Max Hahn

Nei Mesure fir bezuelbare Wunnraum

Wann ee mueres d’Zeitung duerchbliedert an op d’Immobilien-Annoncë stéisst, gëtt et engem bal dronken.


D’Präisentwécklung um Logementsmarché ass a bleift eent vun de gréisste Suergekanner zu Lëtzebuerg. Nei ass déi Feststellung sécher net. An awer gëtt den Accès zu den eegene véier Wänn fir vill jonk Leit a Familljen ëmmer méi schwéier. Do musse mir géigesteieren.

Et gëtt net déi eng Léisung, déi all eis Problemer am Logement mat engem Coup géif léisen… dofir sinn d’Grënn leider ze villschichteg.

Mir brauche villméi eng ganz Rei u Puzzelstécker, déi et gëllt zesummen ze setzen. An dat si mir amgaangen ze maachen. 

Ugefaange bei der Offer: Et muss méi bezuelbare Wunnraum geschafe ginn, fir besonnesch de Stéit mat engem méi niddregen Akommes ze hëllefen. Mee och d’Mëttelschicht, a virun allem déi jonk Generatiounen, dierfen an dëser Diskussioun net vergiess ginn!

Do kënnt den neien Pacte Logement 2.0 an d’Spill –  e wichtegen Outil, wou de Staat an d’Gemenge sollen d‘Offer vun ëffentlechem, bezuelbarem an nohaltegem Wunnengsbau massiv an d‘Luucht setzen. Bei all neiem PAP geet automatesch e gewëssen Undeel u Wunnraum an de Besëtz vun der ëffentlecher Hand. Dat sinn Terrainen op deenen abordabel Wunnenge gebaut ginn. D’Offer gëtt gestäerkt.

De Premier huet a sengem État de la Nation och eng Reform vun der Grondsteier an d’Schafe vun engem nationale Wunnengsregëster annoncéiert.

Dat ass e wichtege Schratt fir d’Spekulatioun anzedämmen.

Dës Annoncë wäerten et eis erméiglechen, fir éischtens méi Bauland ze mobiliséieren. An zweetens fir d’Proprietäre vun net bebauten Terrainen an onbewunnte Wunnengen dozou ze bréngen, fir Verantwortung z’iwwerhuelen an hire Bäitrag zur Léisung vum Logementsproblem ze leeschten.

D’DP stellt d’Recht op Eegentum net a Fro. Mir sinn awer der Iwwerzeegung, datt Léit, déi vun enger nationaler Logementskris profitéieren, sech an Zukunft nach méi un den Efforte vun der ëffentlecher Hand bedeelege mussen.

Domadder sinn awer virun allem Groussgrondbesëtzer a Spekulante viséiert an net déi Leit, déi an hirem eegenen Doheem wunnen. (oder Leit, déi hiren Terrain fir hir Kanner an Enkelkanner halen).

Och mam Baulandvertrag – enger Ur-Iddi vun der DP – wäerten d’Gemengen en zousätzlecht Instrument kréien, fir d’Spekulatioun op net bebautem Terrain ze bekämpfen. Wéi funktionéiert dat?

Mam Baulandvertrag stelle mir sécher, datt nei Bauterrainen oder Baulücken innerhalb vun enger gewësser Zäit och wierklech bebaut ginn. Geschitt dat net am virgesinnenen Delai, da gëtt den Terrain nees ëmklasséiert. Et ass souzesoen e Bauterrain mat engem Oflafdatum. D’Spekulatioun mat neie Bauterraine gëtt doduerch guer net eréischt méiglech gemaach.

Net ze vergiessen dat neit Loyersgesetz, dat d‘Locataire méi staark viru steigende Loyere schützt.

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

D’DP ass sech der Urgence am Logement bewosst. A mir wäerten den néidege Courage beweisen an déi eenzel Puzzelstécker aneneesetzen, fir déi Erausfuerderung unzegoen an ze léisen.

Net vun haut op muer, ma haut a muer.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...