Helperknapp

Zesummeliewen a Gläichstellung

D’DP setzt sech fir e respektvollt an tolerant Matenaner an a wäert déi gesellschaftlech Participatioun vun alle Bierger fërderen. Mir wäerte weider géint all Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft virgoen an all Zort vun Diskriminéierung bekämpfen. D’Gemenge musse géint esou Tendenze virgoen a Wäerter ewéi Toleranz an Akzeptanz an alle Beräicher fërderen. Och d’Fro vun der Genderneutralitéit a vun Themen, déi sech op LGBTQ+ bezéien, muss weider opgeschafft ginn.

Akzeptanz an Toleranz fërderen. Am Aklang mat den nationale Schoulprogrammer, wäerte mir Projeten um Campus mam zukünftege Jugendhaus a mat aneren edukativen Ariichtungen ënnerstëtzen. D’Gemeng ass staark beméit, fir Stereotyppen entgéintzewierken, Geschlechterrollen ze briechen a fir Opklärung ze suergen an d’DP Helperknapp begréisst d’Mossnam vum Schäfferot eng MEGA+ Konventioun mam Gläichstellungsministär an d’Wee geleet ze hunn.

Barrièrefräiheet. Et muss och Mënsche mat Behënnerunge méiglech sinn, fir sech onofhängeg ze beweegen an esou e fräit Liewe féieren ze kënnen. D’DP Helperknapp wëll déi ëffentlech Infrastrukturen a Servicer déi nach net den haitege Standarden entspriechen, esou séier ewéi méiglech ouni Barrièrë gestalten. Net als nice-to-have, mä als feste Bestanddeel vun den allgemenge Strukture vum gesellschaftleche Liewen. Dëst ass een essenzielle Volet fir der neier Verfassung gerecht ze ginn. Et ass och nëmmen esou wéi mir kënnen Stigmatiséierung évitéieren an eng Diskriminéierung verhënneren.

Lëtzebuergesch-Coursen. D’Lëtzebuerger Sprooch dréit duerch seng Roll an der Integratioun an am Alldag wesentlech zur sozialer Kohesioun am Land bäi. D’DP Helperknapp wäert d’Offer u Lëtzebuergesch-Course no enger Analys entweder ausbauen oder soss Coursen an Nopeschgemenge méi accessibel maachen.

Inklusiv Kommunikatioun. Eng ugepassten an informativ Kommunikatioun ass d’Essenz vun engem gudden Zesummeliewen. D’Gemeng setzt sech dofir an, datt all Bierger Accès zu all den Informatiounen aus der Gemeng huet – dat gëllt fir den normale Courrier, ma och fir den online Kontakt mat all den Administratiounen. An dësem Kader ass den Internetsite vun der Gemeng schonns duerch den atkeulle Schäfferot technesch analyséiert an duerno ugepasst ginn. Mee et feelt aktuell nach u weidere Sproochen, an enger vereinfachter Sprooch. Dofir wëll d’DP Helperknapp d’Ekippe vun der Gemeng forméiere loossen an och entlaaschte fir Zäit ze schaffen op d’mannst 3-sproocheg ze fueren.

Hëllef am Noutfall. Fir eeler Mënschen a fir Leit mat enger Behënnerung kënnen Urgencë séier schlëmm Suiten hunn. Leit, déi schlecht oder net héieren, kënnen z.B. den Test-Alarm an der Gemeng net ëmmer héieren. Am Eeschtfall wier dat e grousse Problem. D’DP Helperknapp wäert dofir suergen, datt déi Leit bei enger Urgence iwwer déi néideg Mesuren informéiert ginn an och bei de weidere Schréck ënnerstëtzt ginn.

Gratis Menstruatiounsartikelen. D’Gemeng Helperknapp offréiert scho säit 2 Joer gratis Menstruatiounsartikelen op den Toiletten vun de fréiere Schoulen an elo dem Campus. Dat ass net nëmmen e Fortschrëtt a gesondheetspolitescher Hisiicht, ma och a Schrack a Richtung Gläichberechtegung a Selbstbestëmmung. D’DP Helperknapp wäert sech dofir asetzen datt op all ëffentlecher Toilette an der Gemeng Helperknapp esou Spender hikommen an och regelméisseg opgestockt ginn.

Wéckeldësch. Am Sënn vun der Gläichberechtegung wäert d’D’DP Helperknapp dofir suergen, datt Wéckeldëscher op ëffentlechen Toilette fir Fraen a fir Männer accessibel sinn.

Diversitéit am ëffentleche Raum. Fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra weider auszebauen, ass et noutwenneg, fir d’Siichtbarkeet vun de Fraen am ëffentleche Raum ze stäerken. No den éischte Stroossen déi 2022 no weibleche Perséinlechkeete benannt goufen, wäert d’DP Helperknapp dofir suergen, datt regelméisseg weider nei Stroossen no weibleche Perséinlechkeete benannt ginn. D’Diversifikatioun muss awer och an der Sprooch ausgebaut ginn: Net nëmmen d’Geschlecht, ma och aner sozial-kulturell Kategorie solle berücksichtegt ginn. Am Kader vun der MEGA+ Konventioun mam Ministär fir Gläichstellung, wëll d’DP Helperknapp sech staark maachen fir weider innovativ Mesuren ze huelen fir Männer a Fraen zesummen ze stäerken an deene Beräich wou si bis dato net déi selwescht Chancen haten oder souguer diskriminéiert goufen.

Nächst Thema: Propper a sécher Gemengen