Vermisste Personen in Luxemburg

Hin und wieder kommt die Nachricht, dass eine Person, oft auch eine minderjährige Person, vermisst wird. Bei letzterem hatte man das Gefühl, diese Zahl sei in letzter Zeit gestiegen. Wie viele Menschen wurden in den letzten Jahren vermisst? Wie schnell werden diese Personen wiedergefunden? Wann wird ein AMBER Alert gestartet? Können öffentliche Verkehrsmittel bei der Suche nach vermissten Personen helfen? Unsere Abgeordneten Claude Lamberty und Carole Hartmann haben nachgefragt.

« Duerch d’Press grad wéi op de gängege soziale Medien gëtt d’Bevëlkerung ëmmer mol erëm op vermësste Persounen opmierksam gemaach, a gefrot Mathëllef ze leeschten a méiglech Informatiounen zum Verschwanne vun enger Persoun weiderzereechen. Eleng tëschent dem 22ten an dem 26ten August, sinn 3 Messagen erausgaange fir jonk Meedercher am Alter tëschent 13 a 14 Joer erëmzefannen.

Wärend d’Fotoe vun de Meedercher op Lëtzebuerger Noriichteportaler an op de soziale Netzwierker kurséiert sinn, ware se um Site vun der Police an der Kategorie zu den Ëffentlechkeetsfahndungen an de vermësste Persounen zwar och affichéiert, allerdéngs nëmmen wann een de Site a franséicher Sprooch opgeruff huet.

Fir Fäll an deenen d’Police bei engem Mannerjärege vun enger sougenannter ‚disparition inquiétante‘ ausgeet, gëtt en AMBER Alert ausgeléist. Laut engem Bäitrag um Internet Site vun enger nationaler Radio- an Televisiounschaîne géif d’Administration judiciaire all Verschwanne vun engem Mannerjäregen als beonrouegend consideréieren. Säit des Initiativ 2016 gegrënnt ginn ass, wier allerdéngs eréischt een eenzegen Amber Alert ausgeléist ginn. Deemno waren och rezent Meldungen op dësem Site net affichéiert.

An deem Kader wollte mir der Madamm Justizministesch an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Vermësstemeldunge goufen et zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht 10 Joer?
  • Wéi vill dovunner ware Mineuren?
  • A wéi vill Prozent vun de Fäll konnten d’Persounen erëmfonnt ginn, an a wat fir engem Zäitraum?
  • Wat sinn déi heefegste Grënn fir Disparitiounen?
  • Ginn den Internet Site vun der Police an de Site vum AMBER Alert am Fall vu Vermësstemeldungen reegelméisseg a komplett à jour gesat?
  • Falls nee, wisou net?
  • Um Site vun AMBER Alert kann een sech umelle fir dës Alerten iwwer sozial Netzwierker ze kréien. Fannen d’Madamm an den Här Minister et effikass, dass de Public sech proaktiv fir dës Message muss umellen ?
  • Wéi vill Leit si bis dato fir dës Meldungen enregistréiert?
  • Wéi stinn d’Madamm an der Här Minister dozou an all Fall vun enger Vermësstemeldung Ecranen am ëffentlechen Transport anzesetze fir d’Sich no de vermësste Leit méi wäit auszebreeden?
  • Ab wéini gëtt am Fall vun engem vermësste Mineur d’Kooperatioun mat Europol an Interpol lancéiert?»

Antwort

Wéi vill Vermësstemeldunge goufen et zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht 10 Joer? 

Wéi vill dovunner ware Mineuren? 

Déi folgend Tabelle ginn déi gefroten Zuelen un. Et ass ze bemierken, dass net all Vermësstemeldung ëffentlech gemaach gëtt. De Choix vun enger ëffentlecher Vermësstemeldung gëtt au cas par cas tëscht Police a Parquet gekuckt.

A wéi vill Prozent vun de Fäll konnten d’Persounen erëmfonnt ginn, an a wat fir engem Zäitraum? 

Et ass aus aus verschiddene Grënn net méiglech, konkret Zuelen unzeginn. 

