Wéi geet et mat der Vëlospist PC22 tëscht Dikrech a Veiane virun?

Den Ausbau vun der Vëlospist PC22 schéngt virun allem wéinst Terrainen, déi feelen, net virun ze goen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wou deen Dossier drun ass.

Et ass scho méi laang gewosst, datt et Problemer gëtt beim Akaf vun Terrainen am Bleesdall (Gemeng Tandel) fir d’Vëlospist PC22 vun Dikrech op Veianen z’amenagéieren. Et wier awer duerchaus méiglech schonn en Deelstéck vun dëser Pist ze verwierklechen, an zwar vu Gilsdref bis an d’Selz.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wou ass dëse Projet de Moment drun? Läit e komplett op Äis oder gëtt d’Planung iwwerschafft?
  • Sinn entre-temps nees Gespréicher mat de betraffene Besëtzer vun Terrainen, déi gebraucht ginn, fir d’Vëlospist vu Gilsdref bis op Fouhren ze verlängeren an da vun do aus un déi al Eisebunnslinn vum „Benny“ unzeschléissen, gefouert ginn? Wa jo, wat sinn d’Konklusiounen?
  • Wéi héich wier de geschate Käschtepunkt, wa sech dëse Projet konkretiséiere géif?“

Äntwert

Wou ass dëse Projet de Moment drun? Läit e komplett op Äis oder gëtt d’Planung iwwerschafft?

Den Ausschreiwungsdossier zum Projet ass am gaange finaliséiert ze ginn. Am Abléck ginn déi viraussiichtlech Käschte vun dësem Infrastrukturprojet am Respekt zu deenen aktuelle massiven Haussë beim Material a vun der Energie ugepasst.

Sinn entre-temps nees Gespréicher mat de betraffenen Besëtzer vun Terrainen, déi gebraucht ginn, fir d’Vëlospist vu Gilsdref bis op Fouhren ze verlängeren an da vun do aus un déi al Eisebunnslinn vum „Benny“ unzeschléissen, gefouert ginn? Wa jo, wat sinn d’Konklusiounen?

D’Missioun fir di néideg Terrainen ze kafen, läit am Zoustännegkeetsberäich vum Comité d’Acquisition beim Finanzministère. Mengen Informatiounen no kommen d’Verhandlunge mat de jeeweilege Besëtzer awer gutt virun.

Wéi héich wier de geschate Käschtepunkt, wa sech dëse Projet konkretiséiere géif?

De viraussiichtleche Käschtepunkt vum Vëloswee tëschent der Bleesbréck a Furen beleeft sech op ronn 2 Milliounen Euro. Dëse Montant beinhalt weder d’Käschte vun den Emprisen nach weider Haussë op de Materialien an der Energie.

Zum Ofschnëtt vun der Vëlospist PC22 vu Gilsdref/Dikrech bis op d’Bleesbréck wier nach ze bemierken, dass dësen Deel fréistens 2025 realiséiert ka ginn. Dëst am Kader vum zweete Lous vum Amenagement vun der “Rue Clairefontaine” tëscht Dikrech an der Bleesbréck.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...