D’Regierung wäert deemnächst en Aktiounspak virstellen, fir d’Independanten am Beräich vun der Sozialversécherung, vun de Steieren a vun der Aarbechtslosegkeet besser z’encadréieren. Esou gesäit de Koalitiounsaccord ë.a. vir, datt d’Independante solle vum Chômage partiel profitéiere kënnen.
Dat ass e ganz wichtege Schrack, sot d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei enger Aktualitéitsstonn iwwer d’Situatioun vun den Independanten, de Mëttwoch 17. Juni 2026 an der Chamber:
Eng éischt Etapp an deem Dossier ass schonn am Dezember gemaach ginn, wéi mir d’Anti-cumul-Reegelunge fir déi Fräischaffend an der Fréipensioun ugepasst hunn. Wat de Cumul vun enger Fréipensioun a vun engem professionellen Akommes betrëfft, gëllen also schonn déi selwecht Rechter wéi bei engem Salarié.
D’Députée-maire vun Iechternach huet dësen éischte Schrack begréisst, huet awer och op Ongerechtegkeete bei der Sozialversécherung higewisen:
Ech denken do z.B. u selbststänneg Fraen an der Schwangerschaft, deenen hir Situatioun méi méi onsécher ass, wéi déi vun Employéeën. Souwisou besteet d’Ongläichheet, datt en Independant béid Deeler vun de Sozialbäiträg cotiséiert; d’Part patronale an d’Part salariale.
Eng grouss finanziell Belaaschtung, esou d’Carole Hartmann, déi d’Leit net extra géing bestäerken, fir sech an d’Selbststännegkeet ze lancéieren. Eng weider Ongerechtegkeet huet d’Ost-Deputéiert beim Chômage festgehalen:
D’Independanten hunn net de selwechten Usproch. Dëst mécht sech virun allem a wirtschaftlech turbulenten Zäite bemierkbar, wéi dat wärend dem COVID de Fall war.
Fir d’Carole Hartmann ass et essentiel, datt een och am Dossier vum Chômage partiel viru kënnt. Et wier héich Zäit, déi besteeënd Ongerechtegkeeten tëschent deenen zwee Regimmer ofzebauen, well d’Independanten e ganz wichtegen Deel vun eisem wirtschaftleche System duerstellen, huet d’Carole Hartmann nach ënnerstrach. Lëtzebuerg bräicht den Ament Vertrauen an d’Zukunft, genee wéi performant Independanten, déi d’Ekonomie mat um rullen halen.


