Max Hahn - Title

Max Hahn

Süden, Deputéierten, Schäffen, President DP-Süden

De Max Hahn ass zanter 2013 Deputéierten. De geléierten Ingenieur ass an der nohalteger Energie-Gestioun spezialiséiert a bekëmmert sech an der Chamber ëm déi nohalteg Dossiere ronderëm d’Mobilitéit, de Klima- an Ëmweltschutz an d’Landesplanung. Donieft ass de Max Hahn DP-Spriecher zum Logement a President vun der Familljekommissioun. Als Schäffen zu Dippech setzt de Max Hahn sech virun allem fir méi Liewensqualitéit a Form vun enger nohalteger Verkéiersberouegung a senger Gemeng an.

Suivéiert de Max Hahn an de soziale Medien

Aktualitéitsstonn Klimaschutz: Nei Technologië fir den CO2 aus der Loft ze bannen
Wat ass d’Roll vun Technologien déi Kuelendioxid aus der Loft filteren a bannen am Klimaschutz ? Mat där Fro huet sech d’Chamber an enger Aktualitéitsstonn befaasst.
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Kaffispaus - Gratis ëffentlechen Transport

Transport&Mobilitéit: An der drëtter Kaffispaus diskutéieren d‘Deputéiert Max Hahn (DP) a Marco Schank (CSV) matenaner. D’Theme sinn de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg, d‘Prioritéite fir d’Zukunft vun der Mobilitéit, d’Roll vum Auto an innovativ Léisunge fir eng besser Mobilitéit, z.B. Télétravail.

Kaffispaus - Gratis ëffentlechen Transport

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Wechmaache vun engem Eisebunnstunnel zu Rëmeleng: Wat ass den Impakt op d'Natur?
Zu Rëmeleng wëll d'CFL en historeschen Eisebunnstunnel opmaachen, d.h. de Buedem iwwer dem Tunnel ofdroen, fir d'Streck ze moderniséieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat fir en Impakt op d'Natur dës Aarbechten hunn.