Helperknapp

Propper a sécher Gemengen

D’Gemeng ass mat responsabel fir d’Sécherheet an fir d’Protektioun vum Bierger. D’Sécherheet – och an zemol déi gefillte Sécherheet – gehéiert zu de wichtegste Piliere vun der Liewensqualitéit. Sécherheet schaaft een net eleng duerch méi eng héich Policepräsenz, ma duerch e ganze Pak u Mesuren. Ugefaang mat enger positiver Wäertevermëttelung an der Schoul an an de Veräiner. D’Gemeng ënnerstëtzt déi Responsabel an deene Beméiungen. Dofir wëll d’DP Helperknapp och appropriéiert Jugendariichtungen mat Betreiungspersonal aféieren.

Weider soll d’Gemeng Helperknapp eng aktiv Präventiounspolitik mat der Police zesumme maachen an deems d’Mënschen iwwer Verbriechenspräventioun an iwwert déi gängeg Technike vun de Brigangen informéiert ginn. Dat gëllt besonnesch fir eeler Leit.

Präventioun bei de Jugendleche weider verstäerken. Jugendhaiser bidden net nëmme Aktivitéiten un, mee och eng gesellschaftlech Jugend- a Präventiounsaarbecht an de Beräicher Schoul, Drogen, Kriminalitéit, physesch a mental Gewalt, Sexualitéit, Mobbing an nach Villem méi. D’DP Helperknapp steet hannert der Initiativ vum Schäfferot fir een neit Jugendhaus ze schafen wat integréiert an engem Gesamtkonzept dezentral déi Jonk do opfänke geet wou se sech an der Gemeng ophalen.

Photo by Anete Lusina.

Präventioun a punkto haislecher Gewalt. D’DP Helperknapp wäert sech fir regional Ulafstellen asetzen, déi sech ëm Affer vu Gewalt bekëmmeren. Weider wäerte mir Präventiounscampagnen vis-à-vis vu gewalttätegem Verhalen an deementspriechenden Betreiungsservicer ënnerstëtzen.

D’Ëffentlechkeet sensibiliséieren. D’Gemeng soll de Bierger iwwer d’Protektioun virun Abréch an iwwer d’Verkéierssécherheet informéieren. D’Opklärungscampagne sollen net just der Police iwwerlooss ginn. D’Gemeng Helperknapp kéint nierft den aktuelle Publikatiounen am Buet an um Internet och zum Beispill reegelméisseg Informatiounsversammlungen iwwer Plaze maachen, op deenen et besonnesch dacks zu Accidenter kënnt.

Dat kommunaalt Policereglement an d’Sécherheetskonzept upassen. Et ass wichteg, fir dat kommunaalt Policereglement an d’Sécherheetskonzept reegelméisseg ze préiwen an eventuell unzepassen. Den aktuelle Schäfferot huet réischt rezent een neit, vun de concernéierte Kommissioun aviséiert an un d’Fusioun ugepasste Policereglement agefouert. D’DP Helperknapp wëll sech elo schonn dervir asetzen am Dialog mat de Bierger esou Reglementer reegelméisseg z’analyséieren a wann néideg och unzepassen.

Biergerversammlungen zum Thema Secherheet. D’DP Helperknapp wëll regelméisseg mat de Bierger iwwert d’Sécherheetslag diskutéieren. Op Basis vun deene Gespréicher wäert d’DP Helperknapp net nëmmen dervir suergen datt déi Conclusioune mat an de Comité de prévention afléissen, mee och datt ee lokaalt Sécherheetskonzept mat der Police zesummen ausgeschafft ka ginn.

Kommunal Zesummenaarbecht géint Radikaliséierung an Extremismus. All Gefor, déi vun enger wuessender Radikaliséierung oder vun Extremismus ausgeet, muss am Keim erstéckt ginn. D’DP Helperknapp wëll sech hei derfir asetzen datt d’Integratiounskommissioun zesumme mam Schäfferot zesumme mat ënner anerem der Plattform respect.lu Mesuren an engem kommunale Pakt géint Radikaliséierung an Extremismus opzestellen déi dës geféierlech Entwécklungen fréi entdecken.

Méi Defibrilateuren am ëffentleche Raum. Den aktuelle Schäfferot huet weider Defibrilateuren am ëffentleche Raum installéiere gelooss. D’DP Helperknapp begréisst dës Initiativ a wëll, no Analys duerch déi 2 CIS aus der Gemeng, weider Mesuren huelen wéi zum Beispill reegelméisseg Course fir de Gebrauch vu sou Apparater.

Propper Gemengen. Propretéit ass eng wichteg Konditioun fir liewenswäert Uertschaften. D’DP Helperknapp ënnerstëtzt d’Approche vum aktuelle Schäfferot fir d’Aarbechtsschrëtt an d’Material vun de Gemengenservicer regelméisseg ze préiwen an eventuell unzepassen. D’Aféiere vu getrennten Dreckskëschten a genuch Hondstuten am ëffentleche Raum sinn hei Mesuren déi scho ganz gutt vum techneschen Déngscht ëmgesat goufen. Mir wäerten awer och weider Sensibiliséierungscampagnen an der Gemeng maachen, fir d’Bierger iwwer best practices fir e gutt Zesummeliewen z’informéieren, an Initiativen wéi den aktuelle Projet vun der Maison Relais wou d’Kanner sech selwer dem Thema Hondstuuten unhuelen.

Liichtverschmotzung reduzéieren. Liichtverschmotzung huet Auswierkungen op d’Gesondheet vu Mënsch an Ëmwelt. D’DP Helperknapp begréisst den Asaz vum Schäfferot e Beliichtungskonzept an der Gemeng agefouert ze hunn deen déi aktuell Standarde respektéiert, enner anerem duerch d’flächendeckend Aféiere vun LED Stroossebeliichtung. D’Liichtverschmotzung an den Uertschaften soll awer kontinuéierlech iwwerpréift ginn an eventuell Upassunge solle mam Sécherheetskonzept vun der Gemeng ofgestëmmt ginn.

Nächst Thema: Mobilitéit