Nom Spidol erëm Fouss faassen

Ze gesond, fir am Spidol ze bleiwen, awer nach net prett, fir heemzegoen? Mam Pilotprojet „Out of Hospital“ schaaft de Familljeminister Max Hahn elo eng Léisung, déi de concernéierte Mënschen Zäit, Sécherheet an déi néideg Begleedung bitt.

E Spidolsopenthalt kann den Alldag vun enger eelerer Persoun grondleeënd veränneren. Vum 1. Oktober 2026 u kënnen déi Betraffen, deenen hire Gesondheetszoustand stabil ass, temporär an enger betreiter Struktur ënnerkommen. Do kënne si sech erhuelen, erëm méi selbstänneg ginn an déi nächst Schrëtt virbereeden. D’Zil ass de Retour heem oder, wann dat net méiglech ass, eng gutt preparéiert Opnam an eng passend Wunnstruktur.

Den Openthalt ass op 8 Woche begrenzt a kann a begrënnte Fäll op 12 Woche verlängert ginn. Déi deelhuelend Strukture schaffen enk mat engem Spidol zesummen, fir de medezinesche Suivi an eng ugepasste Begleedung sécherzestellen. D’Beneficiairë selwer bezuelen héchstens 75 Euro den Dag.

Fir de Start sti 36 Better a véier Strukturen zu Äischen, Klierf, Nidderkuer a Jonglënster zur Verfügung. Fir 30 weider Better goufe schonn Demanden eragereecht, a weider Strukture kënnen am Laf vum Projet dobäikommen. Domat sollen och onnéideg laang Spidolsopenthalter a vermeidbar nei Hospitalisatioune reduzéiert ginn.

No 3 Joer soll eng Evaluatioun weisen, ob dës Offer de Besoine vun de betraffene Leit gerecht gëtt an ob si sech an der Praxis bewäert huet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News