Méi Schutz a Verantwortung am Sport

D’DP hat et schonn 2023 am Walprogramm gefuerdert:

SAFEGUARDING IN SPORTS
Die DP wird eine unabhängige Einrichtung schaffen, deren Hauptaufgabe darin besteht, Wohlergehen und Integrität im Sport zu sichern, insbesondere Belästigungen und Missbrauch im Umfeld des Sports zu verhindern und Opfer zu unterstützen. Zusätzlich soll diese in enger Zusammenarbeit mit öffentlichen und privaten Institutionen auch den Kampf gegen Manipulationen und für die Vermittlung ethischer Werte im Sport in ihre Arbeit integrieren.

D’Deputéiert Mandy Minella thematiséiert dëst reegelméisseg an der Chamber an huet am Juni 2025 mat enger Motioun och eng Charte éthique gefuerdert.

Den aktuelle Fall ronderëm d’Fraennationalekipp am Fussball weist, dass gehandelt muss ginn. Dofir huet d’DP-Deputéiert dëse Mëttwoch an enger Fro un d’Sportsministesch nach emol nogehakt, wou d’Charte an den ugekënnegten nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding dru wieren.

En Donneschdeg Owend huet d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes zesumme mat der Sportsministesch, dem President vum COSL an dem Direkter vun der ALAD an der Coque ënner anerem d’Ethik-Charte presentéiert, an och d’Grënnung vun der nationaler Ethikkommissioun fir de Sport ugekënnegt.

D’Ministesch huet an hirer Ried betout, dass et grad am aktuelle Kontext wichteg wier, dass an alle gesellschaftleche Beräicher Zeeche gesat gi fir Gläichstellung, Akzeptanz, Toleranz a Respekt. Et misst een dës Wäerter gemeinsam stäerken an nohalteg am Sport verankeren. Och d’Lutte géint den Doping a géint d’Manipulatioun vu Kompetitioune gehéiert dozou.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...