André Bauler

Talent attraction zu Lëtzebuerg

Déi lescht Zäit war net einfach. Eis grondleeënd Fräiheeten hu missen am Kader vun der Pandemie-Bekämpfung deelweis begrenzt ginn. Momentan setzt d’Energie-Kris eiser Kafkraaft staark zou.

Eise Wuelstand ass leider keng Selbstverständlechkeet.

Jo, d’Hëllefspäck vun der Regierung hunn d’Leit, d’Betriber an d’Independanten entlaascht. Eise Sozialstaat gouf spierbar gestäerkt an eis Betriber kruten eng wichteg finanziell Stäip. Dës Moossname kaschten de Staat 5,5 Milliarden Euro.

Et ass wichteg, fir sech bewosst ze ginn, dass eise Wuelstand net vun ongeféier kënnt. Éier de Kuch ka verdeelt ginn, muss en nämlech emol fir d‘éischt gebak ginn. Et sinn d’Biergerinnen a Bierger vun dësem Land, an awer och d‘Grenzgänger, déi an engem Betrib, am ëffëntlechen Dëngscht, oder selbstänneg schaffen; déi e Méiwäert schafen an domat eise Wuelstand sécheren.

Lëtzebuerg muss an deem Sënn weider attraktiv bleiwen, fir Talenter unzezéien. Mir stinn nämlech an direkter Konkurrenz mam Ausland. Sou ass Lëtzebuerg rezent am IMD Welt-Talent-Rapport ëm véier Plaze gefall.

D’Attraktioun vun Talenter ass besonnesch wichteg, fir eis Finanzplaz weider z’entwécklen a fir de Kuch, dee mer verdeele kënnen, méi grouss ze maachen.  

Well mer dat leng net schëllere kënnen, musse mir verstäerkt Leit op Lëtzebuerg kréien, déi effektiv duerch hire Know-How an hiren Innovatiounsgeescht d’Finanzplaz no vir bréngen. Leit, déi deementspriechend bezuelt ginn, an och deementspriechend Steiere bezuelen.

D’Finanzplaz ass awer do nëmmen eeBeispill. Och a villen anere Beräicher brauche mir  qualifizéiert a kompetent Aarbechtskräften. Sief dat an der Medezin, am Handwierk, an der Industrie oder generell am Déngschtleeschtungssekteur. D’Politik muss dat néidegt Ëmfeld schafen, fir dës Leit verstäerkt op Lëtzebuerg unzezéien. Well et sinn déi schaffend Leit, déi d’Fundament vun eisem Wuelstand a vun eisem Sozialstaat ausmaachen. Dat sollte mir, iert mir verdeelen, net aus den Ae verléieren. An deem Sënn wënschen ech iech alleguer e glécklecht a gesond neit Joer 2023.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...