„Mir hunn eng Aufgab. Mir hunn eng Verantwortung.“

Um Nationalkongress vun der Demokratescher Partei de Sonndeg, 7. Juni 2026 zu Bartreng gouf et e Plädoyer fir d’demokratesch Wäerter. D’Parteipresidentin Carole Hartmann huet ënnerstrach, dass een d’Demokratie net deenen iwwerloosse géif, déi si schlecht schwätzen, ouni selwer Verantwortung z’iwwerhuelen.

„Net Angscht maachen. Mee Sécherheet ginn.
Net polariséieren. Mee zesummebréngen.
Net nostalgesch zeréckkucken. Mee mat Wäerter no vir goen.“

Et misst een op der Sich nom Konsens net ëmmer d’selwecht denken, mee zesumme Léisunge fannen. Et dierft een och net all Konflikt eliminéieren, mee Konflikter zesummen ausdroe kënnen. Si huet an hirer Ried en iresche Buergermeeschter zitéiert, deen hir bei senger Visitt zu Lëtzebuerg Follgendes gesot hätt:

„Wat mech hei am meeschte beandrockt huet, ass datt Leit zesummekommen, déi ganz ënnerschiddlech sinn. Verschidde Generatiounen, verschidden Hierkonften, verschidde Kulturen, verschidden Iwwerzeegungen. D’Leit fanne beieneen, a jiddereen ass hei wëllkomm.“

DP Kongress 2026

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm de positive Bilan a puncto Energiepolitik, d’Notze vun ëffentleche Daten, d’Lëtzebuerger Satellitekapazitéiten an d’Tripartite.

weiderliesen...

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...