Neie Generaldirekter vun HUT

De fréiere Generaldirekter vun der Police gëtt den neie Generaldirekter vun Hëllef um Terrain. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollten dozou vun den zoustännege Ministere wëssen, ob si an dësem Fall am Virfeld consultéiert goufen, wéi vill Staatsbeamten no hirer Karriär beim Staat an de Privatsecteur wiesselen, an op et spezifesch Reegele fir Niewenaktivitéite vu pensionéierte Staatsbeamte gëtt.

Fro

„Wéi een haut an der Press liese konnt, gëtt de fréiere Generaldirekter vun der Police, den Här Philippe Schrantz, Generaldirekter vun Hëllef um Terrain (HUT), der Nofollger-Organisatioun vun der Caritas.

An deem Kader wollte mir dem Här Premierminister, dem Här Inneminister an dem Här Minister fir den Ëffentlechen Déngscht follgend Froe stellen:

  • Wéi eng Reegele bestinn aktuell an der Fonction publique fir Staatsbeamten, déi an der Pensioun enger Niewenaktivitéit nogoe wëllen? Wéi vill Stonnen dierf ee Staatsbeamten an der Pensioun schaffen a wéi héich dierf säi Salaire ausfalen? Muss eng Autorisatioun gefrot ginn fir an der Pensioun eng remuneréiert Niewenaktivitéit huelen ze kënnen?
  • Ass ee vun den Häre Ministeren vun HUT oder vum Concernéierte selwer am Virfeld consultéiert ginn?
  • Ginn et Chifferen bei der Police oder beim Ëffentlechen Déngscht insgesamt, wéi vill Leit no hirer Carrière als Staatsbeamten nach eng voll Tâche am Privatsecteur iwwerhuelen?
  • Héich Beamten hunn en Deontologiekodex fir de Fall, wou se an de Privatsecteur wiesselen. Wéi ass dat fir Beamten an der Pensioun? Gëtt et fir Polizisten e speziellen Deontologiekodex?
  • Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et normal ass, dass e pensionnéierte Beamten eng Vollzäitaarbecht unhëlt?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Nei Raimlechkeete fir d’Maison médicale zu Ettelbréck ?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Maison médicale zu Ettelbréck nei Raimlechkeete wäert kréien. De liberalen Deputéierten huet vun der Gesondheetsministesch Detailer zu den neie Raimlechkeete gefrot a wollt wëssen, ob d’Dokteren aktuell déi néideg Equipementer hu fir all hir Tâchen, och déi administrativ, z’assuréieren.

weiderliesen...

Sollten Aarbechtskontrakter fir Studente reforméiert ginn ?

Am Joer dierfe Studente bis 27 Joer maximal 346 Stonne schaffen. Et ginn awer Studenten, déi gäre méi schaffe wéilte fir sech hire Liewensënnerhalt ze verdéngen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Barbara Agostino hu beim Aarbechtsminister nogefrot wéi vill Studenten 2024 geschafft hunn, an ob de Minister gewëllt wier de Studenten z’erlabe méi Stonnen am Joer ze schaffen, wéi och d’Alterslimitt vun aktuell 27 Joer eropzesetzen.

weiderliesen...

Wäermt vu Rechenzentren notze fir ze hëtzen ?

Duerch d’Entwécklung vun der KI gëtt ëmmer méi Rechekapazitéit gebraucht. Op verschiddene Plazen an der EU gëtt d’Wäermt vu Rechenzentre genotzt fir privat oder ëffentlech Gebaier ze hëtzen.

D’ DP – Deputéiert Corinne Cahen a Luc Emering hu bei de zoustännege Ministeren nogefrot, ob et zu Lëtzebuerg änlech Projeten oder Pläng gëtt, fir d’Wäermt vun existente Rechenzentren an ënnert anerem de Meluxina-Supercomputeren nohalteg ze notzen.

weiderliesen...

KI an der Landwirtschaft 

Den André Bauler an de Luc Emering wollte vun der Landwirtschaftsministesch wëssen op kënschtlech Intelligenz elo schonn an der Landwirtschaft an am Wäibau genotzt gëtt a wéi eng Sparten am meeschten dovunner betraff wäerte sinn an der Zukunft. Ausserdeem hunn déi zwee Deputéiert och nogefrot wéi et mat der Weiderbildung fir d’Aarbechter an dësem Beräich ausgesäit.

weiderliesen...