Sonndesaarbecht: pragmatesch Upassung un d’Realitéit

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Vill vun iech dierften sech nach un déi Zäiten erënneren, wéi et zu Lëtzebuerg mol net eng Dosen Televisiounschaînë gouf. Vill Leit si nach mueres an d’Mass a mëttes en Tour trëppele gaang. D’Tankstelle waren nach keng Superetten, ma et gouf Sprit, Zigaretten a Knätsch.  

Antëscht hu sech d’Zesummeliewen an d’Schaffen an eiser Gesellschaft grondleeënd verännert.

An deem Sënn diskutéiere mer den Ament iwwer d’Vereinfachung an d’Flexibiliséierung vun der Sonndesaarbecht a vun den Ëffnungszäiten.

D’DP ënnerstëtzt déi Initiativ vun der Regierung, well se der Liewensrealitéit vun de Mënschen a vun der Wirtschaft entsprécht.

De Client huet haut déi gréissten Epicerie vun der Welt bei sech doheem; den Onlinehandel… 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7. 70 Prozent vun de Lëtzebuerger bestelle reegelméisseg Wueren iwwert den Internet; d’Hallschent dovunner tëscht freides Owes a sonndes Owes.

An deem Kader sollt et méiglech sinn, datt de Commerce zu Lëtzebuerg seng Dieren an Zukunft sonndes kann, an net muss, opmaachen. Schonn haut gëllt deen Dag iwwregens eng Ausnamereegelung fir 80 Prozent vun der Geschäftsfläch am Land. Dës muss awer jeeweils ugefrot ginn, wat een immensen administrativen Opwand ass.

Mir wëlle keng oniwwersiichtlech Derogatioune méi, ma e gesetzleche Kader, dee fir Kloerheet a Gerechtegkeet suergt.

Natierlech spillt et och eng Roll, datt dem Personal seng Aarbecht sonndes an der Reegel mat zousätzleche 70 Prozent a mat fräien Deeg remuneréiert gëtt. Dës Avantagë stellen d’Patronatsverbänn bei der Sonndesaarbecht net a Fro.

Fir déi Beschäftegt ass fräiwëlleg Sonndesaarbecht donieft d’Méiglechkeet, fir och an der Woch Zäit mat hirer Famill a virun allem mat hire Kanner ze verbréngen. Et geet ëm d’Méiglechkeet, en Deel vu senger Fräizäit esou z’organiséieren, wéi een dat am beschten arrangéiert.

Um Enn decidéiert awer de Client, ob a wéini d’Geschäfter opmaachen. Dofir ënnerstëtzt d’DP och eng pragmatesch Approche an dëser Diskussioun. Mat Ideologie komme mer an der Sonndesaarbecht net weider.

En eenheetlecht Gesetz suergt fir méi Gerechtegkeet a kënnt um Enn de Besoine vun enger moderner Gesellschaft, engem kompetitiven Handel a vun de Salariéen entgéint. Et geet an der Fro vun der Sonndesaarbecht also net ëm eng Revolutioun, ma ganz einfach ëm eng Upassung un d’Liewensrealitéit vu jidderengem zu Lëtzebuerg.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...