Lëtzebuerg erwaarde grouss Erausfuerderungen: Mir mussen all un engem Strang zéien

Op der Bilanspressekonferenz vun der Chambersessioun 2024/2025 ass d’Fraktioun vun der Demokratescher Partei haut op déi vill Erausfuerderungen a Reformen agaangen, déi eist Land an Zukunft erwaarden.

De Fraktiounspresident Gilles Baum huet virop d’Individualiséierung vun der Besteierung ugeschwat, déi ëmmer vun der DP verlaangt gouf, an déi elo op d’Schinne gesat ginn ass. Eng grouss Reform, déi d’Stéit entlaaschte wäert an e grousse gesellschaftspolitesche Schratt no vir bedeit. Et geet ëm e gerechten a moderne Steiersystem, deen d’Vilfalt vun eiser Gesellschaft erëmspigelt, an deen all Liewensmodell gläich behandelt. D’DP-Fraktioun wëll, datt dës Reform och de Famillje mat Kanner zegutt kënnt.

De Logement bleift eng vun den dréngendste sozialpoliteschen Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg. D’DP-Fraktioun ënnerstëtzt eng Reform vun der Leerstands- a vun der Grondsteier, ouni d’Konsequenze fir de Mëttelstand a fir déi breet Mëttelschicht aus den Aen ze verléieren.

Eist Land brauch eng widderstandsfäeg a virun allem innovativ Wirtschaft. D’Efforten am digitale Beräich sinn um gudde Wee, well se eng iwwergräifend Kompetenz fir d’Finanzwelt an d’Cybersécherheet mat sech bréngen. Eist Land wäert seng Kompetenzen an de Beräicher Space, Satellitten a Cybersécherheet och a seng Efforten an der nationaler an internationaler Defense afléisse loossen, wat erëm positiv Effeten op eis Wirtschaft huet.

De Groupe vun der DP an der Chamber ass der fester Iwwerzeegung, datt eng resistent an nohalteg Wirtschaft och eng responsabel Energiepolitik brauch. D’DP-Deputéiert stäipen d’Beméiunge fir eng bezuelbar Energieversuergung ze garantéieren. Dofir ënnerstëtzten si d’Gesetz, fir d’Reseauskäschten esou ze subventionéieren, datt den Energiepräis d‘nächst Joer kéint erofgoen.

Wien d’Zukunft gestalte wëll, muss och d’Bildung reforméieren. D’DP-Fraktioun ënnerstëtzt déi sëllege couragéiert Reformen an der Bildung, déi all eise Kanner fair Chancë bidde sollen. Mir sti kloer hannert den Efforten, fir Ongläichheeten am nationale Schoulsystem unzegoen an de Schoulerfolleg vun alle Kanner ze fërderen. D’DP-Fraktioun wëll, datt eis Schoulen eng Plaz vum Léieren, vum Dialog a vun der kreativer Entfalung bleiwen. Gläich Startbedingungen an déi selwecht Méiglechkeete fir all Kand sinn en Deel vun eiser DNA.

D’DP-Fraktioun steet kloer fir e Sozialdialog op Aenhéicht zu Lëtzebuerg. De soziale Fridden ass ee vun de wichtegsten Atoute fir déi wirtschaftlech Entwécklung an e gutt Zesummeliewen.

Fir de Wuelstand an d’Liewensqualitéit hei am Land weider ze garantéieren, fuerdert d’DP-Fraktioun, datt all Acteuren zesummen un engem Strang zéien, Well et ëm muer geet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...