Neie Generaldirekter vun HUT

De fréiere Generaldirekter vun der Police gëtt den neie Generaldirekter vun Hëllef um Terrain. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollten dozou vun den zoustännege Ministere wëssen, ob si an dësem Fall am Virfeld consultéiert goufen, wéi vill Staatsbeamten no hirer Karriär beim Staat an de Privatsecteur wiesselen, an op et spezifesch Reegele fir Niewenaktivitéite vu pensionéierte Staatsbeamte gëtt.

Fro

„Wéi een haut an der Press liese konnt, gëtt de fréiere Generaldirekter vun der Police, den Här Philippe Schrantz, Generaldirekter vun Hëllef um Terrain (HUT), der Nofollger-Organisatioun vun der Caritas.

An deem Kader wollte mir dem Här Premierminister, dem Här Inneminister an dem Här Minister fir den Ëffentlechen Déngscht follgend Froe stellen:

  • Wéi eng Reegele bestinn aktuell an der Fonction publique fir Staatsbeamten, déi an der Pensioun enger Niewenaktivitéit nogoe wëllen? Wéi vill Stonnen dierf ee Staatsbeamten an der Pensioun schaffen a wéi héich dierf säi Salaire ausfalen? Muss eng Autorisatioun gefrot ginn fir an der Pensioun eng remuneréiert Niewenaktivitéit huelen ze kënnen?
  • Ass ee vun den Häre Ministeren vun HUT oder vum Concernéierte selwer am Virfeld consultéiert ginn?
  • Ginn et Chifferen bei der Police oder beim Ëffentlechen Déngscht insgesamt, wéi vill Leit no hirer Carrière als Staatsbeamten nach eng voll Tâche am Privatsecteur iwwerhuelen?
  • Héich Beamten hunn en Deontologiekodex fir de Fall, wou se an de Privatsecteur wiesselen. Wéi ass dat fir Beamten an der Pensioun? Gëtt et fir Polizisten e speziellen Deontologiekodex?
  • Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et normal ass, dass e pensionnéierte Beamten eng Vollzäitaarbecht unhëlt?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Premierminister, vum Inneminister a vum Minister fir den Ëffentlechen Déngscht op d’parlamentaresch Fro n°1810 vum 21. Januar 2025 vun den honorabelen Députéierten Corinne Cahen a Carole Hartmann zum Sujet “Nomination de l’ancien directeur général de la police au poste de directeur général de HUT”.

Ad 1)

D’Pensiounsgesetzgebung fir Staatsbeamte gesäit vir, dass all Pensionéierten nieft dem Benefice vu senger Pensioun nach dierf schaffen. De Pensionéierte muss keng Autorisatioun am Viraus ufroe fir zousätzlech zu der Pensioun nach ze schaffen an et gëtt och keng Limitatioun u Stonnen déi d’Persoun nach schaffen dierf. 

Wéi och am Privat-Secteur ginn et awer fir verschidde Forme vu Pensioun Limitte wéi héich déi zousätzlech Revenuen dierfe sinn. Esou dierfe Persounen déi an enger Invalide-Pensioun sinn oder an enger virgezunner Alterspensioun (pension de vieillesse anticipée) net onlimitéiert zousätzlech verdéngen. Wann déi respektiv Plaffongen (déi jee no Pensiouns-Regime an no der Form vun der Pensioun variéieren) depasséiert ginn da mussen dës Pensioune reduzéiert oder esouguer ganz gestoppt ginn. Well dës Limitatioune bestinn, hunn dës pensionéiert Staatsbeamten d’Obligatioun fir der zoustänneger Administratioun, dem Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’État (CGPO), hir Revenue matzedeelen.

Déi Staatsbeamten déi an enger Alterspensioun (pension de vieillesse) sinn, dierfen nieft dem Benefice vun hirer Pensioun esouvill zousätzlech verdénge wéi se wëllen. Well keng Limitatioun besteet, hunn dës Persounen dann och keng Obligatioun fir dem CGPO Detailer zu hire Léin matzedeelen.

Ad 2)

Et ass kee vun de Ministeren am Virfeld consultéiert ginn. Wéi an der Äntwert 1 erkläert ass, muss de Pensionéierte keng Autorisatioun am Viraus ufroe fir zousätzlech zu der Pensioun nach ze schaffen.

Ad 3)

Weder de CGPO, nach d’Police hunn Zuele vu pensionéierte Fonctionnairen, déi nach schaffen. Dës Informatioune sinn net relevant fir d’Verwaltungen.

Ad 4)

D‘Police huet e spezielle Code de déontologie, mee dee bezitt sech eleng op den aktiven Déngscht.

Ad 5)

Et ass all Beamten iwwerlooss wéi eng Aktivitéiten hien an der Pensioun mécht, soulaang se konform zu der Gesetzgebung sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...