D’DP-Fraktioun an der Chamber steet voll a ganz hannert de grousse Reforme vun de Steieren, vum Kannergeld a vun der Kannerbetreiung, déi deemnächst a Kraaft trieden.
Déi liberal Handschrëft bei der grousser Steierreform – eng laangjäreg Fuerderung vun der DP – fousst op der Iwwerzeegung, datt all Mënsch d’Recht op déi selwecht Besteierung huet, esou den Deputéierte Patrick Goldschmidt: „Dat ass ee vun eise Grondprinzippien, datt d’Leit selwer decidéieren, wéi se liewe wëllen, an datt dat keen Nodeel dierf bei der Besteierung hunn. Egal, ob ee bestuet ass, gepacst, gescheet, single, Wittmann oder Wittfra“.


Déi grouss Steierreform, déi éischt zanter 1967, passt sech ganz einfach der Realitéit vun de Mënschen un, déi an de leschte Joerzéngte vill geännert huet. Dobäi ännert sech näischt um Prinzip vum progressive Steierbarème, esou datt Leit mat vill Akommes weider méi bezuelen, wéi Leit mat manner Akommes. D’DP-Fraktioun begréisst ausdrécklech, datt kee Steierzueler eppes wäert vun 2028 u verléieren, de Gros kënnt esouguer besser ewech. D’Reform hätt hire Präis, ma och positiv Repercussiounen op d’Consommatioun, d’Steierrecetten, d’Attraktivitéit vum Land an op den Emploi.
Och d’Reform vun de Familljeleeschtungen (Kannergeld, Chèques-services) ab spéitstens 2027 huet déi voll Ënnerstëtzung vun der DP-Fraktioun. D’Deputéiert Mandy Minella begréisst de sozialen Aspekt, wou déi manner gutt gestallten Eltere méi Hëllef kréien: „D’Kannergeld ass awer keng Sozialhëllef, ma eng Unerkennung fir d’Aarbecht an d’Responsabilitéit vun all den Elteren“.
Fir d’Deputéiert Barbara Agostino geet et bei deene Verbesserunge kloer ëm d’Kanner an ëm d’Chancëgläichheet, wat sech fir d’Elteren op eng Entlaaschtung vun 79 Milliounen Euro d’Joer chiffréiert. De System géing sech der Realitéit um Terrain upassen an net ëmgedréint. An de Betreiungsstrukturen z.B. wäert d’Personal méi Zäit hunn, fir sech ëm d’Kanner ze bekëmmeren: „Zäit ass dat wäertvollst, wat mer de Kanner bidde kënnen“.


Steieren, Famill, Kanner
All dës Reforme gehéieren zesummen, huet d’Deputéiert Corinne Cahen betount: „D’Steierreform mécht d’Reegele méi neutral vis-à-vis vun de Liewensformen. D’Kannergeld ënnerstëtzt d’Familljen direkt. An d’Chéques-service maachen, datt eng gutt Betreiung finanziell méi accessibel gëtt“. Elauter Aspekter am Sënn vun de Kanner. Well fir d’DP dierften d’Chancë vun de Kanner net dovunner ofhänken, a wéi enger Famill si op d’Welt kommen a wéi een Akommes hir Elteren hunn. Deemno wier et richteg a wichteg d’Ënnerstëtzung do unzesetzen, wou se direkt eppes bewierke kann.




