„Op der Léier tëscht der Hierheck a Groussbus ass et viru kuerzem zu engem Accident komm, wéi eng Persoun un der Hierheck erfort koum an eng aner Persoun bei engem Haus eraus gefuer ass. Et gëtt op dësem Lieu-dit effektiv e Problem vu Visibilitéit. D’Situatioun ass esou oniwwersiichtlech, datt reegelméisseg do Accidenter geschéien, zemol well sech net ëmmer un déi virgeschriwwe Vitess gehale gëtt.
Zwar huet sech duerch de Radar ënnen ob der Léier d’Situatioun verbessert, ma uewen ob der Kräizung N12-CR345 fir op Dellen gëtt dacks nees op d‘Gaspedall gedréckt.
Viru Jore war geplangt ginn fir ob dëser Kräizung déi ganz Situatioun ze änneren bzw. ze verbesseren, mee et ass bis elo nach näischt geschitt. Et wier awer Terrain do fir ze tauschen.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Gëtt et mëttlerweil eng konkret Léisung fir d’Situatioun op der Léier z’entschäerfen?
- Wa jo, bis wéini kéint ee Projet ëmgesat sinn?“