Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

Fro

Zanter dass et de SAMU gëtt, fiert ëmmer en Anästhesist an en Infirmier en anesthésie-réanimation mat. Eis ass elo zu Ouere komm, dass de CGDIS d’Dier opmécht, fir dass och Generalisten oder Urgentiste kënne SAMU fueren, amplaz vun Anästhesisten. Am Ausland goufen och ewell esou Mesüre geholl, well et do net genuch Anästhesiste ginn. Dat ass awer hei zu Lëtzebuerg net de Fall.

An deem Kader wollte mir dem Här Inneminister an der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen:

  • Sinn den Här an d’Madamm Minister der Meenung, dass d’Qualitéit vun de Soinen déi selwecht ass, egal ob en Anästhesist oder en aneren Dokter um SAMU fiert?
  • Aus wéi enge Grënn ware bis haut ëmmer nëmmen Anästhesisten um SAMU?
  • Goufen d’Médecins spécialistes en anesthésie-réanimation consultéiert éier dass de CGDIS déi Decisioun geholl huet ? A wa jo, wat war hier Meenung ?
  • Sinn d‘Ministeren net der Meenung, dass d’Anästhesisten besser ausgebilt si fir z.B. Kanner ze behandelen, respektiv fir eng Persoun ze intubéieren?
  • Wa keng Anästhesiste méi um SAMU fueren, wéi ass et da mat den Infirmiers en anesthésie-réanimation, déi am Prinzip just am Binôme mam Anästhesist kënne schaffen?
  • Gedenken d’Ministeren de CGDIS ze bieden, nach eemol iwwer dës Decisioun nozedenken?

Äntwert

Mam Gesetz vum 27. Mäerz 2018 iwwert d’Organisatioun vun der ziviller Sécherheet gouf de SAMU (Service d’aide médicale urgente) an de CGDIS integréiert. D’Koordinatioun an d’Gestioun vum SAMU gëtt vun der Direction médicale et de la santé (DMS) vum CGDIS assuréiert.

Den Artikel 88 vum uewe genannte Gesetz gesäit fir, datt de CGDIS e sougenannten « Référentiel de ressources et d’organisation pour le SAMU » erstellt an datt heizou den Avis vun enger repräsentativer Organisatioun vun de SAMU’s Doktere gefrot muss ginn.

De Référentiel a senger aktueller Form gouf de 16. November 2018 vum Verwaltungsrot vum CGDIS ugeholl. E reegelt d’Qualifikatioun vum SAMU’s Dokter : « Le médecin SAMU est un spécialiste en anesthésie-réanimation ou en anesthésiologie autorisé à exercer la médecine au Luxembourg par le ministre ayant la Santé dans ses attributions. » 

Vu datt de Référentiel a senger aktueller Versioun vum 16. November 2018 nach ëmmer a Kraaft ass, gëtt et bis zum haitegen Zäitpunkt keng Entscheedung vum CGDIS, datt e SAMU’s Dokter eng aner Qualifikatioun soll hu wéi déi vun engem Anästhesiste-Réanimateur.  Laut Informatioune vum CGDIS schafft d’DMS de Moment zesumme mat Vertrieder vun de SAMU’s Dokteren un hierem Kompetenz-Katalog. Sollt et an deem Kontext zu enger Ännerung vun der Qualifikatioun vum SAMU’s Dokter kommen, esou muss déi am Référentiel vum Verwaltungsrot festgehale ginn. De Cercle des médecins anesthésistes-réanimateurs du Grand-Duché de Luxembourg gëtt an deem Fall och ëm säin Avis gefrot.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...