Question
„Ee Manktem u Pediateren am Norde vum Land, huet Ugangs Abrëll dozou gefouert, datt d’Maternité vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN) zu Ettelbréck temporär huet missen zoumaachen.
Mee zu Lëtzebuerg feelt et net nëmmen u Pediateren. Och Dokteren aus anere Fachrichtungen si betraff, ob Generalisten oder Spezialisten. Bei enger Bevëlkerung, déi all Joer ëm 10.000 bis 13.000 Persoune wiisst, féiert dat zu laange Waardezäiten a wäiten Deplacementer.
An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froen zur allgemenger medezinescher Demographie stellen:
- An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro (N°2786) gouf am Oktober 2020 ugekënnegt, datt Aarbechte géife lafen fir de „Registre professionnel“ z’adaptéieren. Dat mam Zil an Zukunft d’Zuel vu Medezinner no Fachrichtung z’ermëttelen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht wäerte ginn. Madamm Ministesch, sinn dës Aarbechten ofgeschloss?
- Wa jo, kann d’Madamm Ministesch eis matdeelen, wéi vill Dokteren aktuell, no Fachrichtung opgeschlësselt, hei am Land schaffen?
- Wéi vill Dokteren sinn an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg bäikomm a wéi vill sinn der an d’Pensioun gaangen, wa méiglech no Fachrichtung opgeschlësselt?
- Wéi sinn d’Dokteren op déi verschidde Regiounen am Land verdeelt, opgeschlësselt no Fachrichtung?
- Wéi vill Patiente goufen an de leschte fënnef Joer an de Spideeler a wéi vill an den Dokteschcabineten, opgeschlësselt no Fachrichtung, behandelt? “