Wäermt vu Rechenzentren notze fir ze hëtzen ?

Duerch d'Entwécklung vun der KI gëtt ëmmer méi Rechekapazitéit gebraucht. Op verschiddene Plazen an der EU gëtt d'Wäermt vu Rechenzentre genotzt fir privat oder ëffentlech Gebaier ze hëtzen. D' DP - Deputéiert Corinne Cahen a Luc Emering hu bei de zoustännege Ministeren nogefrot, ob et zu Lëtzebuerg änlech Projeten oder Pläng gëtt, fir d’Wäermt vun existente Rechenzentren an ënnert anerem de Meluxina-Supercomputeren nohalteg ze notzen.

Fro

„Zanter Ufank des Jores si laut dem däitschen Energieeffizienzgesetz d’Entreprisen ab enger
gewësser Gréisstenuerdnung dozou verpflicht, de Volume vun der Wäermt (Abwärme), déi se
produzéieren, ze mellen. Nei Rechenzentren, déi an Däitschland no Juli 2026 a Betrib ginn, si
souguer dozou verpflicht, en Deel vun hirer Wäermt déi se produzéieren, weiderzeverdeelen.


Des Wäermt, déi vu Rechenzentre generéiert gëtt an am Moment dacks einfach an d’Loft geblose
gëtt, representéiert e grousst Potenzial, déi een notze kann, fir ganz Gebaier ze hëtzen. Fuerscher
vum Institut fir Energiewirtschaft vun der Universitéit Stuttgart behaapten, dass duerch
d’Entwécklung vun der KI een dovun ausgoe muss, dass sech d’Rechenzentrumskapazitéit bis
2030 verduebele soll, wéi och d’Produktioun vu Wäermt déi se generéieren.


A Stuttgart ass den Ausbau vun esou engem Rechenzentrum virgesinn. D‘Wäermt déi e generéiert
soll genotzt gi, fir d’Uni ze hëtzen. Heiduerch wëll een tëschent 40 a 50% un Energie, an deemno
och un CO2 Ausstéiss, spueren. Do wou een Uschloss un d’Wärmenetz méiglech ass, mengen
d’Fuerscher, dass verschidden däitsch Stied, eleng iwwer hir Rechenzentren, mat genuch Hëtzt
kënne versuergt ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe
stellen:

  1. Ginn et aktuell Pläng oder Projeten zu Lëtzebuerg, fir Wäermt vun existente Rechenzentren
    ze notze fir ëeentlech oder privat Gebaier ze hëtzen?
  2. Lëtzebuerg huet schonn e puer Rechenzentren a Supercomputeren a kritt der nach e puer
    bäi an nächster Zäit: de Meluxina HPC, de Meluxina-AI an de Meluxina-Q produzéiere vill
    Wäermt. Huet de Minister an dësem Kontext Kontakt mat LuxConnect? Falls de Projet vum
    Rechenzenter vu Google géing kommen, gëtt do och dru geduecht, déi produzéiert
    Wäermt ze benotzen?
  3. Wéi schätzt de Minister d’Potential fir d’Notzung vu Wäermt vu Rechenzentren zu
    Lëtzebuerg an?
  4. Plangt d’Regierung Rechenzentren hei zu Lëtzebuerg dozou ze verflichten hir generéiert
    Wäermt nohalteg ze notzen?“

Äntwert

Aus de reegelméissegen Echangë mat den Acteuren aus dem Secteur vun den Datenzentere geet ervir datt deelweis d’Ofwäermt scho genotzt gëtt an datt et Potential gëtt fir weider Projeten an deem Sënn. Zum Beispill gëtt vu LuxConnect zu Beetebuerg, wou net wäit vum Datenzenter e Bauprojet  entsteet, envisagéiert Ofwäermt ze notze fir nei Gebaier ze hëtzen. Op sengem Site zu Biissen notzt LuxConnect d’Ofwäermt vun der Kiowatt Anlag déi direkt niewendrun ass, fir hir Serveren ze killen.

D’Projete vun de Supercomputere Meluxina AI a Meluxina Q wäerten a bestoenden Datenzentren hebergéiert ginn.

Mat der neier Energieeffizienz-Direktiv gi verschidden Obligatioune fir gréisser Datenzentren agefouert, wat de Monitoring, de Reporting an d’Notze vun der Ofwäermt duerch d’Datenzentre selwer, oder duerch aner Acteuren an der Ëmgéigend, betrëfft.

Grondsätzlech stellt d’Ofwäermt vu Rechenzentren déi nach net genotzt gëtt a wou e Besoin fir Wäermt an der Ëmgéigend besteet en interessant Potential duer. Eng quantitativ Schätzung op nationalem Niveau läit aktuell net vir. Op Basis vun den zukünftegen Ufuerderungen a punkto Monitoring an Notzung vun Ofwäermt, wäerten d’Donnéeën zum Ofwäermtpotential vun Datenzentren an de nationale Wäermekadaster agespeist ginn a wäerten dann am Kader vun der Wäermeplanung op kommunalem an nationalem Niveau zur Verfügung stoen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...

Wéi vill Frae gi wärend der Schwangerschaft an Dispens gesat ?

D’Aarbechtsrecht gesäit vir, datt schwanger Fraen op der Aarbecht verschidden Tâchen net iwwerhuelen dierfen. D’Gesetz gesäit dofir een Amenagement vun der Aarbechtsplaz vir oder eng Reaffektatioun op een anere Posten. Ass béides net méiglech, da muss d’Fra an Dispens gesat ginn.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Frae pro Secteur an Dispens gesat ginn, wéi oft ee Recours géint eng Dispens vum Patron agereecht gouf an opgrond vu wéi enge konkrete Krittären d’Aarbechtsdokteren eng Dispens decidéieren.

weiderliesen...

Sollten den LNS a Privatlaboe bei Biopsien net méi zesummeschaffen?

Fir der laanger Waardezäit bei der Analyse vu Biopsien entgéint ze wierken, huet den LNS, deen hei ee Monopol huet, eng Rei Mesüren en place gesat.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi een Impakt dës Mesüren op d’Waardezäiten haten an ob net awer eng gréisser Zesummenaarbecht mat Privatlaboen envisagéiert sollt gi fir d’Delaie weider ze verkierzen.

weiderliesen...

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...