Stabille Kurs a geziilt Zukunftsinvestitiounen a schwieregen Zäiten

D’DP-Fraktioun huet haut de Bilan vun hirer parlamentarescher Aarbecht fir d’Sessioun 2025/2026 virgestallt. De Fraktiounspresident Gilles Baum huet zesumme mat sengen 13 Deputéiertekolleegen op en intensiivt Joer zeréckgekuckt, dat virun allem vun den Auswierkunge vun enger ugespaanter internationaler Lag gepräägt war.

Der Regierung an den Deputéierte vun der parlamentarescher Majoritéit ass et trotz den dauerhafte Belaaschtungsepreuve gelongen, d’Land op engem séchere Kurs ze halen. De Gilles Baum huet betount, dass an de leschten 12 Méint vill Sue mobiliséiert goufen, fir d’Bierger an d’Wirtschaft direkt an indirekt z’entlaaschten.

Am Mëttelpunkt stoungen d’Kafkraaft, de Logement an d’Ëmwelt. Dës Prioritéite fënnt een och am rezenten Tripartite-Accord erëm. Fir déi liberal Fraktioun sinn déi decidéiert Mesüre keng reng Krisenausgaben, mee essenziell Investitiounen an d’Zukunft, déi de sozialen Zesummenhalt am Land nohalteg sécheren.

Mat Bléck no vir weist sech d’DP-Fraktioun determinéiert a realistesch: Lëtzebuerg wäert och an Zukunft viru groussen Erausfuerderunge stoen. D’Deputéiert wäerten dës Aufgabe mat vollem Asaz, fundéiertem Know-How an um Fundament vun hire Grondwäerter ugoen.

Virun der Press huet de Gilles Baum nach emol de Kärprinzip vun der parlamentarescher Aarbecht vun der DP ënnerstrach. Nëmmen eng gesond a kompetitiv Economie kéint d’Moyenen erwirtschaften, déi fir d’Finanzéierung vu konsequente Sozialmoossname néideg sinn.

„A Krisenzäite war an ass an der Chamber op d’Politik vun der DP Verlooss“, sou de Gilles Baum ofschléissend. „Mir sti fir eng sozial-liberal Politik fir d’Land a fir d’Leit. Eng couragéiert an optimistesch Politik, déi an d’Zukunft vu Lëtzebuerg an un de Potenzial vu senge Biergerinnen a Bierger gleeft.“

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...