Wat sinn der CFL hir Pläng fir déi historesch Lokomotiv 5519?

D'Lokomotiv 5519 ass déi lescht lëtzebuergesch Damplokomotiv, déi nach operationell ass. Allerdéngs dierf se net méi op dem Lëtzebuerger Schinnennetz fueren, well se net mam ETCS Sécherheetssystem equipéiert ass. Och hir véier "Wegmann"-Waggonen dierfen aus Sécherheetsgrënn net méi fueren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat d'Pläng fir d'Lokomotiv sinn, ob se an Zukunft rëm fueren dierf oder ob se vläicht der Ëffentlechkeet am Kader vun engem neien Zuchmusée zougänglech gemaach ka ginn.

« La locomotive 5519, dont les CFL sont propriétaires, est non seulement une des plus anciennes locomotives luxembourgeoises, mais également la dernière locomotive à vapeur à être toujours opérationnelle.

Cependant l’avenir de cette locomotive historique semble incertain. En effet, depuis 2014 ses wagons « Wegmann » ne peuvent plus être utilisés pour des raisons de sécurité, avec la conséquence que seulement très peu de courses ont été effectuées depuis lors. De plus, la locomotive n’est pas équipée du système de sécurité ETCS, ce qui l’empêche de circuler sur le réseau luxembourgeois.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics et à Madame la Ministre de la Culture :

– Est-il prévu d’équiper la locomotive 5519 du système de sécurité ETCS ? Dans l’affirmative, pour quand les travaux y relatifs pourront-ils être terminés ?

– Quel est l’état d’avancement de la rénovation des quatre wagons « Wegmann » ? Pour quand les travaux y relatifs pourront-ils être achevés ?

– De quelle manière l’association sans but lucratif « 5519 », créée le 15 avril 1987 et qui s’investit depuis lors avec beaucoup d’engagement pour la conservation et la restauration de la locomotive 5519, sera-t-elle à l’avenir soutenue financièrement et logistiquement ?

Un nouveau hall à Pétange a été récemment aménagé pour héberger du vieux matériel ferroviaire. Peut-on en conclure que cette infrastructure pourrait servir dans l’avenir de musée sur l’histoire des chemins de fer au Luxembourg, où la locomotive 5519 pourrait également être présentée au public ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...