Location de terrains à bâtir pour y installer des constructions modulaires et temporaires? Comment ce modèle est-il réalisé, comment pourrait-il être promu davantage?

Des constructions modulaires sur des terrains à bâtir en location pourraient rapidement créer des logements supplémentaires. Max Hahn, député du DP, a demandé comment ce modèle est actuellement mis en œuvre et comment il pourrait être davantage promu.

D’Loune vu Bauterrainen, op deene modular Konstruktioune fir eng bestëmmten Zäit opgeriicht ginn, ass eng villverspriechend Pist, fir séier zousätzleche Wunnraum ze schafen. Besonnesch Baulücken géife sech heifir gutt eegnen.

Grad fir Proprietären, déi hire Bauterrain fir hir Nokommen wëllen halen, wier dëst eng intressant Méiglechkeet, wärend z.B. 10, 15 Joer hiren Terrain zur Verfügung ze stellen. Allerdéngs ass an deem Kader ze präziséieren, dass de legale Kader aktuell eng Minimaldauer vu 50 Joer fir de Bail emphéotique op Wunngebaier virschreift.

Den aktuelle Koalitiounsaccord gesäit deemno och folgendes vir: „La possibilité de la location temporaire de terrains à bâtir en friche sera analysée.“

An deem Kader wollt ech dem Här Wunnengsbauminister folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Baulücke ginn et zu Lëtzebuerg?
  • Wéi wäit ass de Ministère mat der am Koalitiounsaccord annoncéierter Analys? Wéi gedenkt den Här Minister dëse Modell (modular Bauten op gelountem Terrain) méi staark an Zukunft ze fërderen?
  • Kéinten déi ëffentlech Promoteuren, wéi de Fonds du logement an d‘SNHBM, dëse Modell haut schonn ëmsetzen?
  • Wa jo, gëtt dat gemaach? Kann den Här Minister Präzisioune dozou ginn? Wat wieren d’Grënn, sech géint dëse Modell z’entscheeden?
  • Wann net, ass virgesinn, de gesetzleche Kader an déi Richtung unzepassen?
  • Kéinten d’Gemengen dëse Modell haut schonn uwenden? Ass den Här Minister au courant vun deementspriechende Projeten?
  • Ass virgesinn, d’Gemengen méi staark iwwer dëse Modell ze sensibiliséieren? Ass an deem Kader geplangt, de Gemengen en document-type fir d‘Bautereglement an deem Sënn unzepassen zur Verfügung ze stellen?
  • Gesäit den Här Minister vir, d’Minimaldauer vum bail emphytéotique rofzesetzen, fir d’Verloune vun Terrainen op 10, 15 Joer z’erméiglechen?“

Réponse

Fro 1

Am Kader vum Projet Raum+ ass dat fräit Bauland fir d’Period 2020/2021 erhuewe ginn. D’Erhiewung ass an all de Gemengen duerchgefouert ginn, déi zu deem Zäitpunkt entweder schonn en neie PAG haten oder wou de PAG an der Prozedur war. Dëst bréngt mat sech, datt d’Zuele sech op 89 vun 102 Gemenge baséieren.

D’Erhiewung huet 9.226 Baulücke gezielt, déi insgesamt 618 Hektar Bauland ausmaachen. Well et ganz vill kleng Eenzelfläche sinn, handelt et sech zueleméisseg ëm 67% vun den eenzelne Flächen, déi erhuewe gi sinn, a flächeméisseg belafe se sech op 17% vun der gesamter Fläch vum Wunnpotenzial.[1]

Fro 2

Eng Rei Acteuren hunn hir Analys zum Loune vu Bauterrainen, op deene modular Konstruktioune fir eng begrenzten Zäit opgeriicht kéinte ginn, scho gemaach a sinn och op d’Ministèren zoukomm, fir ze froen, wéi eng Hëllefen do méiglech sinn. Finanziell Hëllefe wären op d‘mannst am Kader vun der Gestion locative sociale méiglech. Bis ewell si sou Projeten awer nach net realiséiert ginn. Et läit dem Wunnengsbauministère och am Moment keng konkret Demande vir, fir sou e Projet ze realiséieren oder finanziell z’ënnerstëtzen.

Fro 3

Ënnert der Bedingung, dass si déi néideg Autorisatioune vun den zoustännege Verwaltungen, notamment de Gemengen, kréien, kéinten de Fonds du Logement an d’SNHBM sou e Modell ëmsetzen. Beim Fonds du Logement a bei der SNHBM ass dëst awer am Moment keng Prioritéit, well dës Acteure sech aus Käschten- an Effizienzgrënn op de Bau vun definitive Wunnenge konzentréieren, an dat op Terrainen, déi fir mindestens 50 Joer, besser nach fir mindestens 99 Joer, zu hirer Verfügung stinn.

