John Schummer (†)

Am Alter vun 73 Joer ass den Éierendeputéierten a fréieren Déifferdenger a Kopleschter Gemengeconseiller John Schummer gestuerwen.

De John Schummer ass tëschent 1989 an 2009 fënnef mol mat der DP an d’Chamberwale gaang. 1992 ass hie fir de Josy Barthel op de Krautmaart nogeréckelt. De Verstuerwenen ass 1994 an 1999 direkt am Süde gewielt ginn. Hie war ënnert anerem President vum Benelux-Parlament.

De John Schummer war Papp vun dräi Kanner. De begeeschterte Fechter a fréieren Handballnationalspiller huet fir d’éischt am Finanzsekter geschafft a war duerno siwe Joer laang Direkter vun der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng. D’DP trauert ëm e gudde Frënn, dee sech mat vill Energie fir Lëtzebuerg a seng Leit agesat huet. Mir sinn a Gedanke beim John senger Famill a senge Frënn an drécken hinnen eist éierlecht Matgefill aus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...