Helperknapp

Energie a Klima

Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d’Acteuren un engem Strack zéien. D’Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilitéit an domadder eng Virbildfunktioun. D’DP wëll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent stäerken. Mir wëllen d’Gemenge mëttelfristeg ganz klimaneutral kréien. Mir wëllen déi erneierbar Energien ausbauen, déi kommunal Gebaier energeetesch sanéieren an d’Energieeffizienz steigeren. An deem Kontext mécht d’DP sech och staark fir en doucen Ëmgang mat eisen natierleche Ressourcen a wäert de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft an alle Hisiichte respektéieren. De Bierger soll och duerch Sensibiliséierungscampagnen an duerch geziilten Hëllefe fir klimafrëndlech Mesure méi staark agebonnen an ënnerstëtzt ginn.

Virbildfunktioun. Déi ëffentlech Hand muss hirer Virbildfunktioun a punkto erneierbaren Energien an Energieeffizienz gerecht ginn an op deementspriechend Technologien ëmstellen. D’DP Helperknapp begréisst déi grouss Efforte vum Schäfferot fir erneierbar Energien, an erhofft sech doduerjer e Schub net nëmme fir d’Produktioun a fir d’Erfuerschung vun erneierbaren Energien, mee och fir d’Akzeptanz vun esou Mesure vun alle Bierger.

Greening vun der Gemeng. D’Klimakris ass en Challenge fir eis Stied an Dierfer. Eng adaptéiert Beplanzung hëlleft besonnesch am Summer fir d’Temperaturen am ëffentleche Raum ze reduzéieren an esou d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren. D’DP Helperknapp begréisst d’Efforte vum Schäfferot (enner anerem um Campushaff) fir der Beplanzung eng ganz héich Prioritéit ze ginn, a wëll hëllefen, fir Gebaier an Diecher ze beplanzen.

Drénkwaasserspender. D’DP Helperknapp wäert op ëffentlechen a vill frequentéierte Plazen (Parken a Spillplazen) fräi accessibel Drénkwaasserspender opstellen, a mobil Spender asetzen op Fester vun der Gemeng.

Parrainage fir ëffentlech Gréngflächen a Infrastrukturen. D’DP Helperknapp wëll ëffentlech Gréngflächen an Infrastrukturen fir Patenschaften opmaachen. Engersäits sollen d’Bierger, de Campus oder Betriber d’Méiglechkeet kréien, fir sech éierenamtlech ëm d’Beplanzung an d’Fleeg vu Gemeinschaftsgäert, Blummebeeter, Planzebacken, asw. ze bekëmmeren. Anerersäits sollen z.B. Entreprise kënne Parrainage vun Infrastrukturen (ë.a. Drénkwaasserspender) iwwerhuelen.

Ausbau vu klimaneutraler Stroumversuergung. D’DP Helperknapp wëll d’Méiglechkeete fir d’Produktioun vun erneierbaren Energien an der Gemeng voll ausnotzen. All ëffentlech Gebaier (Gemeng, Campus, Sportshal, asw.) sollen esou séier ewéi méiglech mat lokal produzéiertem Stroum versuergt ginn. Mir begréissen dofir d’Installatioun an d’Notzung vu Photovoltaik-Anlagen op den Diecher vu Gemengegebaier a wëllen dëst konsequent ausbauen. D’Iwwerproduktioun ka verkaf an an d’Stroumnetz agespeist ginn. Weider ënnerstëtze mir grondsätzlech Partnerschafte mat lokalen a regionale Energiekooperativen, déi den energeetesche Wiessel virundreiwen.

Wandmillen

Méi vun der Wandenergie profitéieren. Beim Notze vun der Wandkraaft huet Lëtzebuerg nach vill Sputt no uewen. D’DP Helperknapp wäert Faisabilitéitsstudien weiter verdéifen fir lokal Sitten ze fannen, déi praktesch keen Impact op Déierewelt an Natur hunn. Dëst geschitt och an enkem Kontakt mat de Bierger, fir esou méigleche Bedenke Rechnung ze droen. Ausserdeem wäert d’DP Helperknapp de Bierger d’Méiglechkeet bidden, fir sech u Wandmilleprojeten ze bedeelegen. Benefisser kéimen esou de Bierger aus der Gemeng zegutt.

