Nei Apdikten fir de Norden ?

Eng Enquête vum Konkurrenzrot am pharmazeutesche Secteur, weist dorobber hin, datt Lëtzebuerg am OECD-Verglach eng niddreg Zuel un Apdikten huet. De Rot proposéiert dowéinst d’Schafen vun neien Apdikten, fir déi geographesch Lacunnen auszebesseren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob schonn Iwwerleeungen amgaange sinn fir nei Apdikten am Norde vum Land ze schafen a wéi eng Krittären beim Schafe vun neien Apdikten entscheedend sinn.

Fro

« En juin 2022, le Conseil de la concurrence a publié une enquête au sein du secteur pharmaceutique. Le Conseil indique dans son rapport que le Luxembourg a l’un des ratios les plus faibles parmi les pays de l’OCDE quant au nombre de pharmacies par rapport à la population. Afin de pallier au moins les lacunes géographiques, le Conseil propose quelques communes et localités avec un certain potentiel d’implantation.

À ce sujet, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • Comment le Ministère de la Santé se positionne-t-il par rapport à la proposition du Conseil de la concurrence de créer des pharmacies dans les communes de Beckerich, Tandel et Weiswampach ?
  • Le Ministère a-t-il déjà engagé des pourparlers avec les édiles communaux concernés sur l’opportunité de mettre en place une officine sur leur territoire ?
  • Outre la localisation géographique et les distances à parcourir par les clients, quels sont les critères décisifs qui motivent la création d’une pharmacie ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...