Wat ass de provisoresche Bilan vun de sektorielle Klimaziler fir 2021?

D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat de provisoresche Bilan vun de sektorielle Klimaziler fir 2021 ass.

„Mam Klimagesetz vum 15. Dezember 2020 sinn déi sektoriell Klimaziler geschafe ginn, déi duerch e Règlement Grand-Ducal fir d’Jore 2021-2030 präziséiert goufen. De provisoresche Bilan fir d’Joer 2021 soll Enn Juli 2022 festgehale ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit de provisoresche Bilan fir 2021 aus?
  • Ass et méiglech, scho virleefeg Konklusiounen ze zéien?“

Äntwert

De provisoresche Bilan vun den Zäregasemissiounen fir d’Joer 2021 gouf, esou wéi vum règlement grand-ducal vum 22. Juni 2022 iwwer déi järlech Emissiounsallokatiounen virgesinn, Enn Juli 2022 publizéiert.

Dëse Bilan weist datt d’Emissiounen am Joer 2021, mat 8 089 050 Tonnen équivalent CO2, ronn 20% ënner dem Niveau vum Referenzjoer 2005 leien. D’Emissiounen sinn 1,1% (90 000 Tonnen équivalent CO2) ënner der Emissiounsallokatioun fir 2021 bliwwen. D’Emissiounsreduktiounszil fir 2021 gouf soumat erreecht.

Wat déi eenzel Secteuren ugeet, gouf d’Emissiounsallokatioun am Secteur « transports », deen 61% vun de Gesamtemissiounen duerstellt, respektéiert. Dat selwecht gëllt fir d’Secteuren « agriculture et sylviculture » an « traitement des déchets et des eaux usées », während d’Emissiounsallokatiounen an de Secteuren « industries de l’énergie et manufacturières, construction » an « bâtiments résidentiels et tertiaires » depasséiert goufen.

Den detailléierten provisoresche Bilan vun den Zäregasemissiounen fir d’Joer 2021 ass ënner folgendem Link publizéiert:

https://environnement.public.lu/fr/loft/air/inventaires-emissions/inventaire-ges/proxi-ges.html

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...