Méi Verkéierssécherheet duerch Handysradaren oder -dronen?

D'Oflenkung duerch den Handy stellt ëmmer méi e grousse Risiko am Verkéier duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat se dogéint wëllen ënnerhuelen, an ob geplangt wier, wéi an anere Länner, speziell Radaren oder souguer Dronen anzesetze fir ze kontrolléieren, ob d'Leit sech un de Code de la route halen.

« D’Oflenkung duerch den Handy gehéiert nieft ze héijer Vitesse an Alkohol um Steier ëmmer méi zu den Haaptursaache fir Accidenter am Stroosseverkéier. Gläichzäiteg ass et hautdesdaags duerch déi technologesch Méiglechkeete relativ einfach de Respekt vum Code de la route an där Hisiicht ze kontrolléieren a Verstéiss ze sanktionéieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Bei wéi villen Accidenter war an de leschte fënnef Joer d’Oflenkung duerch den Handy am Spill ?
  • Wéi vill Protokoller huet d’Police an de leschte fënnef Joer geschriwwen, well de Chauffer wärend dem Fueren den Handy benotzt huet ?
  • Sinn déi Häre Minister der Meenung, dass d’Oflenkung duerch den Handy ëmmer méi eng Gefor am Stroosseverkéier duerstellt ? Wa jo, si méi staark Policekontrollen an där Hisiicht virgesinn ?
  • Ass geplangt, der Police d’Méiglechkeet ze ginn, per mobillem oder fixem Handysradar méi staark géint dës Infraktioun virzegoen ? Wat géif dergéint schwätzen ?
  • Wa jo, kënnen déi Häre Ministere Präzisiounen zu den neien Handysradare ginn, z.B. wou se hikéimen ?
  • Ass virgesinn, d’Police wéi a Spuenie mat Dronen z’equipéieren, fir dës an aner Infraktiounen ze kontrolléieren ?
  • Wier et méiglech, mat de fixe Radaren, déi schonn installéiert sinn, ze kontrolléieren, ob Chaufferen den Handy um Steier benotzen ? »

Äntwert

Zu Lëtzebuerg hätt ee wéineg Donnéeën, fir genee ze soen, wéi vill Accidenter duerch d’Benotze vum Handy um Steier veruersaacht géife ginn, sou d’Ministeren an hirer Äntwert. Generell kéint een awer feststellen, dass d’Oflenkung vum Chauffer géif zouhuelen, well et ëmmer méi Zorten vun Oflenkung gëtt (elektronesch Apparater, Musek iwwer Kopfhörer lauschteren, iessen, drénken, fëmmen…) an domadder d’Oflenkung als Risikofaktor am Verkéier och géif zouhuelen. Dowéinst mécht d’Police reegleméisseg Sensibiliséierungs- grad wéi repressiv Campagnen am Verkéier. Et wier awer net geplangt, Radaren oder Dronen an Zukunft anzesetzen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...