Op der Nordstrooss muss et elo virugoen!

Zanter Joerzéngten erlieft eist Land eng positiv wirtschaftlech Entwécklung, déi Lëtzebuerg zu engem Zentrum vu Wuelstand gemaach huet. D‘Politik suergt dofir, datt ënnert anerem eis Transportinfrastrukture mam rasanten Opschwong mathale kënnen. Wat net ëmmer esou einfach ass a war.

Ween haut duerch de Süden, den Zentrum an den Oste vum Land fiert, stellt fest, datt ganz vill Mëttel an Autobunnen an Zuchstrecken investéiert gi sinn, an nach ëmmer ginn. Ech denken do z.B. konkret un d‘Ustrengunge vun der CFL, fir hir Strecken ze moderniséieren. Denke mer och un den Aus- an Ëmbau vu besteeënde Stroosseverbindungen an der leschter Legislaturperiod.

Och den Norde vum Land huet an de leschte Joren zu eisem wirtschaftleche Wuestëm bäigedroen. Laanscht déi sougenannten Nordstrooss, déi vill zitéiert N7, huet sech eng ëmmer méi grouss Zuel vu klengen- a mëttelgrousse Betriber niddergelooss, déi zeg Leit beschäftegen.

Moies fréi an am Feierowend, also wärend de Stousszäiten, ass d’N7 staark belaascht – dat verlaangt no enger schrëttweiser Erneierung a Verbreederung vun dëser Verkéiersverbindung, déi mat Energie virugedriwwe musse ginn. Mir brauchen also méi Confort, méi Sécherheet a besonnesch méi Floss op dëser Streck. Ech denken zum Beispill un déi sëllege Vitessechangementer, déi d‘Automobilisten dacks méi duerchernee maachen, wéi et derwäert ass. Oder och nach un de Wiessel tëschent zwou an dräi Spueren… respektiv u geféierlech Plazen, wou de Profil vun der Strooss net méi den haitege Sécherheets-Ufuerderungen entsprécht.

An deem Kontext ass et wichteg, datt de Gesetzesprojet iwwer d‘Erneierung vun der N7 tëscht dem Fridhaff an der Wemperhaart endlech ëmgesat gëtt. D‘DP begréisst dofir, datt d‘Aarbechten um éischten Tronçon tëscht der Lëpschter Delt an der Houschter-Déckt fir dat anert Joer geplangt sinn.

Mir brauchen awer och zousätzlech Ëmgeeungsstroossen. Dat sinn d‘Ëmgeeunge vun Hengescht, vun Ëlwen a vläicht och vun der Houschterdéckt, soubal déi néideg Infrastruktursaarbechten un der N7 ofgeschloss sinn.

An dësem Dossier dierf deemno keng weider Zäit méi verluer goen. Et ass laang genuch iwwer d‘Nordstrooss debattéiert a gestridde ginn. D‘Chamber huet mat iwwerwältegender Majoritéit am Summer 2021 decidéiert, fir endlech Neel mat Käpp ze maachen; an zanterhier heescht et „weise gëllt“.

Am neiste Budgetsentworf huet d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes deementspriechend finanziell Mëttel virgesinn. D‘Decisioune goufe vum Parlament geholl a se musse lo Schrëtt fir Schrëtt ëmgesat ginn. Besonnesch am Interessi vun der Sécherheet a Liewensqualitéit vun alle Leit, déi d‘N7 Dag fir Dag notzen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Liewen zu Lëtzebuerg muss bezuelbar bleiwen

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Barbara Agostino iwwer d’Volete Famill a Kannerbetreiung vum Mesurëpak vun der Regierung. D’DP-Deputéiert geet op déi modern a sozial Moossnamen an, déi d’Zukunfsperspektiven zu Lëtzebuerg besser maachen – och an zemol fir déi jonk Generatioun.

weiderliesen...

An d’Zukunft vun de Mënschen investéieren

D’DP-Ministere Claude Meisch a Max Hahn hunn de 6. Januar 2026 e breetgefächerte Mesurëpak presentéiert, mat deem besonnesch Familljen a Kanner iwwer déi nächst Jore geziilt entlaascht ginn. Donieft gi Mënschen, déi et am meeschte brauchen, konkret a wierksam ënnerstëtzt.

weiderliesen...

Paradigmewiessel an der Lutte géint d’Aarmut

An der Tribune Libre vun der DP um Radio hunn eis Deputéiert Mandy Minella a Gilles Baum iwwer den Aktiounsplang fir d’Preventioun an d’Lutte géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg geschwat: Eng Initiativ vun der DP, déi et bis elo net hei am Land gouf, an déi e Paradigmewiessel am Kampf géint d’Aarmut duerstellt.

weiderliesen...