Huesepescht och zu Lëtzebuerg?

An Däitschland verbreet sech d’Huesepescht, déi sougenannten Tularämie, den Ament ëmmer weider. Dës Infektiounskrankheet ass och op de Mënsch iwwerdrobar. Ginn et hei zu Lëtzebuerg den Ament scho Fäll vu kranken Déieren? Wou leien d’Risiken a fir wien? Sinn d’Jeeër a Baueren iwwert d‘Situatioun informéiert? Wat fir Preventiounsmoossnamen existéiere fir enger Verbreedung am Grand-Duché virzegräifen? D’Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

„Aus ëmmer méi Deeler vu Nordrhein-Westfalen an och aus dem Bundesland Bayern kënnt dëser Deeg d’Noriicht, dass sech d’Huesepescht, och Tularämie genannt, an deene Regiounen ëmmer weider verbreet. Dës héichustiechend Infektiounskrankheet verursaacht bei Huesen, Kanéngercher an anere Nagedéieren, dass si vill ofmoeren, apathesch ginn an torkelen – et kënnt zu enger Aart Bluttvergëftung an d’Déiere verenden no kuerzer Zäit.

Am direkte Kontakt mam Déier oder och mat den Exkrementer vun dësen Déieren ass dës Krankheet och op de Mënsch iwwerdrobar. D’Symptomer beim Mënsch sinn änlech wéi bei enger Gripp; Kappwéi, héich Féiwer oder och en Houscht, a si musse mat Medikamenter behandelt ginn.  

De Noriichten aus dem Ausland no soll et an de leschte Joren ëmmer erëm zu Infektioune bei Mënsche komm sinn. Besonnesch oppasse soll ee bei Hënn oder Kazen, déi d’Krankheet un de Mënsch kënne weiderginn, an och Insekte kéinten se direkt op de Mënsch iwwerdroen. 2019 hätten sech esou an Däitschland 72 Leit mat dëser Krankheet infizéiert.

An deem Kontext wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Sinn den Ament Fäll vun Tularämie hei zu Lëtzebuerg bekannt?
  • Wa jo, wou sinn dës Déiere fonnt ginn?
  • Den Här Minister sot 2020 a senger Äntwert op eng mëndlech Fro et géing een am Saarland nofroen, wéi wäit den Impfstoff fir dës Krankheet developpéiert wier. Konnt den Här Minister hei weider Detailer erausfannen a wat fir eng?
  • Sinn d’Baueren an d’Jeeër op déi momentan Situatioun opmierksam gemaach ginn?
  • Bestinn Preventiounsmoossname fir eng Verbreedung hei am Land ze evitéieren? Falls jo, wat fir eng?
  • Bestinn Risiken fir aner Déieren déi fräi um Feld gehale sinn, an eventuell mat kranken Déieren a Kontakt kéinte kommen?
  • Bestinn Risiken fir Veterinären oder aner Beruffsgruppen sou wéi beispillsweis an der Restauratioun?
  • Wéi sollen d’Leit virgoen, am Fall wou si ee krankt oder doudegt Déier an der Natur géife fannen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...