Kënnt et zu weideren Upassunge bei der Buslinn 555?

No den Ännerunge vum Busplang vum 13. Dezember hunn eng Rei Linnen am Norde missten nach emol ugepasst ginn, well et zu Schwieregkeete komm ass, zemol beim Schülertransport. Well awer keng Adaptatioune bei der Buslinn 555 virgeholl goufen, quitt dass et och hei eng Rei Problemer gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nach emol beim zoustännege Minister nogefrot.

« An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3191 vum 23 November 2020 ass den Här Minister op zousätzlech Adaptatiounen vun de Buslinnen 522, 536, 540, 545, 560, 568, 571 a 572 am Norde vum Land agaangen, nodeems d’Ännerung vum Busplang op den 13. Dezember fir Schwieregkeete gesuergt hat, besonnesch wat de Schülertransport betrëfft.

Allerdéngs ass mir zougedroe ginn, dass och d’Schüler, déi vun Huldang op Dikrech an de Lycée classique fueren, a bis viru kuerzem d’Linn 555 konnten huelen, eng Rei Schwieregkeete mat dem neie Busplang hunn. Sou géif z.B. nëmmen ee Bus moies bei den LCD an nomëttes um 15.00 Auer vum LCD op Huldang fueren, soudass déi Schüler, déi schonn um 12.00 Auer fräi hunn, kee Bus fir heem kréien.

Allgemeng hunn ech och vu ville Leit héieren, déi bis elo mat der Linn 555 op Dikrech gefuer sinn, dass sech hir Situatioun mam neie Busplang wesentlech verschlechtert huet, soudass der vill rëm wëllen op den Auto ëmklammen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

– Ass den Här Minister schonn iwwer dës Problematik informéiert ginn ?

– Ass virgesinn fir zousätzlech Busser fir de Schülertransport anzesetzen fir esou eng besser Ubannung ze garantéieren ?

– Huet den Här Minister wëlles de Fuerplang vun der Linn 555 z’adaptéieren fir dës nees méi attraktiv ze maachen ? »

Äntwert

De Mobilitéitsminister schreift a senger Äntwert, et wier aus finanziellen an organisatoreschen Ëmstänn nët méiglech all eenzelne Fall mat engem dediéierte Schoultransport ofzedecken. Dowéinst wier fir de Moment keng weider Upassung virgesinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...