Internationale Lycée zu Schëffleng

D’Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst weider. Et ass deemno normal, datt Schoule musse bäikommen. Dofir sinn am Koalitiounsaccord dräi zousätzlech ëffentlech Europaschoule virgesinn, fir den internationale Schoulsystem, och an zemol ronderëm Esch-Uelzecht, auszebauen. Bis ewell ginn et scho sechs esou Etablissementer zu Clierf, zu Miersch, zu Jonglënster, an der Stad, zu Déifferdeng an zu Munneref.

Déi nei École européenne agréée, déi Op de Fléierchen op Schëffleng kënnt, wäert eng méisproocheg a multikulturell Ausbildung ubidden an op den europäesche Baccalauréat virbereeden, deen an der EU gëllt. Am Ufank si franséisch an englesch Sektioune virgesinn. Lëtzebuergesch bleift awer obligatoresch an ass och d’Integratiounssprooch.

Den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Diskussioun an der Chamber

D’Schoul wäert aus engem provisoresche Fondamental an aus engem Secondaire bestoen. De Fondamental soll spéider ganz op de Site Victor Hugo op Esch-Uelzecht kommen, wärend de Secondaire zu Schëffleng bleift. Op laang Siicht gëtt mat enge 500 Schüler am Fondamental a mat ronn 1.000 Schüler am Secondaire gerechent.

De Lycée erweidert u sech d’Offer vun den ëffentlechen Europaschoulen. Den neie Lycée soll fir d’Rentrée 2031/2032 fäerdeg sinn, an donieft gratis an oppe fir jidderee sinn. Den Terrain vum Site ass eng dräi Hektar grouss. D’Gemeng Schëffleng stellt den Terrain zur Verfügung, bleift awer Proprietär vum Buedem.

De Gesetzprojet 8702 ass de Mëttwoch, 17. Juni 2026 an der Chamber ugeholl ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gëtt et nach Hoffnung?

An der Tribune Libre vun der DP freet sech den Europadeputéierte Charles Goerens haut, wéi d’Memberlänner vun der EU déi sëllege Krisen an de leschte Jore gepackt hätten, wa se 27 mol eleng gewiescht wieren.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm haislech Gewalt, d’Situatioun am Entreprenariat an den Anniversaire vun enger Kulturinstitutioun.

weiderliesen...

Méi sozial Gerechtegkeet fir Independanten

D’Regierung wäert deemnächst en Aktiounspak virstellen, fir d’Independanten am Beräich vun der Sozialversécherung, vun de Steieren a vun der Aarbechtslosegkeet besser z’encadréieren. Dat ass e ganz wichtege Schrack, sot d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei enger Aktualitéitsstonn an der Chamber.

weiderliesen...