Éischtens, tauche verschidde vermësste Persounen relativ séier erëm op, wat d’Famill déi d’Disparitioun signaléiert huet awer net der Police matdeelt. Dëst huet awer weider keng Inzidenz op d’Policeaarbecht, déi ëmmer kloren Virgabe bei enger Vermësstemeldung follegt. De Suivi vun enger Vermësstemeldung ass doduerch ëmmer assuréiert, a jee nodeems wéi se agestuuft ginn ass, kann et dann och zu enger Enquête judiciaire ënnert der Responsabilitéit vun de Justizautoritéite kommen. 

Zweetens, erméiglecht d’Datebank vun der Police et net, statistesch en direkte Lien tëschent de Vermësstemeldungen an dem rëm Opfanne vun enger als vermësst gemellte Persoun hierzestellen. 

Drëttens, gëtt den informatesche System vun de Justizautoritéiten d’Reapparitiounen net ëmmer hir, vu datt d’Police Rapporten déi mentionéieren, datt d’Persoun erëm fonnt gouf, zum Deel un aner Rapporten annexéiert ginn.

Wat sinn déi heefegste Grënn fir Disparitiounen? 

Dës Grënn kënne ganz ënnerschiddlech sinn, esou datt et schwiereg ass, eng kloer Tendenz ze identifizéieren. 

Bei Mannerjäregen handelt et sech oft ëm Fuguen a se kommen no 24-48 Stonnen erëm heem. A verschiddene Fäll verschwannen d’Mannerjäreger wéinst Onwuelbefannen oder bei Konflikter am familiären Ëmfeld. All Fall gëtt der Police gemellt, de Parquet gëtt informéiert a Recherchë ginn an d’Weeër geleed. 

Bei Erwuessene kënnen d’Grënn och ganz divers sinn. Verschidde Persoune wëllen sech vun hirem Ëmfeld an hirer Famill distanzéieren, anerer hunn eng Bekanntschaft gemaach, déi se nach net offizialiséiere wëllen. Schlussendlech gëtt et och nach de Fall vun eelere Persounen déi hir Wunneng net méi erëm fannen. 

Ausserdeem muss bemierkt ginn, datt wann eng Persoun erëm fonnt gëtt an awer net wëll datt hir Famill doriwwer informéiert, d’Justizautoritéiten dëse Wonsch respektéiere mussen. An deem Fall gëtt d’Famill informéiert, datt d’Persoun erëm fonnt gouf, mee keng weider Informatioune geliwwert.

Ginn den Internet Site vun der Police an de Site vum AMBER Alert am Fall vu Vermësstemeldungen reegelméisseg a komplett à jour gesat? 

Falls nee, wisou net? 

D’Police versicht bei ëffentleche Vermësstemeldunge stets dës esou gutt ewéi méiglech ze verbreeden. E wichtegen a fiabele Partner stellt an dëse Fäll d’Press duer, déi dofir suergt, datt d’Meldungen séier a wäit verbreet ginn. D’Police berifft sech awer och op hir eegen Outilen. Dozou gehéieren niewent enger Pressematdeelung d’sozial Medien. Esou gëtt all ëffentlech Vermësstemeldung op der Säit vun der Police op Facebook an Twitter publizéiert. Dëst si bei wäitem déi effizientst Outilen. Elleng op Facebook ginn an der Moyenne ronn 25.000 Leit mat enger Meldung erreecht. Den Internetsite vun der Police gëtt bei wäitem net esou vill consultéiert wéi d’sozial Medien. Am Prinzip ginn awer all déi ëffentlech Vermësstemeldungen op Police.lu publizéiert. Et waren effektiv net ëmmer alleguerten d’Meldunge parallel op der Police hirer englescher an däitscher Versioun visibel. Dëst ass entretemps awer assuréiert. 

De Site vun Amber Alert gëtt just dann à jour gesat, wann och en Amber Alert ausgeléist gëtt. Am Prinzip geschitt dat bei engem vermësste Mineur, wou ee kann dovun ausgoen, datt d’Liewe vum Kand a Gefor ass. D’Decisioun, den Amber Alert auszeléisen, gëtt vun der Police zesumme mam Parquet getraff.

