D’Demokratesch Partei zitt e positive Bilan vun de jéngsten Tripartite-Verhandlungen. Um nationale Parteikongress zu Bartreng huet de Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel déi séier Eenegung vun de Verhandlungspartner ervirgehuewen. An der aktueller Situatioun wier et wichteg gewiescht, keng Zäit ze verléieren – am Interessi vum ganze Land.
De Xavier Bettel huet déi getraffe Mesurë begréisst, well se besonnesch deene Biergerinnen a Bierger zeguttkommen, déi wierklech op Hëllef ugewise sinn. D’Regierung an d’Sozialpartner hätten et fäerdeg bruecht, souwuel déi sozial Ufuerderunge wéi och d’Stäerkung vun der Wirtschaft an hirem Ofkommes relativ ze berécksiichtegen. De Xavier Bettel huet sech dobäi ausdrécklech géint all Jalousiedebatte vun eenzelne Gruppe gewiert. De Vizepremier huet ënnerstrach, datt déi beschte Léisunge fir Lëtzebuerg ëmmer ënner enger Regierungsbedeelegung vun der DP fonnt gi wieren.
Den Accord vun der Tripartite dréit no Meenung vun der Partei kloer d’Handschrëft vun der Demokratescher Partei. E stäerkt d’Kafkraaft, vermeit zousätzlech Belaaschtunge fir d’Betriber an dréit den Ausbau vun der nohalteger Energiewend weider virun.

Verdeedegung vu Lëtzebuergesche Wäerter
Mat Nodrock huet d’Parteipresidentin Carole Hartmann an hirer Ried d’Noutwendegkeet ënnerstrach, déi demokratesch Wäerter vu Lëtzebuerg a vun Europa an der aktueller Zäit ze schützen an ze stäerken. Meenungs- a Pressefräiheet, Toleranz, Rechtsstaatlechkeet a sozial Verantwortung wieren essentiel Fundamenter vun der Gesellschaft, déi een onbedéngt verdeedege misst. D’Politik misst de Mënschen elo méi wéi jee e séchere Kader bidden, an deem se sech entwéckele kënnen.
D’Carole Hartmann huet och ënnerstrach datt dat lëtzebuergescht Erfollegsmodell nëmmen an enger fräier, demokratescher an oppener Gesellschaft funktionéiere kann. D’DP wier bereet, dës Fräiheet an all hire Formen ze schützen an ze conservéieren: Demokratesch Fräiheete si keng Selbstverständlechkeet. Mir mussen eis ëm si këmmeren an se fleegen. Dat ass eis gemeinsam Aufgab – fir haut a fir déi kommend Generatiounen!
D’DP géing d’Demokratie net deenen iwwerloossen, déi de Leit wëllen Angscht maachen. Et géif zu Lëtzebuerg vill méi ginn, wat d’Mënsche verbënnt, wéi wat se spléckt, huet d’DP-Presidentin ofgeschloss.

Moderniséiert Corporate Identity
No iwwer 15 Joer huet d’DP op hirem Kongress och e moderniséierten Design presentéiert, deen am Moment ausgeschafft gëtt. Fir d’Botschafte vun der Partei an Zukunft nach méi kloer ze vermëttelen, gouf eng eege Schrëftaart mam Numm Demokratesch entwéckelt, déi d’Specificitéite vun der Lëtzebuerger Sprooch respektéiert. D’Font gëtt geschwënn an der ganzer Kommunikatioun vun der Partei agesat. Wärend de Punkt am Logo an Zukunft méi intensiv an dynamesch genotzt gëtt, bleift Blo weider d’Haaptfaarf vun der Partei.
Kongress zu Bartreng
De Sonndeg, 7. Juni 2026 si moies ronn 350 Membere vun der DP fir den Nationalkongress am Centre Atert zu Bartreng zesummekomm. Dobäi goufen och déi nei gewielte Membere vum Comité Directeur bestëmmt.




