Problemer mat verschiddenen RGTR-Buslinnen am Norden

Duerch d'Ofschafe respektiv d'Ëmorganisatioun vu verschiddene Buslinnen am Norden schéngt et zu Schwieregkeeten am Schülertransport komm ze sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat de Minister ënnerhuele wëll.

Als Reaktioun op d’parlamentaresch Fro n°5711 vum 8. Februar 2022 hu sech etlech Leit bei mir gemellt fir mer ze soen, datt et aktuell och an aneren Deeler vum Éislek Problemer gëtt.

Sou wier et och lo fir d’Schüler net méi méiglech fir vu Géisdref direkt op Kautebaach op d’Gare mam Bus ze fueren. Si kréie rekommandéiert fir mam Bus op Wooltz ze fueren oder op d’Giewelsmillen, wat awer méi Zäit kascht an ëmständlech ass.

Doriwwer eraus schéngen aner Linnen, wéi z.B. déi tëscht Baaschtnech a Maarnech, déi ganz dacks den Dag iwwer fueren, däitlech ënnerbelaascht ze sinn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass den Här Minister bereet fir d’Buslinnen am Éislek sou séier wéi méiglech enger allgemenger Iwwerpréiwung ze ënnerzéien, fir se de Bedürfnisser vun de Leit, besonnesch awer vun deene Jonken, déi an d’Schoul fueren, unzepassen?
  • Léisst de Ministère de Moment Zielungen duerchféieren, fir sech méi e geneet Bild iwwer d’Situatioun ze maachen?
  • Ass den Här Minister gewëllt fir de Schüler aus der Gemeng Géisdref entgéintzekommen, déi virun Dezember 2021 direkt op Kautebaach mam Bus konnte fuere fir op Clierf oder an d’Nordstad an de Lycée ze kommen, an den Horaire an hirem Interesse punktuell unzepassen?“

Äntwert

Den honorablen Deputéierten freet ob d’Buslinnen am Éislek géifen iwwerpréift ginn, fir se de Bedürfnisser vun de Leit, a besonnesch deene Jonken, déi an d’Schoul fueren, unzepassen.

Meng Servicer sinn am gaangen zesumme mat de betraffene Gemengen eng adequat Léisung ze fannen, déi och mëttel- an laangfristeg Sënn mécht. An der Tëschenzäit hu mir scho verschidden Upassunge gemaach a schaffe weider drop hin fir jidderengem schnellstméiglech entgéint ze kommen.

Wat Zielungen ugeet, sou mécht d’Verwaltung fir ëffentlechen Transport bei all Schoulrentrée grouss Kontrollen, dëst bei all Campus oder Lycée. Wärend dem Schouljoer ginn punktuell Zielunge gemaach, des op Ufro vum MENJE, vun Elteren/Schüler oder nach vu Busbetriber déi eis a Kenntnis setzen dat et e Problem gëtt.

Folgend Offeren bidden sech de Schüler aus der Gemeng Géisdref un:

  • Linn RGTR 608 bis op Kautebaach an dann op den Zuch ëmklammen fir an de Clierfer Lycée
  • Linn RGTR 610 bis op Giewelsmillen an dann op den Zuch ëmklammen bis an d’Nordstad

Aner oder eventuell direkt Verbindungen missten nach iwwerpréift ginn, och wat d’Zuelen vun de potentiellen Notzer ugeet.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...