Bei de Chamberdebatten iwwert d’Lëtzebuerger Kooperatioun vun zejoert huet de Xavier Bettel dëse Mëttwoch Moie seng zwou Kapen mussen undoen; déi vum Ressort- an déi vum Ausseminister. Schliisslech gëtt d’Kooperatioun (fréier Entwécklungshëllef) mat Drëttlänner och vun der ongewësser Weltlag beaflosst.
Dobäi geet et net just ëm d’Auswierkunge vun de Ausenanersetzungen a Konflikter uechter d’Welt, ma och fir kënne weider oppe mat den Autoritéiten an den Zil- a Partnerlänner zesummenzeschaffen.
Well de politesche Klima an d’Sécherheetslag a verschiddene Partnerlänner sech verschlechtert huet, war Lëtzebuerg jo gezwongen, fir eng Rei Programmer ofzeschléissen, an Ambassaden a Büroe vu Luxdev (Agence luxembourgeoise pour la Coopération au Développement) zouzemaachen. Mat anere Länner gouf d’Partnerschaft awer weider verstäerkt. De Xavier Bettel huet de Cap Vert ervirgehuewen, e Land mat enger staarker a stabiller Demokratie.
An Asien huet de Ressortminister d’Kooperatioun mam Laos a mat der Mongolei ënnerstrach. Mam Malawi a mat Zambia sinn éischt Schrëtt a Richtung Kooperatiounspartnerschaft entaméiert ginn, respektiv geplangt. An Asie gëllt dat fir de Cambodge.
Lëtzebuerg huet d’lescht Joer 123 Milliounen Euro fir den Opbau vun der Ukrain deblockéiert. De Xavier Bettel huet dorobber higewisen, datt d’Ukrain och nom Enn vum Krich wäert Hëllef brauchen. Well et dierft een net vergiessen, datt d’Zivilbevëlkerung am meeschten ënnert de russeschen Attacke leide muss. Dat zielt och fir d’Gazasträif mat senge massiven Zerstéierung.
A Krisegebidder bréngt eist Land et fäerdeg, séier an effizient Hëllef ze leeschten. No Naturkatastrophen ewéi an Jamaika, Madagaskar oder Vietnam war Lëtzebuerg mat als éischt op der Plaz. Mat der Plattform Emergency.lu, déi Satelittekommunikatiounskapazitéite fir humanitär Hëllef zur Verfügung stellt, maache mir d’Kommunikatioun ënnert humanitäre Partner méiglech, wou se anescht net méiglech wier.
A Richtung vun de Kritiker vun der Lëtzebuerger Kooperatioun huet de Xavier Bettel um Enn vu senger Interventioun um Krautmaart un déi Zäiten erënnert, wéi Lëtzebuerg en aarmt Land war a selwer Hëllef gebraucht huet.
Haut wier eist Land houfreg op seng innovativ, vertrauensvoll a respektvoll Kooperatioun, déi d’lescht Joer erëm gutt ee Prozent vu sengem RNB (Revenu national brut) ausgemaach hätt. Lëtzebuerg ass eent vun nëmme véier Länner op der Welt, wat iwwert dem recommandéierte Seuil vun der UN vun 0.7% vum RNB läit.




