Lex Delles

Lex Delles

Osten, Mëttelstandsminister, Tourismusminister

De Lex Delles ass zanter 2018 Minister fir de Mëttelstand a Minister fir den Tourismus. Dem DP-Vizepresident seng Prioritéit ass et, fir deene klengen a mëttelstännege Betriber duerch d‘Kris ze hëllefen. An deem Sënn huet hie sech dofir agesat, datt eng Hellewull un Hëllefe konnte séier an onkomplizéiert un d’Betriber ausbezuelt ginn. Mat Initiativen ewéi der Campagne „VakanzDoheem“ oder dem 50 Euro-Bong promouvéiert de Lex Delles och d‘Attraktivitéit vum Tourismusstanduert Lëtzebuerg.

Suivéiert de Lex Delles an de soziale Medien

D’Lëtzebuerger Kreativwirtschaft weider fërderen
2015 hat d‘Lëtzebuerger Kreativwirtschaft e Méiwäert vu ronn 400 Milliounen Euro opweises an huet méi wéi 7.000 Leit beschäftegt. An enger erweiderter Fro wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum Mëttelstandsminister wëssen, wéi sech de Secteur zanterhier...
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Kaffispaus - Vakanz Doheem

Vakanz Doheem & Lokaalt Akafen: De Minister fir de Mëttelstand an Tourismus Lex Delles diskutéiert mat der Hotelsbesëtzerin an Horesca-Member Carole Ewert iwwer d’Konsequenze vun der Covid-Pandemie op den Tourismus- a Gastronomiesecteur. E gemittlecht Gespréich iwwer Staycation, Smile Again & villes méi.

Kaffispaus - Vakanz Doheem

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video