Doriwwer eraus lafen awer Gespréicher tëscht verschiddenen Acteuren an den ëffentleche Promoteuren SNHBM a Fonds du Logement, fir eventuell Terrainen zur Verfügung ze stellen, op deenen innovativ modular Baute kéinten opgeriicht ginn.

Fro 4

D’Entwécklung vun engem Modell, fir modular Konstruktiounen temporär op Baulücken opzeriichten, ass am Moment keng Prioritéit fir de Wunnengsbauministär, aus enger ganzer Rei vun Ursaachen:

  1. dëse Modell erlaabt et net, laangfristeg an nohalteg abordabel Wunnengen ze schafen. Dëst bleift awer d’Prioritéit par rapport zu de begrenzte Ressourcen, déi zur Verfügung stinn;
  2. d’Noutwennegkeet vum Relogement vun de Stéit ass bei dëser Zort Projete virprogramméiert, wat zu Laaschte vun hirer lokaler Integratioun geet;
  3. modular Konstruktioune kënnen net belibeg oft op- an ofgeriicht ginn, dëst huet e wesentlechen Impakt op de Käschtepunkt;
  4. och fir e provisoreschen oder modulare Bau muss en Terrain op enger Friche als éischt depolluéiert ginn;
  5. Käschte fir all d’Uschlëss (Kanal, Waasser, Stroum) musse realiséiert a bezuelt ginn, genee wéi fir definitiv Strukturen. Si kënnen awer nëmmen op eng reduzéiert Existenzzäit ofgeschriwwe ginn ;
  6. et ass schwiereg a méi opwenneg, fir de Baupotential vun enger Baulück mat modulare Konstruktiounen optimal auszenotzen.

Dobäi sief bemierkt, dass d’Situatioun sech anescht stellt am Kontext vun „Tiny Houses“, déi op Rieder stinn an en bloc kéinte versat ginn. An deem Fall stelle sech awer eng Rei aner reglementaresch Froen, op déi schonn an der parlamentarescher Fro n°5089 geäntwert ginn ass.

Fro 5

Eng gesetzlech Upassung ass net néideg, fir sou Projete kënnen ëmzesetzen. Dofir, an opgrond vun der Äntwert op d’Fro 4, ass eng gesetzlech Upassung am Moment net virgesinn.

Fro 6

Et ergëtt sech aus der Äntwert op d’Fro 3, dass och d‘Gemengen dee Modell scho kéinten uwenden. Dem Minister sinn awer keng praktesch Beispiller bekannt.

Fro 7

Et ergëtt sech aus den Äntwerten op déi viregt Froen, dass et momentan net virgesinn ass, fir dee Modell ze fërderen.

Fro 8

Déi 50 Joer Mindestdauer fir e Bail emphytéotique fir de Logement stellen in fine eng Schutzfunktioun duer fir déi Stéit, déi do wunnen. Doriwwer eraus sinn déi 50 Joer Mindestdauer och ugepasst, fir den héijen Invest z‘amortiséieren, deen néideg ass fir d’Schafe vu Wunnengen. Et ass deemno net virgesinn, fir den Délai erofzesetzen.

D’Loune vu Bauterraine fir temporär a modular Bauten ass awer och iwwert de Bail à ferme méiglech, deen eng Mindestlafzäit vu just 6 Joer virgesäit. Dës Lafzäit kann natierlech verlängert ginn.


[1] Dës a weider Informatiounen:

LISER, ProRaum (2021), Raum+ Zwischenbericht Siedlungsflächenreserven in Luxemburg 2020/2021, Ministère de l’Aménagement du Territoire – Département de l’aménagement du territoire, Ministère du Logement, Luxemburg.

Souhaitez-vous une traduction en français de cette question parlementaire ?

Partager :

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Plus de questions parlementaires

Concassage de matériaux en zone verte

Les députés du DP Luc Emering et André Bauler ont posé plusieurs questions au Ministre de l’Environnement concernant le concassage de matériaux dans la zone verte. Ils voulaient notamment savoir si une autorisation de protection de la nature était nécessaire à cet effet et pourquoi chaque autorisation délivrée pour des bâtiments dans la zone verte ne mentionnait pas que l’on devrait travailler avec des matériaux recyclés.

lire plus...

Un deuxième PET-CT sera-t-il acquis ?

L’ancienne Ministre de la Santé avait annoncé qu’un deuxième PET-CT pourrait être acquis afin de réduire le temps d’attente des patients. Les députés du DP André Bauler et Carole Hartmann ont demandé à l’actuelle Ministre de la Santé où en étaient les préparatifs pour l’acquisition de ce deuxième PET-CT, si cet appareil pourrait éventuellement venir à l’hôpital d’Ettelbruck et quelle a été l’évolution du nombre de traitements dans ce domaine au cours des dix dernières années.

lire plus...