Wéi eng Doktere feelen am Land?

Zu Lëtzebuerg feelt et un Dokteren. Dat provozéiert laang Waardezäiten a wäit Deplacementer fir d’Patienten. Den André Bauler an de Gilles Baum, Deputéiert vun der DP, hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob gewosst ass, wéi vill Dokteren aus all Fachrichtung zu Lëtzebuerg schaffen, a wéi vill Dokteren an de leschte fënnef bäikomm oder an d’Pensioun gaange sinn.

Fro

„Ee Manktem u Pediateren am Norde vum Land, huet Ugangs Abrëll dozou gefouert, datt d’Maternité vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu Ettelbréck temporär huet missen zoumaachen.

Mee zu Lëtzebuerg feelt et net nëmmen u Pediateren. Och Dokteren aus anere Fachrichtungen si betraff, ob Generalisten oder Spezialisten. Bei enger Bevëlkerung, déi all Joer ëm 10.000 bis 13.000 Persoune wiisst, féiert dat zu laange Waardezäiten a wäiten Deplacementer.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froen zur allgemenger medezinescher Demographie stellen:

  • An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro (N°2786) gouf am Oktober 2020 ugekënnegt, datt Aarbechte géife lafen fir de „Registre professionnel“ z’adaptéieren. Dat mam Zil an Zukunft d’Zuel vu Medezinner no Fachrichtung z’ermëttelen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht wäerte ginn. Madamm Ministesch, sinn dës Aarbechten ofgeschloss?
  • Wa jo, kann d’Madamm Ministesch eis matdeelen, wéi vill Dokteren aktuell, no Fachrichtung opgeschlësselt, hei am Land schaffen?
  • Wéi vill Dokteren sinn an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg bäikomm a wéi vill sinn der an d’Pensioun gaangen, wa méiglech no Fachrichtung opgeschlësselt?
  • Wéi sinn d’Dokteren op déi verschidde Regiounen am Land verdeelt, opgeschlësselt no Fachrichtung?
  • Wéi vill Patiente goufen an de leschte fënnef Joer an de Spideeler a wéi vill an den Dokteschcabineten, opgeschlësselt no Fachrichtung, behandelt? “

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Drénkwaasser aus der Musel?

Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d’Waasserqualitéit vun der Musel steet.

weiderliesen...

Erweiderung vun der Doudesstrof am Belarus

Den 18 Mäerz vun dësem Joer huet de Belarus per Dekret d’Méiglechkeet mat der Doudesstrof bestroft ze ginn erweidert, sou dass elo net méi nëmmen d’Acteure vun engem terroristeschen Akt, mee och schonn d’Tentative vun esou engem Akt mat der Doudesstrof kënne bestrooft ginn. D’Oppositioun gesäit an dëser Decisioun de Versuch d’fräi Meenungsäusserung an d’Géigner vun der Regierung ze ënnerdrécken. Wéi soll een dës Situatioun aschätzen? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...