Méi Luucht, manner Energie. D’Stroossebeliichtung mécht e substantiellen Deel vun eisem Stroumverbrauch aus. D’DP Helperknapp ënnersträicht d’Beméiung vum Schäfferot an dem Techneschen Déngscht fir all Gemengebeliichtung op déi energieeffizient LED- Technologie ëmgestallt ze hunn a wëll do wou sënnvoll, dës Luuchte mat engem Dimmer a mat Beweegungssensoren equipéieren.

Fuhrpark moderniséieren. D’DP Helperknapp setzt op e klimaneutralen Transport a wäert de Fuhrpark vun der Gemeng weider schrëttweis op CO2-neutral Gefierer ëmstellen.

Energieberodung. Zousätzlech zu den nationale Berodungszenteren, ewéi der Klimaagence, wäert d’DP Helperknapp och op lokalem Niveau d’Berodungsoffere fir privat Stéit a fir Betriber ausbauen. Duerch Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne soll iwwerdeems och d’Gemengepersonal zum Energiespueren animéiert ginn.

Klima- an ëmweltfrëndlecht Bauen. D’DP Helperknapp wäert dofir suergen, datt all kommend Bauprojeten dem héchsten energeetesche Stand entspriechen. Bei Gemengegebaier soll besonnesch op ëmweltfrëndlecht Baumaterial, wéi z.B. Holz, an op eng Planung nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft uecht gedoe ginn.

Energeetesch Sanéierung. D’DP Helperknapp setzt sech fir en allgemengen Investitiounsprogramm op alle Verwaltungsniveauen an, fir ëffentlech Ariichtungen energeetesch ze sanéieren.

Klimafrëndlech Subventiounen ausbauen. Zousätzlech zu de staatleche Subventioune fir erneierbar Energien, fir energeetesch Sanéierung oder klimaneutral Mobilitéit, wäert d’DP Helperknapp d’Subventiounen vun der Gemeng reegelméisseg analyséieren a wann néideg upassen, resp. neier aféieren, fir esou weider staark Ureizer fir d’Bierger ze schafen. Och de Kaf vun energieeffizienten Haushaltsapparate soll gefërdert ginn, besonnesch fir akommesschwaach Stéit.

Mesuren aus dem Klimapakt 2.0 ëmsetzen. D’DP Helperknapp begréisst datt d’Gemeng dem Klimapakt 2.0 bäigetrueden ass an ee Klimaschäffen huet. Elo gëllt et méiglechst vill vun de proposéierte Mesuren ëmzesetzen.

Nohalteg Manifestatiounen. D’DP Helperknapp wëll d’Approche vum Schäfferot weiderféieren wou Clibb déi d’Emweltcharta ënnerschriwwen hunn an ee Green-Event Subside kréien, eng weidere finanziell Subventioun ze ginn. Desweidere wäerte mir sécherstellen, datt all Manifestatiounen vun der Gemeng den Nohaltegkeetskrittären entspriechen an den Ufuerderunge vum Label Green event vun der Superdreckskëscht entspriechen.

Nohalteg Ressource gebrauchen. D’DP Helperknapp setzt sech dofir an, datt Wueren a Servicer, déi vun de Gemenge kaf ginn, méiglechst héijen Ëmwelt-, Sozial- a Governance-Kritären (ESG) entspriechen.

Soumissiounen no Nohaltegkeetskritären. Zousätzlech zu den übleche finanzielle Krittäre bei ëffentlechen Ausschreiwungen, sollen och Facteuren ewéi Ëmweltverdréiglechkeet, Kreeslafwirtschaft, schounende Waasserverbrauch an Energieeffizienz an d’Konditioune vun de Soumissiounen agebaut ginn.

Antigaspi-Gemengen. Een Drëttel vun de Liewensmëttel op der Welt gëtt ewechgehäit, wärend vill Leit op der Welt Honger leiden an et Enkpäss bei der Versuergung mat Weess gëtt. Niewent eiser ethescher Verflichtung, fir sech deem Problem unzehuelen, dierf dobäi och net déi ökologesch Dimensioun vum Problem vergiess ginn.

