Photovoltaikanlagen op grousse Parkingen?

Den Energieminister huet rezent an engem Artikel vum enorme Potenzial geschwat, dat d'Parkingen am Land géife bidden, fir Solarstroum ze produzéieren, wann ee se géif iwwerdaachen a PV-Anlagen drop installéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi de Minister wëlles huet dëst Potenzial ze mobiliséieren.

« An engem rezenten Zeitungsartikel huet den Här Minister dat enormt Potenzial fir Solarenergie ugeschwat, dat déi ronn 100 Hektar Parkfläch zu Lëtzebuerg géife bidden, wann een se am Stil vun engem « Carport » géif iwwerdecken a Photovoltaikanlagen drop installéieren.

Donieft huet den Här Minister och annoncéiert, dass eng PV-Anlag op de Killweieren zu Raemerech beim Belval soll installéiert ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

– Wéi gedenkt den Här Minister d’Potenzial vun de Parkflächen ze mobiliséieren ?

– Ginn et scho Pläng fir nei Subside fir d’Geschäfter z’incitéiere fir a) hir Parkfläch z’iwwerdecken a b) Photovoltaikanlagen drop z’installéieren ?

– Wa jo wéi géifen déi ausgesinn ? Fir wéini kéinten se agefouert ginn ?

– Ass virgesinn, änlech dem Solarkataster fir Diecher, och e Plang mam energeetesche Potenzial vu Parkflächen z’erstelle fir rauszefannen, wou et am sënnvollsten ass, Carport-PV-Anlagen opzeriichten ?

– Kann den Här Minister weider Informatioune ginn zum PV-Projet op de Killweieren zu Raemerech ? Fir wéini kann dermat gerechent ginn, dass déi Anlag a Betrib geholl ka ginn ?

– Ginn et nach weider Projete vu PV-Anlagen, déi op Waasserfläche sollen installéiert ginn ? »

Äntwert

Fir dat grousst Potenzial vu PV-Anlagen op Parkflächen ze mobiliséieren ass d’Regierung bis lo virun allem iwwer de Wee vun der Ausschreiwung gefuer, wou effektiv och schonn dräi Projeten den Zouschlag kruten. Donieft si méi kleng Carporten och lo scho bei den Aspeisetariffer eligibel. Wat de Solarkadaster betrëfft, sou géif iwwerluecht ginn, ob et net méiglech wier, dësen net nëmmen op Gebaier ze begrenzen, mee och aner Fläche mat anzebezéien. D’Potenzial fir PV-Anlagen, déi op kënschtleche Gewässer schwammen, wier iwwerdeems éischter geréng zu Lëtzebuerg.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...