Helperknapp

Gemengefinanzen

D’DP Helperknapp steet fir eng laangfristeg Finanzpolitik a Form vun enger mëttelfristeger Finanzplanung.

Effiziente Budgetsmanagement. D’DP setzt sech fir eng effikass Ausgabepolitik an de Gemengen an a wëll – iwwer sougenannte Screeningen an (inter-)kommunal Akafszentralen – zousätzlech Mëttel fir nei Initiativen an Investitioune schafen. Mir si fir eng responsabel Verschëldungspolitik an de Gemengen. D’Verschëldungscapacitéite sollen nëmmen da genotzt ginn, wa spezifesch Investitiounen an d’Zukunft vun der Gemeng a vun hire Bierger noutwenneg sinn. Dobäi dierfen d’Nofolgekäschte fir de Budget op kee Fall aus den Ae verluer ginn. Aus dësem Grond huet den aktuellen Schäfferot déi lescht 4 Joer beim Opstellen vum Gemengebudget ob eng extern Firma zeréckgegraff, déi spezialiséiert ass ob Gemengefinanzen an sou konnt iwwerpréiwen, dass d’Projeten och laangfristeg d’Strooss halen.

Alternativ Finanzéierungsmodeller. Als DP Helperknapp si mir dovunner iwwerzeegt, datt vill Potenzial an der ëffentlech-privater Finanzéierung vun Investitiounsprojete mat privaten Entreprener an interesséierte Bierger stécht. Och alternativ Finanzéierungskonzepter, ewéi zum Beispill Public private partnership oder Crowdfunding bei Solaranlagen oder Wandmille sollen op hir Machbarkeet gepréift a gegeebenefalls ëmgesat ginn.

Reegelméisseg Auditten. D’DP Helperknapp trëtt dofir an, datt d’Gemeng sech an aller Transparenz muss engem finanzwirtschaftlechen Audit duerch e Réviseur d’entreprise ënnerzéien – am Rhythmus vun 12 Joer (zwou Legislaturperioden). D’Resultater vum Audit musse publizéiert ginn.

Interkommunal Zesummenaarbecht fërderen. Déi wéinegst Gemenge kënnen hire Bierger all Infrastrukturen a Servicer ubidden. Dofir wëll d’DP Helperknapp méi staark op eng interkommunal Kooperatioun setzen. Esou eng Zesummenaarbecht erlaabt Synergie bei besteeënde Strukturen, Servicer, neien Infrastrukturprojeten (Piscine, Tennishal, asw.); ma och beim Akaf vu grousse Maschinnen, wou kënne Käschten agespuert ginn.

Eis Kandidaten a Kandidatinnen