D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik en Dënschdeg, de 27. Oktober 2026 an der Chamber. Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Kommissioun Gusty Graas huet déi Politik ënnerstëtzt a sech fir e responsabelt a solidarescht Europa ausgeschwat.
Fir de Xavier Bettel ass Aussepolitik enk mam Alldag vun de Leit verbonnen. Kricher, onsécher Handelsweeër an international Spannungen hunn negativ Auswierkungen op d’Energie- an d’Liewensmëttelpräisser, respektiv op d’Wirtschaft. Lëtzebuerg misst dofir seng Bezéiunge verdéiwen a sech mat neie Partnerschafte méi breet opstellen.
Support fir d’Ukrain ass Sécherheet fir Lëtzebuerg
De russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain bleift eng fundamental Erausfuerderung fir Europa. E Krich, deen d’Grondlage vun der europäescher Sécherheet a vum internationale Recht a Fro stellt. Lëtzebuerg géif säi Support dofir konsequent weiderféieren.
„Och wann d’Enn vum Krich um Verhandlungsdësch muss geléist sinn, musse mir sécher sinn, datt dës Verhandlungen och zu engem dauerhaften a gerechte Fridde féieren.“ – Xavier Bettel
Dofir misst Russland d’Souveränitéit vu sengem Noper unerkennen. Zur Solidaritéit gehéiert och, datt déi Verantwortlech fir d’Aggressioun zur Rechenschaft gezu ginn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt an deem Sënn de Spezialtribunal vun Den Haag.
Fir de Gusty Graas muss d’Ukrain bei Verhandlungen iwwer seng Zukunft mat dobäi sinn. D’Ukrainer géingen och de Fridden an Europa an déi gemeinsam demokratesch Wäerter verdeedegen.
„Russland ass den Agressor, Russland huet dëse Krich ugefaang a Russland muss Verantwortung iwwerhuelen, fir dësem Krich een Enn ze setzen.“ – Gusty Graas
Och déi hybrid Attacken, Sabotage an Destabiliséierungsversich géint Europa missten eescht geholl ginn, esou den aussepolitesche Spriecher vun der liberaler Fraktioun.


Perspektive fir den Noen Osten
Fir Israel a Palästina bleift d’Zwee-Staate-Léisung de Wee zu engem dauerhafte Fridden. Fir de Xavier Bettel ass d’Unerkennung vu Palästina duerch Lëtzebuerg e wichtege Schrëtt. Elo bräicht et konkret Progrèsen um Terrain.
Dozou gehéieren eng demokratesch Perspektive fir d‘Palästinenser, an eng Entwaffnung vum Hamas an awer och de Respekt vun den Engagementer vun Israel sou wei de Stopp vun der israeelescher Siidlungspolitik am Westjordan.
Well eng gemeinsam europäesch Äntwert bis elo keng Majoritéit kritt huet, wëll Lëtzebuerg säi rechtleche Kader upassen, fir direkt Importer aus illegale Siidlungen an de besate Gebidder ze verbidden. Dat wier eng geziilt Mesure, esou de Xavier Bettel a keen allgemengen Handelsembargo géint Israel. De Gusty Graas huet dëst Virgoe begréisst:
„D’Regierung huet an dësem Dossier Courage bewisen.“ – Gusty Graas
Stäerkte besser notzen
D’Bezéiunge mat den USA bleiwe fir Lëtzebuerg essentiel, huet de Xavier Bettel betount. D’Frëndschaft, d’Zesummenaarbecht an der NATO an déi wirtschaftlech Verbindunge misste weider gefleegt ginn. Ma Europa misst och méi Verantwortung fir seng eege Sécherheet iwwerhuelen.
D’Äntwert op déi international Onsécherheet läit fir de Gusty Graas an engem handlungsfäegen Europa. Dozou gehéieren e staarke Bannemaart, méi wirtschaftlech Kompetitivitéit an de konsequente Schutz vum Rechtsstaat.
„Vereinfachung däerf net mat Deregulariséierung gläichgestallt ginn.“ – Xavier Bettel
D’EU-Erweiderung bleift eng strategesch Prioritéit vu Lëtzebuerg. Fortschrëtter missten awer un tatsächlech Reformen, eng onofhängeg Justiz an un de Respekt vun den demokratesche Wäerter gebonne bleiwen.
De Gusty Graas huet an deem Kontext virum Rietsextremismus gewarnt, deen d’Fräiheet, d’Demokratie an den europäeschen Zesummenhalt menacéiert. An domat genee dat, wat eis staark mécht: den europäeschen Zesummenhalt.


Oppe Grenzen, nei Partnerschaften
Lëtzebuerg profitéiert vum Accord vu Schengen. Dofir belaaschten d’Grenzkontrollen den Alldag vun de Bierger a Frontalieren a schueden der Ekonomie. De Xavier Bettel wëll sech dofir weider fir oppe Grenzen an eng enk Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner asetzen.
Schliisslech wäert Lëtzebuerg säin diplomatesche Reseau ausbauen. Wirtschaftsmissiounen an nei Partnerschaften an Asien, Amerika an Afrika sollen hëllefen, fir nei Betriber an Investitiounen unzezéien a Partnerschaften ze verdéiwen. Afrika, e Kontinent mat enormem Potenzial, muss och als Kontinent vun Innovatioun, jonken Talenter a wirtschaftleche Méiglechkeete gesi ginn.
Aussepolitik ass awer och en direkte Service um Bierger. De Xavier Bettel huet op déi konsularesch Hëllef a Krisenzäite verwisen, notamment d’Réckféierung vu 550 Leit aus den Emiraten. En effikassen diplomatesche Reseau hëlleft Lëtzebuerg, an Noutsituatioune séier ze reagéieren.
(Fotoen © Chambre des Députés)