Um Site vun AMBER Alert kann een sech umelle fir dës Alerten iwwer sozial Netzwierker ze kréien. Fannen d’Madamm an den Här Minister et effikass, dass de Public sech proaktiv fir dës Message muss umellen ? 

Wéi vill Leit si bis dato fir dës Meldungen enregistréiert? 

Amber Alert bitt de Leit verschidde Méiglechkeeten, sech ze enregistréieren, dorënner d’Aschreiwung op eng Newsletter. Hei si momentan 1.188 Leit enregistréiert. Dës Leit kréie bei engem Amber Alert e Mail geschéckt. Och hei muss ee soen, datt d’sozial Medien awer méi effizient sinn. Gëtt zu Lëtzebuerg en Amber Alert ausgeléist, kritt automatesch all Persoun op Facebook, déi hei am Land ageloggt ass, ob Resident oder net, eng Notifikatioun, och wa se néierens enregistréiert ass. 

Wéi stinn d’Madamm an der Här Minister dozou an all Fall vun enger Vermësstemeldung Ecranen am ëffentlechen Transport anzesetze fir d’Sich no de vermësste Leit méi wäit auszebreeden?

Dës Mesure kéint am Prinzip en effikasse Moyen duerstelle fir vermësste Persoune besser kënnen erëm ze fannen, vu datt d’Vermësstemeldung esou potentiell méi Visibilitéit kritt. 

Ab wéini gëtt am Fall vun engem vermësste Mineur d’Kooperatioun mat Europol an Interpol lancéiert?» 

E vermësste Mineur gëtt nëmmen national an am Schengen Information System (SIS) signaliséiert („zur Fahndung ausgeschrieben“). Europol an Interpol ginn net direkt mat implizéiert. Et ass awer méiglech, de vermësste Mineur am Interpol System ze signaliséieren, wann et e Verdacht gëtt, dass d’Persoun sech ausserhalb vum Schengenraum kéint ophalen. Dëst kann awer just gemaach ginn op Decisioun vum Parquet. 

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Kanner App Bildung

Rückversetzung von Grundschullehrern in ihre Gemeinde

Die DP-Abgeordneten Gilles Baum und Barbara Agostino haben dem Minister für Bildung Fragen bezüglich der Neuzuweisung von Grundschullehrern in ihre Gemeinde gestellt. Sie wollten unter anderem wissen, wie viele Stellen in den letzten fünf Jahren auf der Liste 1bis ausgeschrieben wurden, wie die Vorgehensweise bei der Priorisierung der Bewerber ist und ob generell die Gemeinden weiterhin für die Nominierung der Liste 1 zuständig sein sollten.

weiterlesen...

Rettungshubschrauber am Nordkrankenhaus

Die DP-Abgeordneten André Bauler und Gusty Graas haben der Gesundheitsministerin und dem Innenminister Fragen zu den in den letzten Jahren häufig eingesetzten Rettungshubschraubern am Nordkrankenhaus gestellt. Sie wollten unter anderem wissen, wie die Finanzierung geregelt ist, wie oft sie über die Landesgrenzen hinaus eingesetzt wurden und ob mittelfristig geplant ist, einen neuen Standort für die Hubschrauber zu finden.

weiterlesen...

Einsamkeit in Luxemburg?

Einsamkeit wird zu einem immer größeren gesellschaftlichen Problem. Laut einer Studie sind allein in Deutschland Millionen Menschen betroffen. Die DP-Abgeordneten André Bauler und Mandy Minella haben beim Familienminister nachgefragt, wie er das Problem der Einsamkeit in Luxemburg sieht und welche Maßnahmen das Ministerium ergreift, um dagegen anzugehen.

weiterlesen...

Sollte der „Plan Canicule“ überarbeitet werden?

Vor dem Hintergrund der neuen Empfehlungen des deutschen Gesundheitsministers, um Kliniken und Pflegeheime besser auf Hitzewellen vorzubereiten, haben die DP-Abgeordneten André Bauler und Dr Gérard Schockmel bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, ob auch hier in Luxemburg der „Plan Canicule“ angepasst werden sollte.

weiterlesen...