D’DP Helperknapp begréisst dofir d’Initiativ vun der Gemeng een éischten Anti-Gaspi Frigo op Téinten installéiert ze hunn, a begréisst datt een zweeten op Bruch an d’Koll kënnt wou déi Platen déi an der Kantin vum Campus Rescht bliwwe sinn kënne fir ee klengt Entgelt geholl ginn. Och ass d’Approche eng Foodsharing Associatioun an de Park Bëschdref z’integréieren luewenswäert. Fir eis ass et wichteg datt d’Gemeng all Bierger iwwert dës Projeten informéiert an iwwert d’Thema antigaspi.lu sensibiliséiert.

Nohalteg Notzung vun de Bëscher. Mir ennerstëtzen déi nohalteg Neesopforstung a Bewirtschaftung vum Bësch, z.B. als Energiequell fir Holzhackschnëtzelheizungen oder fir klassesch Holzheizungen. Doriwwer eraus setze mir eis dofir an, datt déi nohalteg Forstwirtschaft mat der regionaler Wirtschaftsentwécklung verknäppt a gefërdert gëtt; ënner anerem fir wäit Transporter ze vermeiden.

Biodiversitéit schützen. Och op lokalem Niveau spillt d’Widderstandsfäegkeet vun eisen Öekosystemer eng immens wichteg Roll. Dofir wäert d’DP Helperknapp den Asaz vu Planzeschutzmëttel reduzéieren, d’Uertschafte méi begréngen, Gemengewisen a Gréngfläche laanscht d’Stroossen dem Fauchage tardif no ënnerhalen a lokal Biotopen, ewéi Fiichtwisen, enner anerem am Kader vum SICONA schützen an renaturéieren.

Planzen amplaz Gravier. Déi wäitverbreete Schottergäert sinn eng ökologesch bedenklech Entwécklung. D’DP Helperknapp wäert dofir Informatiounscampagnen opsetzen an deen Ament och Mesure proposéieren, déi d’Leit dozou animéieren, fir méi ëmweltfrëndlech Gäert unzeleeën a fir besteeënd Schottergäert zeréckzebauen.

Alternativen zur Buedemversigelung ausbauen. D’DP Helperknapp wëll bei ëffentlechen Infrastrukturen, ewéi zum Beispill beim Bau vun neie Parkplazen, méiglechst op Flächeversigelung verzichten a se duerch Eco-Parkplazen ersetzen sou wéi dat zu Tënten bei der Gemeng an Bruch beim Campus a bei der Kierch rezent de Fall ass.

Méi op Reewaasser zeréckgräifen. Och Lëtzebuerg leidt ëmmer méi ënner Waassermanktem. Bei Sanéierungen a beim Neibau vu kommunalen Ariichtunge wëlle mir dofir Systemer fir d’Opfänke vu Reewaasser aplangen, dat da fir d’Sanitäranlage gebraucht gëtt. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt d’Konzept vum Modell Sponge city, bei deem d’Reewaasser lokal opgefaangen a gespäichert gëtt, amplaz datt et just kanaliséiert an oflafe gelooss gëtt (wéi zum Beispill um Campus Helperknapp). Esou kënnen ënner anerem och d’Beem am ëffentleche Raum bewässert ginn.

Héichwaasserschutz verbesseren, Waasserleef renaturéieren. Déi lescht Joren hunn eis d’Wichtegkeet vum Héichwaasserschutz op eng dramatesch Manéier gewisen. D’DP wäert en ëmfaassend Konzept fir den Héichwaasserschutz entwéckelen an zemol d’Renaturéierung vun de Waasserleef an de Gemengen virundreiwen. An engems wäert d’DP an d’Protektioun vun Objeten investéieren, fir menacéiert Gebaier beschtméiglech op all Risike virzebereeden.

D’DP wäert och grouss, ënnerierdesch Waassersammelbecken uleeën, an déi d’Waasser bei staarkem Reen kann opgefaange ginn, fir esou Iwwerschwemmungen ze verhënneren. Déi Reserve kënnen dann an Drécheperioden z.B. fir d’Netze profitéiert ginn.

Starkreenetud. No den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021huet den aktuelle Schäfferot proposéiert eng Staarkreenetüd an d’Wee ze leeden wou all Bierger sech mëttelfristeg kann drun uschléissen a wou d’Chance besteet datt de Staat een Deel vun de private Mesurë ka finanzéieren.

Nächst Thema: Digital, biergerno an transparent Gemengen