounen ze fërderen. Dozou gehéiere souwuel Plaze bannen, als ewéi och baussen. Niewent Raim am Lëtschert oder am neien intergenerationelle Projet vun Tënten, ginn et och Gréngflächen an aktiv Fräizäitaktivitéiten déi ee fir jidderee kann ëmdisponéieren. Heizou gehéiere weider Petanque-Pisten awer zum Beispill och Multisports-Terrainen an ëffentlech Park Anlagen. Och Léierpied an Auto-Pédestre Wanderweeër bidden sech als lieu de rencontre un, an hei ass et eis wichteg et zesumme mat Clibb a motivéierte Bierger weider auszebauen. 

Flott Plaze fir d’Hënn. Och um Land gëtt et Situatioune wou een seng Hënn net sécher fräi lafe ka loossen. Dofir proposéiere mir Plazen am Fräien déi speziell fir eis Hënn opgebaut sinn, mat engem Zonk ronderëm, mat engem Waasserbuer, mat Wues an déi d’Sécherheet bidden datt Hënn sech do ouni Lénkt kënne beweegen, ouni an de Stroossentrafic ze geroden. Hei kënne Mënsch-Hondsparcoursen ugebuede ginn awer och a virun Allem Sensibilisatiounsmaterial déi aus sou Plaze wäit méi maachen als ewéi eng einfach Muppentoilett.  

Biergerbedeelegung. D’DP Helperknapp wäert d’Bierger bei der Planifikatioun vun den Duerfzentere mat abezéien a begréisst d’Initiativ vum Schäfferot fir d’Bierger elo scho bei Projete wéi dem Park Bëschdref an dem Campushaff abezunn ze hunn. Zentral Plaze sollen nees belieft ginn an dëst andeems een d’Erwaardungen an d’Iddie vun de Bierger sou wäit dëst méiglech ass a Betruecht zitt. 

Biergerbedeelegung

Duerfcafé/Duerfepicerie a Kooperatioun mat engem Veräin/enger Genossenschaft. Besonnesch a méi klengen Uertschaften ass d’Iwwerliewe vun engem klasseschen Duerfcafé oder enger Epicerie eng grouss Erausfuerderung. Ëmmer méi vun deene fréiere Mëttelpunkte vum Duerfliewe verschwannen. Als DP wäerte mir interesséiert Gruppen oder Veräiner dobäi ënnerstëtzen, fir hinnen esou ëffentlech Plazen zougänglech ze maachen, wou si sech treffe kënnen. Esou Eegeninitiative beliewen net nëmmen d’Duerfliewen, mee stäerken de sozialen Zesummenhalt a fërderen d’Zesummeliewen.  

Mam Projet “Brissen” kréie Bierger vun der Gemeng Helperknapp e neie Restaurant, een Duerfcafé (Brasserie), eng Mikro-Bäckerei an eng Epicerie, alles op enger eenzeger Adress, ënnert dem Numm “Struwweltëntert”. D’Ëffnungszäite si vu Freides bis Dënschden 23h00 sou datt d’Bierger (Veräiner) och Méiglechkeet hunn Méindes a Dënschden an der Gemeng Helperknapp e Maufel ze iessen. D’Ouverture ass fir 2024 virgesinn. 

Noperschaftsfester (Fête des voisins). Fir e gutt Zesummeliewen an den Echange tëschent de Noperen ze fërderen, wäert d’DP Helperknapp Noperschaftsfester ënnerstëtzen an am Kader vum Biergerzenter weider Aktiounen an dësem Sënn opbauen.  

Sprooch-Caféen. D’DP Helperknapp begréisst déi grouss Offer u Sproochecoursen déi vum INLL an awer och vun Nopeschgemengen ugebuede ginn. Mir wäerten d’Méiglechkeet vu Sprooch-Caféen an der Gemeng analyséieren an entweder lokal Projeten oder souer, déi an Zesummenaarbecht mat anere Gemengen entstinn, ënnerstëtzen.  

Fërderung vum Nowuess am Volontariat. Fir d’Volontariat ze stäerken, solle Projeten zum Wuel vun der Allgemengheet kënnen um Campus an op Manifestatioune vun der Gemeng virgestallt ginn. Projeten, déi sech u Kanner a Jugendlecher riichten, oder vu Jugendlechen organiséiert ginn, sollen zousätzlech Hëllef vun der Gemeng kréien.  

Fërderung vun de lokale Veräiner. D’DP Helperknapp setzt sech fir eng konkret a substanziell Ënnerstëtzung vun de lokale Veräiner an. Nieft dem neie Subside-System deen agefouert gouf, an dem Iwwerhuele vum Sall- a Material reservéieren, ass et wichteg an weidert Material z’investéiere wat eis Clibb an hiren Demarchen ënnerstëtzt. Dëst ass essentiel fir e gutt Zesummeliewen an der Gemeng an d’laangfristegt Opbaue vun enger neier Jugend an all Club.  

Vernetzung vum Veräinsliewe vu méi Dierfer. Fir d’Veräinsliewen an de méi klengen Dierfer z’ënnerstëtzen, wëll d’DP Helperknapp proaktiv d’Vernetzung vu Veräiner aus verschiddenen Dierfer fërderen. Nieft der rezent agefouerter Navette fir Gemenge Fester, soll eng méi enk Zesummenaarbecht mam Transportministère gesicht gi fir Verbindungen innerhalb vun der Gemeng ze festegen. Och wëlle mir analyséieren a wéi fern een de Veräiner an dem Campus kann d’Méiglechkeet bidden, fir bei hire Fester eng Navette kennen ze proposéieren. Dëst kéint zum Beispill esou sinn, datt d’Gemeng systematesch een Undeel vun de Käschte fir sou eng Navette fir ëffentlech Fester iwwerhëlt. 

Jumelagë fleegen an ausbauen. Vill Gemengen hu scho gutt Erfarunge mat Jumelagen. D’DP Helperknapp wëll déi Partnerschaft mat Zechin fleegen an eventuell Neier opbauen.  

Pakt vum Zesummeliewen. Een harmonescht Zesummeliewe brauch déi aktiv Abannung vun all eenzele Bierger an dat ëffentlecht Liewen an der Gemeng. Fir de kulturellen Echange an de sozialen Zesummenhalt op lokalem Niveau ze fërderen, ass 2021 de Pakt vum Zesummeliewe gegrënnt ginn, dee schonn 30 Gemengen ënnerschriwwen hunn. Doranner engagéiere si sech, fir konkret Projete fir eng besser Integratioun vun neie Bierger auszeschaffen, fir esou d’Zesummeliewen an der Gemeng ze stäerken. Lëtzebuerger an Net- Lëtzebuerger schaffen hei Hand an Hand. Vue di rezent Entwécklungen op deem Niveau an der Gemeng, a vu d’Weiderentwécklungen déi an d’Haus stinn, mécht et absolut Sënn dësem Pakt bäizetrieden.  

Nächst Thema: Sport a Kultur